En neit Muséeskonzept
Dat neit Muséeskonzept soll e moderne Bléck op d’Liewen an d‘Traditioune vu Fréier werfen. Nieft dem Abléck an den Alldag op der Musel ëm d’19. an dat fréit 20. Jh, huet dësen Usaz och besonnesch den Usproch eng Bréck tëschent Vergaangenheet a Géigewaart ze bauen. Ëmweltfroen, de Stellewäert vum Handwierk an eiser haiteger Gesellschaft an och d‘Migratioun sinn nëmmen e puer vun den Themen déi am Musée eng Plaz fanne wäerten.
Déi nei Museographie proposéiert verschidde Liesebene fir de Musée engem gréisst méiglechem Publikum zougänglech ze maachen. De Visiteur steet heibäi am Mëttelpunkt vum Erliefnis. Nieft enger permanenter an enger temporärer Ausstellung an engem immersive Beräich gëtt de Musée zousätzlech durch e Co-Creativen Espace ergänzt, wou Konschthandwierker eng besonnesch Plaz fannen. Generatiounsiwwergräifend Atelieren sinn Deel vun der Visioun an hunn e pedagogeschen an integrativen Usaz.
Wäistuff Possenhaus
Musée folklorique et viticole
Musée de jouets