Wee si mir?

Eng Fondatioun an eng Equipe am Déngscht vum Musée « A Possen » a senger Sammlung souwéi der Wäin- a Folkloregeschicht vun der Lëtzebuerger Musel.

D’Fondatioun

De Musée « A Possen » gëtt zënter 1993, no engem Accord mam Staat an der Gemeng Schengen, vun enger Fondatioun geréiert. D’Fondatioun gëtt vun engem Vertrieder vum Wirtschaftsministère presidéiert. Gegrënnt nom arrrêté grand-ducal vum 2 September 1993, ass hir Aufgab, souwuel den Erhalt wéi och d’Opwäertung vun de 7 Haiser vum Musée a senger Sammlung ze garantéieren.

Membere vum Virstand :

Präsident: Luis Soares  (Wirtschaftsministère)

Vizepräsident: Pierre Hirtt (Société civile)

Josée Funk-Kiesch (Gemeng Schengen)

Marc Vanolst (Finanzministère)

Magalie Tasch (Kulturministère)

Claire Schumacher (Société civile)

Madeleine Kayser (Famill Kayser-Gales, Grënner vum Musée)

Adress:

Fondation Possenhaus

2, Keeseschgessel

L-5405 Bech-Kleinmacher

D’Equipe

Am Musée « A Possen » schafft eng Equipe mat Leidenschaft. Hir Verantwortung dréit och dozou bäi, déi faszinéierend Geschicht vun der Lëtzebuerger Musel ze ënnersträichen an de räiche Patrimoine ze erhalen.

Adeline Karcher : Coordinatrice générale

Yasa Moser : Coordinatrice adjointe

Nadine Humbert-Pizzaferri : Chargée d’accueil et assistance administrative

Tina Truppel-Philipps : Responsable des ateliers pédagogiques 

Rainer Seitz : Responsable technique 

Sébastien Vecchiato : Agent d’inventaire et de récolement des collections