D’Geschicht vum Musée
Geschicht vum Musée
Op Initiativ vun der Generaldirektioun fir Tourismus, gouf 2018, an engem participative Prozess an enker Zesummenaarbecht mat den touristeschen, kulturellen, lokal a regionalen Acteuren en neit Muséeskonzept fir de Musée A Possen ausgeschafft a wat elo ëmgesat gëtt.
De Musée A Possen gouf vum Prosper a Gaby Kayser-Gales gegrënnt. D’Koppel hat eng grouss Leidenschaft fir lokal Geschicht a Konscht a ware passionéiert Sammler vun historeschen Alldagsgéigestänn. 1965 hu si d’Haus A Possen vu Bech-Maacher, aus dem Joer 1617 kaaft. De Musée huet 2 Joer duerno 1967 fir déi éischte Kéier seng Dieren der Ëffentlechkeet opgemaach. No an no huet d’Famill Kayser-Gales weider Haiser opkaaft an dem Bestand vum Musée bäigefüügt. 1972 gouf d’Associatioun „Les Amis du Possenhaus et du Folklore Mosellan A.s.b.l.“ mat der Missioun regional Geschicht a Kultur ze promovéieren, gegrënnt.1977 huet de Restaurant „Wäistuff A Possen“ seng éischt Gäscht mat regionaler Kichen a geselleger Atmosphär empfaangen. Ob der Basis vun enger Konventioun mat der Generaldirektioun fir Tourismus an der Gemeng Schengen, gëtt de Musée A Possen zanter 1993 vun der Fondatioun Possenhaus gefouert. D’Aufgab vun der Fondatioun ass et de Musée a seng Sammlung ze geréieren an ze erhalten, esou wéi de lokale Patrimoine ze valoriséieren.
Wäistuff Possenhaus
Musée folklorique et viticole
Musée de jouets