Käerzeform fir den Haushalt
Käerzeform fir den Haushalt
spéit 19. – fréit 20. Joerhonnert
D’Beliichtung huet eng bedeitend Roll am häusleschen Alldag gespillt an vill Aufgaben erliichtert. Aus dësem Grond wat et noutwendeg, Beliichtung sou bëlleg an zougänglech wéi méiglech ze maachen. Am 19. a fréien 20. Joerhonnert goufen et e puer Liichtquellen, wéi Uelegluuchten, Känkien a Käerzen, déi oft aus Talg waren (Fett vun Déieren).
Käerze konnt ee kafen oder och selwer hierstellen. Beim leschte gouf eng Form benotzt, an déi den Talg, nodeem d’Wick dra war, drageschott gouf. Nom Dréchnen konnt en si einfach ëmformen.
Den Nodeel vun deene Käerze ware schwaarzen Damp beim Verbrennen, keng propper Luucht an en onangeneeme Geroch. Ënner anerem war et och schwiereg, si richteg ofzebrennen.