Blëll
De Blëll
Am 19. Joerhonnert haten d’Leit nach keng Wäschmaschinne wéi se se elo hu fir d’Wäsch ze maachen. Eng laangwiereg an ustrengend Aufgab war et! Als éischt emol goufen Äschen a waarmem Waasser opgeléist, fir doraus eng Lauge hierzestellen, mat där doropshin den Dreck aus der Wäsch gespullt gouf. Stattfonnt huet dat Ganzt beim sougenannte Wäschbuer oder direkt um Ufer vun der Musel. Fir den Dreck aus der Wäsch lass ze ginn, gouf e sougenannte Blëll benotzt, eng kleng hëlze Plack mat Grëff. Mat dësem Utensil gouf op d’Wäsch, déi oft op engem Wäschbriet louch, geklappt. D’Wäsch maachen, war deemools haaptsächlech eng weiblech Aufgab, sou gouf dës Geleeënheet och oft genotzt fir déi lescht Neiegkeeten ze diskutéieren an auszetauschen.