Halette

D’Halette

D‘“Halette“ ass eng Hauf, déi d‘Frae fir d’Aarbecht dobaussen – sou wéi an der Gewan, de Wéngerten oder an de Gäert – unhaten. Si besteet aus liichtem an hellem Stoff, den bis an de Réck fällt. De Stuerz iwwert dem Gesiicht ass vun Holzlamellen gehalen (12 bei dëse Modell), déi an der duebelter Déckt an de Stoff gemaach ginn. D’breet Ränner vun der Hauf schützen de Kapp, d’Akaul, d’Oueren an d’Baken vun der Aarbechterin virun der Sonn. D’“Halette“ huet besonnesch bis an déi zweeten Hallschecht vum 19. Joerhonnert zu Lëtzebuerg, an der Belsch an an der Lorraine eng wichteg Roll gespillt.