- Cet évènement est passé
Kreativitéit Ronderëm „Liichtmëssdag“ Am Musée
4 février 2023 à 14 h 00 min - 17 h 00 min
Samschdes, de 4. Februar um 14 Auer steet am Musée „A Possen“ d’Liicht ronderëm „Liichtmëssdag“ am Mëttelpunkt.
Mat eiser Médiatrice ginn eis Visiteuren invitéiert hirer Kreativitéit fräie Laf ze loossen, fir Käerzen a Lampionen ze kreéieren. Jonk an Al (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) – mat Famill, Frënn (oder och eleng!) – erliewen e gemittlechen a gesellegen Nomëtteg am Musée „A Possen“. De Musée offréiert senge Visiteuren eng kléng Stäerkung a Form vu Kaffi, Gedrénks an eppes ze Knabberen.
Sidd dir prett fir « Léiwer Härgottsblieschen » ze sangen?
« Léiwer Härgottsblieschen,
Gitt ons Speck an Ierbessen… »
Le samedi 4 février à partir de 14h, place à la créativité dans la douce lumière des bougies au Musée « A Possen ».
Prêts à entonner l’air de « Léiwer Härgottsblieschen » ?
« Léiwer Härgottsblieschen,
Gitt ons Speck an Ierbessen… »
Détails
- Date :
- 4 février 2023
- Heure :
-
14 h 00 min - 17 h 00 min
- Catégorie d’Évènement:
- Atelier intergénérationnel