Close
Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

  • Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

Luxembourg Museum Days 2022

Mai 14 @ 10 h 00 min - Mai 15 @ 18 h 00 min

Geschwënn ass et nees souwäit – d’LuMuDays (Luxembourg Museum Days) stinn virun der Dier. Ënnert dem Thema “The Power of Museums / Die Macht der Museen” maachen och dëst Joer d‘Muséeën am ganze Land de Weekend vum 14. Mee hier Dieren op a begréissen hire Public mat enger spezieller Programmatioun.

Um Programm fannt Dir :

👉 Eng openeen ofgestëmmten Offer u geféierte Visitten an Ateliere fir Kanner (Mir recommandéieren eng Reservatioun)

👉 E Livret-jeu fir eis méi jonk Visiteuren, fir dass si op spilleresch Aart a Weis de Musée an seng Geschichte kenneléieren.

 

Le mois de mai marque le retour des festivités des Lumudays (Luxembourg Museum Days), organisées cette année les 14 et 15 mai. Autour du thème „The Power of Museums / Le pouvoir des Musées“, les différents Musées du pays ouvrent leurs portes gratuitement aux visiteurs pour leur présenter une programmation spéciale. 

Au programme :

👉 une offre de visite coordonnée combinant ateliers pour enfants et adultes (dans la limite des places disponibles, réservation conseillée)

👉 un livret-jeu pour parcourir les collections du Musée en famille.

Samschdes, de 14. Mee Samedi 14 mai 2022

14. Mee um 11h – 11h30 : 30 Minutte mat… „Al Traditiounen haut“ (LU)
 
Entdeckt bäi enger Visite guidée vun 30 Minutten al Traditiounen a Gebräicher nei. A geselleger Ambiance hellt iech eise Guide bäi dëser Visitt mat duerch déi verschidde Raim am Possenhaus an dobäi gitt dir méi iwwert d’Bedeitungen an Originne vun Traditioune gewuer.
Eng Reservatioun ass recommandéiert, d’Plazen si limitéiert.
Per Telefon um 23 69 73 53 oder via Mail op [email protected]
__________________________________________
 
14 mai à 11h – 11h30 : 30 Minutte mat… „Al Traditiounen haut“ (LU)
 
Au cours d’une visite d’une trentaine de minutes et destinée à tout public, vous découvrirez les significations et origines de certaines croyances ou traditions qui font encore notre quotidien. Au détour des différentes salles du Possenhaus et du Musée, vous serez menés par notre guide dans une ambiance conviviale et détendue pour une visite pleine de rebondissements !
Réservation conseillée au +352 23 69 73 53 ou [email protected], nombre de places limité.
14. Mee um 14h15 – 15h30 oder 15h45 – 17h00 : Loosst eis mat Mierbele spillen ! (Atelier fir Kanner)
 
An dësem Atelier entdecken d’Kanner, wéi ee mat Fimo Mierbele mécht. Nodeems d‘Mierbele fäerdeg sinn, bitzen si nach eng kléng Posch, an déi herno alles dra kënnt. Dann heescht et spillen!
Den Atelier ass fir Kanner vu 6-12 Joer.
Eng Reservatioun ass recommandéiert, d’Plazen si limitéiert.
Per Telefon um 23 69 73 53 oder via Mail op [email protected]
______________________________________________
 
14 mai à 14h15 – 15h30 ou 15h45 – 17h00 : Loosst eis mat Mierbele spillen ! (Atelier pour enfants)
 
Lors de cet atelier, vos enfants pourront découvrir la magie de la pâte Fimo et des jeux de billes. Après avoir façonné leurs billes à la main, ils pourront coudre une petite pochette durant le temps de cuisson de leur réalisation. Il ne restera plus qu’à jouer !
Un atelier ouvert aux enfants de 6 à 12 ans.
Réservation conseillée au +352 23 69 73 53 ou [email protected], nombre de places limité.
14. Mee um 14h30 – 15h00 : 30 Minutte mat… „Traditionell Kiche vun der Musel“ (DE) 
 
Ronderëm en oppent Feier entdeckt dir mat eisem Guide a flotter an heemlecher Ambiance d’Geheimnisser aus der traditioneller Kichen, wéi se op den Dierfer vun der Lëtzebuerger Musel ze fanne ware. Wärend dësen 30 Minutte geet et ënner anerem em vergiessen Objeten, Geschichte vun Iessgewunnechten a Rezepter an déi sozial Bedeitung vun dësem Raum. Eventuell mécht eis Visitt iech glëschtereg op e gudden, regionale Plat an e Patt Miseler Wäin an der Wäistuff „A Possen“.
Eng Reservatioun ass recommandéiert, d’Plazen si limitéiert.
Per Telefon um 23 69 73 53 oder via Mail op [email protected]
_______________________________
 
14 mai à 14h30 – 15h00 : 30 Minutte mat… „Traditionell Kiche vun der Musel“ (DE) 
 
Autour d’un feu de bois, vous découvrirez avec notre guide, et dans une ambiance chaleureuse, les secrets de la cuisine noire traditionnelle des maisons de la vallée de la Moselle luxembourgeoise. Ustensiles oubliés, histoire des habitudes alimentaires ou importance sociologique de cette pièce, cette visite d’une trentaine de minutes adaptée à tous les publics ne vous laissera pas sur votre faim ! Après une visite riche en histoire et secrets culinaires, n’hésitez pas à aller déguster un verre de vin de la Moselle ainsi qu’un plat typiquement luxembourgeois au restaurant Wäistuff A Possen.
Réservation conseillée au +352 23 69 73 53 ou [email protected], nombre de places limité.
14. Mee um 16h – 16h30 : „Melodescht Possenhaus“ : eng musikalesch Promenade mat Geschichten zu Traditiounen (FR) 
 
Wéi wier et Geschicht eemol anescht ze erliewen? Am Kader vun dëser origineller Visitt invitéiere mer iech op eng musikalesch Rees duerch d’Geschicht am Musée „A Possen“. Loosst iech vun eisem Guide a Begleedung vu Fluttemusek a Gesang, spannend, historesch Anekdoten op eng nei a flott Aart a Weis presentéieren. Un dësem 30-minuttelaange musikalesche Spadséiergang a geselleger Atmosphär erfreeën sech Jonk an Al.
Eng Reservatioun ass recommandéiert, d’Plazen si limitéiert.
Per Telefon um 23 69 73 53 oder via Mail op [email protected]
_______________________________
 
14. Mai à 16h – 16h30 : „Melodescht Possenhaus“ : eng musikalesch Promenade mat Geschichten zu Traditiounen (FR) 
 
Et si vous découvriez l’histoire autrement ? Dans le cadre de cette visite originale et décalée, nous vous invitons à vous pencher sur l’histoire des traditions et des croyances accompagnés d’airs musicaux. Menée par les sons de la flûte traversière et du chant, agrémentée d’explications historiques, et toujours dans une ambiance conviviale, cette promenade d’une trentaine de minutes au sein du Possenhaus saura ravir les petits comme les grands !
Réservation conseillée au +352 23 69 73 53 ou [email protected], nombre de places limité.

Sonndes, de 15. Mee Dimanche 15 Mai 2022

15. Mee um 11h – 11h30 : 30 Minutte mat… „Moud vu gëschter bis haut“ (LU)
 
Wëllkomm an der Welt vu Stëfter a Kleedung am Possenhaus. Bäi dëser Visitt vun 30 Minutten, déi fir e large Public ass, entdeckt dir zesumme mat eisem Guide déi verschidden Typpen u Kleedung. Den Ursprong, Notzen an Entwécklung vun der Schipp, der Halette an anere Kappbedeckunge ginn hei thematiséiert.
Eng Reservatioun ass recommandéiert, d’Plazen si limitéiert.
Per Telefon um 23 69 73 53 oder via Mail op [email protected] 
_______________________________
 
15. Mee um 11h – 11h30 : 30 Minutte mat… „Moud vu gëschter bis haut“ (LU)
 
Bienvenue au Possenhaus dans la douceur des étoffes anciennes ! Au cours de cette visite d’une trentaine de minutes ouverte à tout public et au détour des différentes salles du Possenhaus et du Musée, vous découvrirez avec notre guide différents exemples de Schipp, halette ou autres coiffes, pour en comprendre l’origine, l’usage et l’évolution.
Réservation conseillée au +352 23 69 73 53 ou [email protected], nombre de places limité.
15. Mee um 14h15 – 15h30 oder 15h45 – 17h00: Loosst eis strécken ! (Atelier fir Kanner)
 
Ween seet, dass Strécke langweileg ass? An dësem Atelier fir Kanner vu 6-12 Joer entdecken si d’Freed un dësem Handwierk. Mat Hëllef vun enger „Stréckliesel“ kënnen si ganz einfach flott Saache selwer maachen an hier eege Kreatioun mat heem huelen. Et ass en Spaass fir Grouss a Kléng !
Eng Reservatioun ass recommandéiert, d’Plazen si limitéiert.
Per Telefon um 23 69 73 53 oder via Mail op [email protected]
_______________________________
 
15. Mee um 14h15 – 15h30 ou 15h45 – 17h00: Loosst eis strécken ! (Atelier pour enfants)
 
Qui a dit que le tricot était ennuyeux ? Dans cet atelier, les enfants de 6 à 12 ans découvriront les plaisir de cet artisanat, et grâce à l’usage d’un tricotin et de laine, repartiront chacun avec leur réalisation. Matière noble et activité ludique, cet atelier haut en couleur ne pourra que plaire aux petits comme aux grands enfants ! Réservation conseillée au +352 23 69 73 53 ou [email protected], nombre de places limité.
15. Mee um 14h30 – 15h00 : 30 Minutte mat… „Vum Fluess zum Léngen“ (DE)
 
Eng Brechel, eng Haaspel, eng Riffel… Wierder, déi een haut net méi oft héiert an deenen hire Verwendungszweck bal vergiess ass. Dobäi huet d’Verschaffe vu Fluess an Hanf zu den Aarbechten am Alldag gehéiert. Bäi dëser 30-minütteger Visitt gitt dir vun eisem Guide duerch déi verschidde Schrëtt vun der Fluessveraarbechtung begleet an entdeckt an sympathescher Atmosphär d’Geheimnisser vun der Fluessvereaarbechtung, historesch Anekdoten a vergiesse Praktiken.
Eng Reservatioun ass recommandéiert, d’Plazen si limitéiert.
Per Telefon um 23 69 73 53 oder via Mail op [email protected]
_______________________________
 
15. Mee um 14h30 – 15h00 : 30 Minutte mat… „Vum Fluess zum Léngen“ (DE)
 
Broie, pied à affiner, quenouille, épinglier, tourniquet, bobines ou rouissage… autant de mots et d’objets dont l’usage peut être de nous oublié… Pourtant, la culture du lin ou du chanvre a marqué la vie quotidienne des générations qui nous ont précédées / qui ont fait ce que nous sommes. Durant cette visite d’une trentaine de minutes et ouverte à tous, nous vous invitons à découvrir en compagnie de notre guide les outils de la préparation du lin, et partager au cours d’un moment sympathique les secrets pratiques et historiques de cette culture ancestrale.
Réservation conseillée au +352 23 69 73 53 ou [email protected], nombre de places limité.
15. Mee um 16h – 16h30 : „Melodescht Possenhaus“ : eng musikalesch Promenade mat Geschichten zur Moud (FR)
 
Wéi wier et Geschicht eemol anescht ze erliewen? Am Kader vun dëser origineller Visitt invitéiere mer iech op eng musikalesch Rees duerch d’Geschicht vun der Moud an dem Stoff am Musée „A Possen“. Loosst iech vun eisem Guide a Begleedung vu Fluttemusek a Gesang, spannend, historesch Anekdoten op eng nei a flott Aart a Weis presentéieren. Un dësem 30-minuttelaange musikalesche Spadséiergang a geselleger Atmosphär erfreeën sech Jonk an Al.
Eng Reservatioun ass recommandéiert, d’Plazen si limitéiert.
Per Telefon um 23 69 73 53 oder via Mail op [email protected]
_______________________________
 
15. Mee um 16h – 16h30 : „Melodescht Possenhaus“ : eng musikalesch Promenade mat Geschichten zur Moud (FR)
 
Et si vous découvriez l’histoire autrement ? Dans le cadre de cette visite originale et décalée, nous vous invitons à vous pencher sur l’histoire de la mode et des tissus accompagnés d’airs musicaux. Menée par les sons de la flûte traversière et du chant, agrémentée d’explications historiques, et toujours dans une ambiance conviviale, cette promenade à la rencontre de deux arts et d’une trentaine de minutes au sein du Possenhaus saura ravir les petits comme les grands !
Réservation conseillée au +352 23 69 73 53 ou [email protected], nombre de places limité.

Details

Beginn:
Mai 14 @ 10 h 00 min
Ende:
Mai 15 @ 18 h 00 min
Veranstaltungskategorie:

Veranstaltungsort

Musée A Possen
Luxembourg Google Karte anzeigen