Ouschteratelier

Musée A Possen , Luxembourg

Ouschteratelier 202214 & 15.04.2022 14h00-17h00: Faarweg Ouschteren - 20€14 & 15.04.2022 14h00-17h00 : Faarweg Ouschteren - 20€Donneschdes 14/04anFreides 15/04 Bis 14 Auer ze 17 AuerFir Kanner vu 6 bis 12 Joer Tarif : 20€ Eng Reservatioun ass obligatoresch:Per Telefon (+352 23 69 73 53) oder per Mail ([email protected]) Jeudi 14/04 et Vendredi 15/04 De 14h à 17h Enfants de 6 à 12Continue reading "Ouschteratelier"

Luxembourg Museum Days 2022

Musée A Possen , Luxembourg

Lumudays 2022Geschwënn ass et nees souwäit – d'LuMuDays (Luxembourg Museum Days) stinn virun der Dier. Ënnert dem Thema “The Power of Museums / Die Macht der Museen” maachen och dëst Joer d‘Muséeën am ganze Land de Weekend vum 14. Mee hier Dieren op a begréissen hire Public mat enger spezieller Programmatioun. Um Programm fannt Dir : Eng openeen ofgestëmmtenContinue reading "Luxembourg Museum Days 2022"

Päischtatelier

Musée A Possen , Luxembourg

Päischtatelier 202228. Mee 14h00-17h00 - 20€Den 28. Mee organiséiert de Musée "A Possen" e Workshop fir Kanner, an dem si hirer Kreativitéit an Imaginatioun fräie Laf kenne loossen. D'Kanner verwandelen alldeeglech Objeten a kléng Schätz - aus enger Béchs gëtt eng Lanter an aus Kapsele vu Fläsche formen si Blummen. D'Kanner kënnen hir eenzegaarteg KreatiounenContinue reading "Päischtatelier"

Summeratelier

Musée A Possen , Luxembourg

Summeratelier!Samschdes, den 18. Juni 2022, stinn déi kleng Gesten am Musée "A Possen" am Mëttelpunkt! Dräi Stonne laang, vu 14.00 bis 17.00 Auer, kënnen d’Kanner vu 6 bis 12 Joer hirer Kreativitéit fräie Laf loossen, déi op Generositéit an nohalteg Entwécklung konzentréiert ass.Si bauen en Insektenhotel, fir Himmelsdéierchen an aner kleng Déieren opzehuelen, déi nëtzlech aContinue reading "Summeratelier"

Vum Fluess zum Léngent…

Musée A Possen , Luxembourg

Vum Fluess zum Léngent... Dëse Summer stinn de Fluess an d‘Léngent am Musée "A Possen" am Mëttelpunkt! Eng Brechel, eng Haaspel, eng Riffel… Wierder, déi een haut net méi oft héiert an deenen hire Verwendungszweck bal vergiess ass. Dobäi huet d’Verschaffe vu Fluess zu den Aarbechten am Alldag gehéiert. Bäi dëser 30-minütteger Visitt gitt dirContinue reading "Vum Fluess zum Léngent…"

Summerakademie

Summerakademie! An der Woch vum 2. bis 5. August, vu 14:00-17:00 Auer, stinn am Musée « A Possen » Kreativitéit, Léieren, Rätsel a Schneekereien am Mëttelpunkt. Wärend 4 Deeg, entdecken d'Kanner vu 6-12 Joer mat eiser Museumspädagogin, d’Geheimnisser vu verschiddenen Aktivitéiten déi all mam Thema Summer a Verbindung stinn. Den Atelier kennt Dir pro Dag oder fir déi komplett Woch reservéieren.UmContinue reading "Summerakademie"

European Heritage Days 2022 : „Mir entdecken d’traditionell Konscht vum Korbflechten.“

Musée A Possen , Luxembourg

European Heritage Days 2022 Mir entdecken d’traditionell Konscht vum Kuerfflechten!Am Kader vun den European Heritage Days, an ënnert der Tutelle vum Kulturministère an dem INPA  (Institut National pour le Patrimoine Architectural), de Musée „A Possen“ begréisst säi Public mat enger besonnescher Programmatioun zum Thema “Traditionell Praktiken an nohalteg Entwécklung”. Natierlech Materialien, Geschicht a Kreatioun stinn amContinue reading "European Heritage Days 2022 : „Mir entdecken d’traditionell Konscht vum Korbflechten.“"

Pappendagsatelier

Pappendag!Samschdes, den 1. Oktober, um Weekend vu Pappendag proposéiert de Musée « A Possen » en Atelier fir Kanner. Bei dësem Ateliere léieren d’Kanner d’Liederhandwierk kennen: Lieder bitzen, pechen an erausschneiden. Mat Hëllef vun eiser Médiatrice entwerfen si hiren eegen Porte-clé an huelen dono hier Kreatioun matheem. E klénge Schatz, deen si verschenke kënnen (oder ochContinue reading "Pappendagsatelier"

European Heritage Days 2022: „Mir entdecken al Approchen zur Hygiène nei.“

European Heritage Days 2022 Mir entdecken al Approchen zur Hygiène nei!Am Kader vun den European Heritage Days, an ënnert der Tutelle vum Kulturministère an dem INPA (Institut National pour le Patrimoine Architectural), de Musée „A Possen“ begréisst säi Public mat enger besonnescher Programmatioun zum Thema “Traditionell Praktiken an nohalteg Entwécklung”. Natierlech Materialien, Geschicht a Kreatioun stinnContinue reading "European Heritage Days 2022: „Mir entdecken al Approchen zur Hygiène nei.“"

Mir brennen d’Trauliicht am Musée „A Possen“

Mir brennen d’Trauliicht am Musée „A Possen“ Samschdes, den 29. Oktober / Sonndes, den 30. Oktober ass d’Hierschtatmosphär an d‘traditionnellt Trauliicht am Mëttelpunkt am Musée „A Possen“. Mat Hëllef vun eiser Médiatrice schnëtzen d‘Kanner Rommelen, fir hiert eegen Trauliicht ze kreéieren. Zesummen gëtt dann nach eng lecker Rommelenzopp gekacht! Dräi Stonne laang, vu 14.00 bisContinue reading "Mir brennen d’Trauliicht am Musée „A Possen“"

Ouschteratelier am Musée « A Possen »

Ouschteratelier am Musée « A Possen »D’Ouschterefest kënnegt sech am Musée „A Possen“ un!  Fir dës Fest ze féieren, organiséiert de Musée zwee Nomëtteger (14-17 Auer) mat vill Kreativitéit. D'Kanner (6-12 Joer) wäerte gemittlech Momenter erliewen. Baken, Dekoratiounen, Collage-Kreatiounen, Molerei a Bitzaarbecht stinn am Mëttelpunkt vun dësen zwee flotten Deeg! Donneschdes, de 6. Abrëll wäerten d’Kanner klengContinue reading "Ouschteratelier am Musée « A Possen »"

27. Mee – Geschenker a Generositéit am Possenhaus

Geschenker a Generositéit am Possenhaus D’Sonn a gutt Wieder maache Loscht schéi Momenter ze erliewen. De Musée A Possen” organiséiert um Samschdeg, de 27. Mee en Atelier, den op Generositéit konzentréiert ass. Wärend dësem Nomëtteg vu 14.00 bis 17.00 Auer kreéieren d’Kanner (6-12 Joer) kléng Geschenker an eng Këscht, fir dës Schätz mat heem ze huelen.Continue reading "27. Mee – Geschenker a Generositéit am Possenhaus"

17. Juni – Gaardeschätz fir de Summer ze feieren!

Gaardeschätz fir de Summer ze feieren!Gaardenzäit am Musée „A Possen“ Samschdes, de. 17. Juni!Vu 14.00 bis 17.00 Auer wäerten d’Kanner (6-12 Joer) verschidden Tipps an Tricks vun eiser Médiatrice léieren, fir d’Gaardenaarbecht z’entdecken. Am éischten Deel kreéieren déi jonk Designer e schéint Blummendëppen aus recycléierte Saachen. Dono stinn Dekoratioun, mat Collagen, Molen a Kreativitéit amContinue reading "17. Juni – Gaardeschätz fir de Summer ze feieren!"

8. Juli – Fantasie a Geschicht am Musée!

Fantasie a Geschicht am Musée !Fir d‘kommend Summervakanz ze feieren, kënnen déi kléng Kënschtler vu 6 bis 12 Joer hirer Kreativitéit am Musée „A Possen“ fräie Laf loossen! D‘Fantasie an d’Geschichte wäerten am Mëttelpunkt bei dësem 3-Stonnen-laangen Atelier stoen. Wärend dem éischten Deel maachen d’Kanner eng kléng Promenade mat eiser Mediatrice duerch d‘Muséesammlung, fir eng PlazContinue reading "8. Juli – Fantasie a Geschicht am Musée!"

1. – 4. August – Summerakademie

Summerakademie! An der Woch vum 1. bis 4. August steet am Musée „A Possen“ déi traditionell Summerakademie um Plang!Wärend 4 Deeg, vu 14:00-17:00 Auer, kënnen d’Kanner vu 6-12 Joer bäi verschiddene kreativen Aktivitéite ronderëm flott Themaen an an enger geselleger Atmosphär matmaachen. Den Atelier kënnt dir pro 2-Deeg oder fir déi komplett Woch reservéieren. Dëst Joer sti Schneekereien a Liicht am Mëttelpunkt. Um Programm : Dënschdes,Continue reading "1. – 4. August – Summerakademie"

28. / 29. Oktober – Trauliicht am Musée « A Possen »!

28. / 29. Oktober - Trauliicht am Musée "A Possen"!Erëm dëst Joer steet dat traditionellt Trauliicht am Mëttelpunkt am Musée „A Possen“. Mir brennen d‘Trauliicht Samschdes, den 28. ODER Sonndes, den 29. Oktober. Dräi Stonne laang kënnen d’Kanner vum 6 bis 12 Joer e gemittlechen a kreative Moment erliewen. Mat eiser Médiatrice schnëtzen d’Kanner Rommelen,Continue reading "28. / 29. Oktober – Trauliicht am Musée « A Possen »!"

16. Dezember – Chrëschtdag am Musée « A Possen »

Chrëschtdag am Musée "A Possen"Fir d’Waardezäit op Chrëschtdag ze verkierzen, invitéiert de Musée « A Possen » d’Kanner vu 6 bis 12 Joer op e flotten Atelier. Gourmandisen a Kreatioune stinn am Mëttelpunkt vun dësem schéinen a gemittleche Moment. Mat eiser Mediatrice wäerten d’Kanner Chrëschtkichelcher baken a mat natierleche Materialien dekoréieren. Wat eng gutt Iddi fir opContinue reading "16. Dezember – Chrëschtdag am Musée « A Possen »"

20. Januar – « Liichtmëssdag » am Musée « A Possen »

20. Januar - "Liichtmëssdag" am Musée "A Possen" Samschdes, den 20. Januar, kënne Kanner vu 6 bis 12 Joer un engem kreativen Atelier fir den traditionellen „Liichtmëssdag“ deelhuelen. Schneiden, Molen a Faarwe sti bei dëser Aktivitéit am Mëttelpunkt. Mat Hëllef vun eiser Mediatrice kann all Kand mat sengem eegene Lampion Heem goen. Esou hunn siContinue reading "20. Januar – « Liichtmëssdag » am Musée « A Possen »"

30. Mäerz – Ouschteratelier am Musée « A Possen »

30. Mäerz - Ouschteratelier am Musée "A Possen" Dëst Joer gi fir Ouschteren am Musée „A Possen“ Handwierk a Schneekerei matenee verbonnen. Samschdes, den 30. Mäerz, kënne Kanner vu 6 bis 12 Joer, vu 14.00 bis 17.00 Auer, d’Handwierk vum Kuerfflechten entdecken, andeems si hiren eegenen Ouschterkuerf flechten. Dobäi kënnen si Spaass hunn a gläichzäitegContinue reading "30. Mäerz – Ouschteratelier am Musée « A Possen »"

3. Abrëll – Ouschteratelier am Musée « A Possen »

3. Abrëll - Ouschteratelier am Musée "A Possen" Dëst Joer gi fir Ouschteren am Musée „A Possen“ Handwierk a Schneekerei matenee verbonnen. Mëttwochs, den 3. Abrëll, kënne Kanner vu 6 bis 12 Joer, vu 14.00 bis 17.00 Auer, d’Handwierk vum Kuerfflechten entdecken, andeems si hiren eegenen Ouschterkuerf flechten. Dobäi kënnen si Spaass hunn a gläichzäitegContinue reading "3. Abrëll – Ouschteratelier am Musée « A Possen »"