Évènements
-
-
27. September – JEP – Visite guidée : Entdeckt d’Séil vun der Musel duerch hir historesch Gebaier!
JEP: Entdeckt d’Séil vun der Musel duerch hir historesch Gebaier! (Guidéiert Visitt)Reest am Kader vun de Journées Européennes du Patrimoine Luxembourg an d’Vergaangenheet an entdeckt d’traditionell Architektur vum ländleche Liewen an der Muselregioun. De Musée « A Possen » invitéiert Iech op eng gemittlech Féierung, wou Dir déi eenzel Haiser, hir Bautechniken an d’Entwécklung vunContinue reading "27. September – JEP – Visite guidée : Entdeckt d’Séil vun der Musel duerch hir historesch Gebaier!"
-
-
11. & 18. Oktober – Loosst eis zesummen eng traditionell « Halette » bitzen!
11. & 18. Oktober - Loosst eis zesummen eng traditionell "Halette" bitzen!Den 11. an 18. Oktober si Kleng (vun 12 Joer u; Kanner musse vun engem Erwuessene begleet ginn a selwer un hirer Kreatioun schaffe kënnen) a Grouss häerzlech invitéiert, un engem intergenerationellen Atelier deelzehuelen, deen Austausch, Entdeckung a Kreativitéit vereent.Wärend zwee Nomëtteger (vu 14:00Continue reading "11. & 18. Oktober – Loosst eis zesummen eng traditionell « Halette » bitzen!"
-
25. Oktober – De Brauch vum « Trauliicht » – E kreativen Atelier fir Kanner
25. Oktober - De Brauch vum "Trauliicht" - E kreativen Atelier fir KannerEt ass eng Traditioun! Och dëst Joer invitéiert de Musée « A Possen » erëm op de Brauch vum « Trauliicht » an. De Samschdeg, 25. Oktober, hu Kanner vu 6 bis 12 Joer d'Geleeënheet, aktiv un dësem faszinéierende Brauch deelzehuelen. Zesumme matContinue reading "25. Oktober – De Brauch vum « Trauliicht » – E kreativen Atelier fir Kanner"
-
-
15. November – Mir baken e Boxemännchen
15. November - Mir baken e BoxemännchenDen 15. November hu Kanner vum 6 bis 12 Joer d'Geleeënheet, hiren eegenen Boxemännchen an engem kreativen Atelier ze baken. Mat der Hëllef vun eiser Mediatrice gëtt en Dech op Basis vu wäissem Kéis virbereet, ausgerullt, an op seng charakteristesch Boxemännchen-Form ausgestach. All Kand ka säi Boxemännche mat RoséngenContinue reading "15. November – Mir baken e Boxemännchen"
-
22. November – Schneiden, Falen, Pechen – Kreéier deng Pop-up-Kaart fir d’Adventszäit!
22. November - Schneiden, Falen, Pechen - Kreéier deng Pop-up-Kaart fir d'Adventszäit!Den 22. November bitt de Musée « A Possen » en Atelier fir all Generatiounen un, wou jidderee seng eege Pop-up-Kaart ka gestalten. Rechtzäiteg fir d’Adventszäit gi mat Hëllef vu faarwegem Pabeier, Schéieren, Pech an enger Prise Fantasie wonnerschéin 3D-Kreatiounen zum Liewen erwächt. EngContinue reading "22. November – Schneiden, Falen, Pechen – Kreéier deng Pop-up-Kaart fir d’Adventszäit!"
-
29. November – Mir baken nach emol e Boxemännchen!
29. November - Mir baken nach emol e Boxemännchen Den 29. November hu Kanner vum 6 bis 12 Joer d'Geleeënheet, hiren eegenen Boxemännchen an engem kreativen Atelier ze baken. Mat der Hëllef vun eiser Mediatrice gëtt en Dech op Basis vu wäissem Kéis virbereet, ausgerullt, an op seng charakteristesch Boxemännchen-Form ausgestach. All Kand ka säiContinue reading "29. November – Mir baken nach emol e Boxemännchen!"
-
-
13. Dezember – D’Bakstuff vum Musée « A Possen » mécht hir Dieren op!
13. Dezember - D'Bakstuff vum Musée "A Possen" mécht hir Dieren op! Chrëschtdag ass em den Eck, a wat dierf an dëser Zäit net feelen? Genau, Kichelcher! Dofir invitéiert de Musée « A Possen » d'Kanner vu 6 bis 12 Joer de 13. Dezember op en Atelier. Begleet vun eiser Mediatrice hunn si d'Geleeënheet ,Continue reading "13. Dezember – D’Bakstuff vum Musée « A Possen » mécht hir Dieren op!"
-
20. Dezember – D’Bakstuff vum Musée « A Possen » mécht hir Dieren nach emol op!
20. Dezember - D'Backstuff vum Musée "A Possen" mécht hir Dieren op! Chrëschtdag ass em den Eck, a wat dierf an dëser Zäit net feelen? Genau, Kichelcher! Dofir invitéiert de Musée « A Possen » d'Kanner vu 6 bis 12 Joer de 20. Dezember op en Atelier. Begleet vun eiser Mediatrice hunn si d'Geleeënheet ,Continue reading "20. Dezember – D’Bakstuff vum Musée « A Possen » mécht hir Dieren nach emol op!"
-
-
17. Januar – Loosst eis d’Wanterzäit erhellen!
17. Januar - Loosst eis d'Wanterzäit erhellen!Samschdes, de 17. Januar, erhellen mir wärend engem intergenerationellen Atelier déi däischter Joreszäit! Un der Säit vun eiser Mediatrice stellen Kleng a Grouss (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) am éischten Deel vum Atelier e Wandliicht aus Metall hier, dat duerch fein Stanztechniken ganz nom eegene GoûtContinue reading "17. Januar – Loosst eis d’Wanterzäit erhellen!"
-
24. Januar – Prett fir Liichtmëssdag?
ONLINE TICKET 24. Januar - Prett fir Liichtmëssdag?„Léiwer Härgottsblieschen, gëff ons Speck an Ierbessen…“ – Liichtmëssdag steet virun der Dier an do ass en traditionelle Lampion net wechzedenken! Genee sou e Lampion kënnen d’Kanner tëscht 6 a 12 Joer Samschdes, de 24. Januar, an engem kreativen Atelier am Musée « A Possen » hierstellen. ËnnertContinue reading "24. Januar – Prett fir Liichtmëssdag?"
-
30. Januar – Mysteriéisen Zwëschefall am Possenhaus: Dat verschwonnent Holz
ONLINE TICKET 30. Januar - Mysteriéisen Zwëschefall am Possenhaus: Dat verschwonnent Holz Den 30. Januar, ab 17 Auer, si Kleng a Grouss (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) invitéiert, eng immersiv Aventure am Häerz vum 19. Joerhonnert z‘erliewen! Am Duerf vu Bech-Maacher si d’Awunner:innen vum Possenhaus zréck doheem ukomm… ma wéi si d’DierContinue reading "30. Januar – Mysteriéisen Zwëschefall am Possenhaus: Dat verschwonnent Holz"
-
-
7. Februar – Brodéiere wéi fréier!
ONLINE TICKET 7. Februar - Brodéiere wéi fréier!« Brodéiere wéi fréier » wäert d’Thema vun eisem intergenerationellen Atelier vu Samschdes, de 7. Februar, sinn. Un der Säit vun eiser Mediatrice brodéieren a personaliséiere Kléng a Grouss (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) hiert eegent puer Strëmp, sief et traditionell matt den eegenen Initialen, oder awerContinue reading "7. Februar – Brodéiere wéi fréier!"
-
28. Februar – D’Fuesboken si lass!
ONLINE TICKET 28. Februar - D'Fuesboken si lass!Zu Lëtzebuerg fänkt d'Fuesent mat Liichtmëssdag un a gëtt oft bis Halleffaaschtesonndeg gefeiert. Ma wéi eng Traditioun ass nieft de sëllege Schneekereie feste Bestanddeel vun der Fuesent? Sech verkleeden! Dofir gëtt an eisem Kanneratelier (fir Kanner tëscht 6 a 12 Joer) vum 28. Februar eng Bokemask aus Stoff kreéiert. UnContinue reading "28. Februar – D’Fuesboken si lass!"
-
-
14. Mäerz – Eng gutt Botterschmier!
ONLINE TICKET 14. Mäerz - Eng gutt Botterschmier!Wéi wier et emol mat engem méi kulinareschen Atelier am Musée « A Possen »? An eisem intergenerationellen Atelier vum 14. Mäerz, steet eng gutt Botterschmier um Menü! An engem éischte Schratt bake Kléng a Grouss (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) un der Säit vun eiserContinue reading "14. Mäerz – Eng gutt Botterschmier!"
-
31. Mäerz / 1. Abrëll – Mir feieren Ouschteren am Musée « A Possen »
ONLINE TICKET 31. Mäerz / 1. Abrëll - Mir feieren Ouschteren am Musée "A Possen"De Musée « A Possen » invitéiert Kanner tëscht 6 a 12 Joer op säin traditionellen Ouschteratelier, deen vum 31. Mäerz bis 1. Abrëll stattfënnt (et besteet keng Obligatioun un deenen zwee Deeg deelzehuelen). Den éischten Dag vum Atelier gëtt matContinue reading "31. Mäerz / 1. Abrëll – Mir feieren Ouschteren am Musée « A Possen »"
-
-
2. Abrëll / 3. Abrëll – Mir feieren Ouschteren am Musée « A Possen »
ONLINE TICKET 2. Abrëll / 3. Abrëll - Mir feieren Ouschteren am Musée "A Possen"De Musée « A Possen » invitéiert Kanner tëscht 6 a 12 Joer op säin traditionellen Ouschteratelier, deen vum 2. bis den 3. Abrëll stattfënnt (et besteet keng Obligatioun un deenen zwee Deeg deelzehuelen). Den éischten Dag vum Atelier gëtt matContinue reading "2. Abrëll / 3. Abrëll – Mir feieren Ouschteren am Musée « A Possen »"
-
Via Mosel 2026 – 18. & 19. Abrëll: Eng architektonesch Schatzjuegd am Musée « A Possen »
18. & 19. Abrëll - Eng architektonesch Schatzjuegd am Musée « A Possen »SchatzjuegdMaacht Iech am Kader vun de Portes Ouvertes Via Mosel op eng spannend Entdeckungsrees a lëft d’Geheimnisser vun den historeschen Haiser am Musée « A Possen »! Ob eleng, mat der Famill oder mat Frënn:dinnen – entdeckt dëst eenzegaartegt kulturellt Ierwen amContinue reading "Via Mosel 2026 – 18. & 19. Abrëll: Eng architektonesch Schatzjuegd am Musée « A Possen »"
-
Via Mosel 2026 – 18.Abrëll: Entdeckt d’Séil vun der Musel duerch hir historesch Gebaier! – Guidéiert Visitt
18. Abrëll - Entdeckt d’Séil vun der Musel duerch hir historesch Gebaier!Guidéiert VisittReest am Kader vun de Portes Ouvertes Via Mosel an d’Vergaangenheet an entdeckt déi traditionell Architektur vun der ländlecher Wunnkultur am Muselraum. De Musée « A Possen » invitéiert Iech op eng gemittlech Féierung, wou Dir déi eenzel Haiser, hir Bautechniken an d’Entwécklung vunContinue reading "Via Mosel 2026 – 18.Abrëll: Entdeckt d’Séil vun der Musel duerch hir historesch Gebaier! – Guidéiert Visitt"
-
18. Abrëll – Mir knëppen en Eeërbecher!
ONLINE TICKET 18. Abrëll - Mir knëppen en Eeërbecher!Am Afterglow vun Ouschtere bitt de Musée « A Possen » den 18. Abrëll en Atelier fir Kléng a Grouss un (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) an deem un der Säit vun eiser Mediatrice an ënnert Uwendung vun der Makrameestechnik een oder méi EeërbecherContinue reading "18. Abrëll – Mir knëppen en Eeërbecher!"
-
-
Lumudays 2026 – 16. Mee : « E Spill erschafen, Erënnerunge deelen » Intergenerationellen Atelier a guidéiert Visitt vum Musée « A Possen »
16. Mee - « E Spill erschafen, Erënnerunge deelen »Intergenerationellen Atelier a guidéiert Visitt vum Musée « A Possen »Am Kader vun de Luxembourg Museum Days invitéiert de Musée « A Possen » a Zesummenaarbecht mat ICOM Lëtzebuerg de Samschdeg, 16. Mee, op eng Erfarung, déi Kulturierwen, Kreativitéit an Austausch verbënnt. Kleng a Grouss si agelueden,Continue reading "Lumudays 2026 – 16. Mee : « E Spill erschafen, Erënnerunge deelen » Intergenerationellen Atelier a guidéiert Visitt vum Musée « A Possen »"
