Adress
2, Keeseschgässel
L-5405 Bech-Kleinmacher
Kontakt
+352 23 69 73 53 [email protected]
Ëffnungszäiten
Mëttwochs bis Sonndes vu 14.00 bis 18.00
Entréespräisser
Erwuessener : 5€ / Kanner: gratis
„Mir begréissen Iech am Musée « A Possen » !“
Entdeckt de Musée « A Possen » am Duerf Bech-Klengmaacher an der Gemeng Schengen! Mat senge verschiddene Haiser, dorënner dat eelst, dat aus dem Joer 1617 staamt, reflektéiert de Musée d’soziaalt an handwierklecht Liewe vun den Awunner vun der Muselregioun am 19. an am fréien 20. Joerhonnert, souwéi déi spannend Wäibaugeschicht a ländlech Gesellschaften an der Muselregioun. Kéifer, Schouster, Schneider, Wiewer, Wënzer … d’ländlech Gemeinschaften hunn eng räich Geschicht, déi eis d’Méiglechkeet gëtt, e frëschen Iwwerbléck op eis Géigenwart ze kréien. Mat Frënn, mat der Famill oder eleng, bei engem Besuch, engem Gebuertsdag oder engem Atelier, invitéiere mir Iech, e Moment tëscht Bewonnerung, Léieren a Entdeckungen ze deelen, deem seng inspirativ Kraaft Iech nëmmen erlaabt, Brécke mat der Zukunft ze bauen!
Musée folklorique et viticole
Musée de jouets



