Offre scolaire

De Musée « A Possen » proposéiert Schoulklassen aus der Grondschoul besonnesch Aktivitéiten, ugepasst un de Schoulprogramm a Recommandatiounen aus der Grondschoul. Am Kader vun eise Visitt-Ateliere vun ongeféier 2 Stonnen, hunn d’Schüler, zesumme mat hiren Enseignanten, d’Méiglechkeet e geféierten Tuer duerch de Musée ze maachen. Dës Visitte mat engem historeschen Thema gi vun eisem Guide op eng pedagogesch, lëschteg a kandgerecht Manéier gehal. E kreativen Atelier ergänzt op praktesch Art a Weis eis guidéiert Visitten.

 

 

Mir adaptéieren eis Offer och op Ufro vun den Enseignanten. 

 

 

De Musée „A Possen“ offréiert eng interessant Perspektiv, fir Geschicht, verschidde Liewensweisen an al Techniken nei ze entdecken. Sou kënnen d‘Kanner hire Sënn fir ze analyséieren entwéckelen, souwéi aaner Liewensweisen kenneléieren. Bei eiser Offre scolaire stinn Léieren an Deelen am Mëttelpunkt vun der Visitt am Musée, alles an enger spillerescher Atmosphär.

 

 

Fir méi Informatiounen iwwert eis Offer, en Devis, eng Reservatioun oder aner Fro, kënnt Dir eis entweder per E-mail [email protected], per Telefon +352 23 69 73 53 oder iwwert de Reservatiounsformulaire hei ënnen op eiser Website kontaktéieren.

Le Musée « A Possen » offre un programme scolaire adapté aux programmes et recommandations requises dans les écoles fondamentales, pour les enfants de 6 à 12 ans. Dans le cadre de nos visites-ateliers d’une durée de deux heures environ, les élèves, accompagnés de leurs professeurs, parcourent les salles du Musée en bénéficiant d’un créneau qui leur est réservé. Ces visites historiques, accompagnées d’un guide, se font de manière pédagogique et ludique, avec un discours adapté à l’âge des enfants et aux demandes des enseignants. Elles sont complétées par un atelier en lien avec la visite.

 

Nous pouvons adapter notre offre, selon les demandes des enseignants.

 

Le regard historique qu’offre le Musée « A Possen » par la découverte de l’histoire, de modes de vie différents et de techniques anciennes, permet à ses petits visiteurs de développer leur sens de l’analyse, ainsi que la compréhension et la comparaison des différents modes de vie sociétaux et des modes d’expression qui en découlent. Nos offres dédiées aux publics scolaires promettent un moment riche en apprentissages et partages, empli d’activités et de découvertes pour apprendre tout en s’amusant.

 

Pour plus de renseignements sur notre offre, établir un devis, réserver un créneau ou pour toute demande particulière, nous restons à votre disposition par email [email protected] ou par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par le formulaire de réservation ci-dessous.

B Musee enfants R

Zwou Formullen stinn zur Auswiel

Deux formules aux choix sont possibles

Den Alldag am 19. Joerhonnert: Eng thematesch Visitt, fir den Alldag op der Lëtzebuerger Musel am 19. Joerhonnert z’entdecken. Dës Visitt gi mat engem themateschen Atelier ergänzt.

 

 

Geschichte a Kreativitéit: Eng generell Visitt duerch de Musée, zesumme mat engem kreativen Atelier.

La vie quotidienne au XIXème siècle : Une visite thématique pour découvrir la vie quotidienne dans la Moselle luxembourgeoise au XIXème siècle, complétée par un atelier approfondissant le thème de la visite.

 

Les ateliers créatifs historiques : Une visite générale du Musée, complétée par un atelier créatif.

Den Alldag am 19. Joerhonnert

La vie quotidienne au XIXème siècle

Am Kader vun dësen themateschen Visitt-Atelieren, entdecken d’Kanner zesumme mat hiren Enseignanten, d‘Geschicht op der Musel am 19. Joerhonnert. Wärend enger Visite guidée dauchen d’Kanner an d’Geschicht iwwer Iessen, Kleedung oder Hierstellung vu Stoffer an. An engem zweeten Deel steet en Atelier am Mëttelpunkt, geleet vun engem Muséeesmataarbechter, bei dem d’Kanner traditionellt Wëssen praktesch uwenden.

Dans le cadre de ces visites-ateliers thématiques, les enfants, accompagnés de leurs enseignants, d’un guide et d’une médiatrice de l’équipe Musée, découvrent un pan de l’histoire dans la Moselle luxembourgeoise au XIXème siècle. A travers l’histoire de la nourriture, des habitudes vestimentaires ou de la fabrication de tissus, les enfants visiteront le Musée dans une première partie et mettront dans une seconde partie leurs connaissances en pratique dans le cadre d’un atelier découverte.

De Botter a séng Geschicht
Vum Fluess zum Léngen
Traditionnel Kleeder a Stoffer
Diapositive précédente
Diapositive suivante

Bei dësem Visitt-Atelier léieren d‘Kanner mat Freed wéi eis Virfaren am 19. Joerhonnert giess a wéi si gekacht hunn. Mam Beispill vun der Botterhierstellung entdecken si een Deel vun der ländlecher Geschicht vun der Musel. Zesumme mat engem Guide entdecken d’Kanner d’Sammlunge vum Musée op altersgerecht Aart a Weis. De Fokus läit hei op der Entdeckung vu Liewensmëttel am 19. Joerhonnert, besonnesch op der Mëllechveraarbéchtung an den Haiser a hier Evolutioun. Botterromp, Kéis oder Botter an hire Konsum am 19. Joerhonnert si keng Geheimnisser méi fir si! An engem zweeten Deel gëtt dës pedagogesch Visitt mat engem spillereschen Atelier ergänzt. Mat der Hëllefe vun enger Médiatrice, maachen d‘Kanner hiren eegene Botter, mat verschidden Techniken a Rezepter. Si kënnen d’Rezept och doheem nomaachen. Wat e flotten Atelier, fir d’Transformatioun vun der Matière vu flëssege bis fest z’entdecken, fir mat neien Rezepter ze experimentéieren, an natierlech fir hir historesch Wëssen ze verdéiwen a verschidde Liewensweisen kennen ze léieren!

Wärend dësem Visitt-Atelier entdecken d’Kanner d’Konscht fir Fluess an Hanf zu engem Fuedem ze verwandelen. Am éischten Deel huelen d’Kanner un enger Visitt duerch d’Sammlunge vum Musée deel. Eis Guide wäerten de Kanner weisen, wéi ee planzlech Rostoff an e Stoff transforméiert gëtt. Eng Brechel, eng Haaspel, eng Riffel… Wierder, déi een haut net méi oft héiert an deenen hire Verwendungszweck bal vergiess ass. Bei dëser Visitt léieren d‘Kanner d‘Wichtegkeet vum Verschaffe vu Fluess bei den Aarbechten am Alldag am 19. Joerhonnert kennen.

Am zweeten Deel versichen sech d’Kanner wärend ongeféier eng Stonn um historeschen Konschthandwierk vum Wiewen. Equipéiert mat enger Wiefrumm, a mat der Hëllefe vun eiser Médiatrice, loossen si hirer Kreativitéit fräie Laf a léieren en anert naierlech Material kennen: d’Woll.

Am éischten Deel entdecken d’Kanner mat eisem Guide de Musée an seng Sammlung, mat engem Fokus op der Geschicht an der Evolutioun vu Stoffer a Kleeder am 19. an uganks 20. Joerhonnert. Texturen a Faarwen hu keng Geheimnisser méi fir si! Si wäerten och e Schneider-Atelier mat sengem Handwiersgeschier vu méi no betruechte kënnen. An Kleedung aus dem 19. Jh. gekleed, kënnen si an den historesche Raim vum Musée fotograféiert ginn.

Am zweeten Deel wäerten si mat Woll an Holz eng Rumm kreéieren, fir hir Foto ze sammelen an ze weisen. Wärend dësem Atelier gi si vun eiser Médiatrice begleet a sammelen vill schéin Erënnerungen an gi mat neiem Wëssen a punkto Geschicht heem !

Au cours de cette visite-atelier, les enfants feront connaissance avec la nourriture de nos ancêtres au XIXème siècle, en découvrant avec délectation l’exemple des secrets de fabrication du beurre dans l’histoire rurale de la Moselle luxembourgeoise. Accompagnés d’un guide, et dans le cadre d’une approche adaptée à l’âge des petits visiteurs, les enfants parcourront dans un premier temps les collections du Musée, en insistant sur la découverte de l’histoire de la nourriture au XIXème, particulièrement de la production laitière dans les maisons et de ses évolutions. Baratte, fromage ou beurre et leur consommation au XIXème siècle n’auront plus de secrets pour eux ! Cette visite pédagogique sera complétée dans un second temps par la participation à un atelier ludique au cours duquel les enfants créeront, accompagnés par une médiatrice, leur propre beurre de manière artisanale. Différentes techniques et recettes pourront leur être présentés, avec la possibilité de refaire la recette une fois rentrés à la maison. De quoi mettre en pratique ses connaissances scientifiques, découvrir la transformation de la matière du liquide au solide, expérimenter de nouvelles recettes, et bien évidemment, approfondir ses connaissances historiques et découvrir des modes de vie différents dans l’histoire !

Durant cette visite-atelier, les enfants découvriront l’art de transformer la plante du lin et du chanvre en fil. Dans un premier temps, une visite d’environ une heure à travers les collections du Musée accompagnée d’un guide offrira aux élèves une vision de la transformation de la matière végétale en tissu. Préparation de la plante, affinage, peignage, tissage… les collections du Musée regorgent d’outils et d’ustensiles autour de l’histoire de la transformation de cette plante ancestrale. Cette visite sera aussi l’occasion de découvrir l’usage du lin dans l’histoire de la Moselle luxembourgeoise au XIXème siècle.

Dans un second temps, c’est autour d’un atelier mené par une médiatrice que les enfants mettront en pratique leurs découvertes historiques du tissage. Armés d’un petit cadre à tisser, ils se lanceront dans cette activité d’une heure environ dans une création mettant en valeur une autre matière naturelle : la laine.  

Dans un premier temps, pendant environ une heure, les enfants découvriront les collections du Musée accompagnés d’un guide, en insistant sur l’histoire et l’évolution des tissus et des vêtements aux XIXème et début du XXème siècles. Textures et couleurs n’auront plus de secrets pour eux ! Ils découvriront également un atelier de tailleur, et seront étonnés par la taille et le nombre des outils utilisés par cet artisan ! Ils pourront ensuite s’habiller de quelques vêtements anciens, et être pris en photo dans les salles historiques du Musée.

Dans un second temps, afin de recueillir et d’exposer leur photo, ils fabriqueront avec l’aide d’une médiatrice un cadre, mettant en valeur deux matières nobles que sont la laine et le bois. Un atelier pour apprendre tout en se divertissant et repartir avec de nombreux souvenirs à la fois historiques et amusants !

Geschichte a Kreativitéit

Les ateliers créatifs historiques

Am Kader vun dësem Visitt-Ateliere ginn d‘Schüler der Geschicht vum ländlechen Liewen op der Musel am 19. Joerhonnert méi genee op d’Spuer. Mat eisem Guide geet et fir d’éischt duerch d’Sammlunge vum Muséee. E kreativen Atelier mat eiser Médiatrice wäert dëse Moment ergänzen. Kreativitéit, kléng historesch Geheimnisser, flott Geschichten a vill Freed fir eis jonk Visiteuren!

Dans le cadre de ces visites-ateliers, les élèves découvriront l’histoire de la vie rurale au XIXème siècle dans la Moselle luxembourgeoise avec une visite guidée générale d’une heure environ du Musée, et insisteront sur un des aspects de la visite au cours d’un atelier créatif d’une heure autour de la thématique du jeu et mené par une médiatrice.

Den Tic Tac Toe
Strécken a Kreativitéit
Bitzen a Kreativitéit
Diapositive précédente
Diapositive suivante

No enger Visitt vun ongeféier enger Stonn duerch de Musée, maachen d’Kanner en traditionellt Spill: den Tic Tac Toe. Wärend dësem Atelier, dee vun engem Muséesmataarbechter gehale gëtt, bitzen d’Kanner hir eegent Spill mat deem se herno vill Ronne gewanne kënnen. D’Kanner entdecken hei vill Méiglechkeeten kreativ mat verschiddene Materialien wéi Stoff, Steng a Faarwen ze schaffen. Nodeems se hiert Spill gebitzt a gemoolt hunn, dekoréieren se hir Spillfiguren aus Steen a léieren Tipps a Tricks fir ëmmer dee beschten ze sinn. Mee bei eis ginn et keng Verléierer. Jidderee geet mat senger individueller Kreatioun heem. En interessanten Atelier, fir Geometrie spilleresch unzewenden a senger Kreativitéit fräie Laf ze loossen!

No enger Visitt vun ongeféier enger Stonn duerch déi siwen Haiser vum Musée, kréien d’Kanner eng traditionell Art a Weis vu Strécke gewisen. Mat enger Stréckliesel a Woll schaafen si e klenge Schatz, deen se mat heem huelen. Bei dësem flotten Atelier entdecken d’Schoulkanner néi natierlech Materialien a kreativ Techniken, mat vill Spaass fir d’Schüler an d’Léierpersonal.  Eng wonnerbar éischt Approche fir dës traditionell Aktivitéit: d‘Strécken!

Fir d’allgemenge Visitt duerch déi siwen Haiser vum Musée ze vervollstännegen, entdecken d’Schoulkanner e traditionellt Konschthandwierk: d‘Bitzen. E Schnëttmuster maachen, verschidde Stoffer upaken, praktesch Schaffen mat verschiddene geometreschen Formen, Feinarbeit vun der Handaarbecht kenne léieren… Mat der Hëllefe vun eiser Médiatrice, a mat adaptéiert Techniken, bitzen d’Kanner eng Posch, fir hire klenge Schatz ze sammelen. Jidderee geet mat senger individueller Kreatioun heem.

Après une visite d’une heure environ dans les salles historiques du Musée, les enfants s’adonneront à la découverte d’un jeu ancestral, le Tic Tac Toe. Les enfants construiront leur propre plateau de jeu, qui, une fois terminé, servira de base à d’intenses batailles et réflexions amusantes autour de ce jeu ancestral. Ils découvriront tour à tour plusieurs techniques de création, autour du tissu, de la pierre et des couleurs : après avoir cousu et dessiné leur propre plateau de jeu, ils décoreront leurs petits pions faits de galets et apprendront les trucs et astuces pour mieux gagner leur partie. Mais aucun perdant malheureux lors de cet atelier ! Chacun repartira avec sa création originale, avec autant de satisfaction que de fierté face à sa belle créativité. De quoi mettre en pratique les apprentissages autour de la géométrie, la représentation dans l’espace et les arts plastiques !

Après une visite guidée d’une heure environ dans les sept maisons ancestrales du Musée, les enfants seront amenés à la découverte d’un artisanat : le tricotin. A l’aide de cet ustensile et de laine, ils réaliseront chacun leur propre création qu’ils pourront emporter à la maison une fois la visite au Musée terminée. Matière noble et activité ludique, cet atelier haut en couleur mêlant créativité, découverte des matières et des techniques de création ne pourra que plaire aux petits comme aux enseignants ! Une belle première approche de cette activité ancestrale qu’est le tricot !

Pour compléter la visite guidée historique d’une heure environ au sein des sept maisons du Musée, les enfants s’adonneront à un artisanat ancestral au cours d’un atelier d’une durée d’environ une heure : la couture. Aidés par une médiatrice, et dans un discours adapté à l’âge des élèves, les enfants pourront façonner et coudre une pochette, de quoi recueillir ses plus beaux secrets à la sortie de la visite ! Découpage du patron, appréhension des tissus, respect de la géométrie, du tracé et de la précision de la couture… Cet atelier autant ludique que pédagogique saura contenter élèves et enseignants dans leur découverte de l’art exigeant et amusant de la couture.

Praktesch Bedingungen

Guidéiert Visitt: 1 Stonn

 

Workshop: 1 Stonn

 

Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer

 

Fir méi Informatiounen iwwert eis Offer, en Devis, eng Reservatioun oder aner Fro, kënnt Dir eis entweder per E-mail [email protected], per Telefon +352 23 69 73 53 oder iwwert de Reservatiounsformulaire hei ënnen op eiser Website kontaktéieren.

Modalités pratiques

Visite guidée : 1 heure

 

Atelier : 1 heure

 

Pour les enfants de 6 à 12 ans

Pour plus de renseignements sur notre offre, établir un devis, réserver un créneau ou pour toute demande particulière, nous restons à votre disposition par email [email protected] ou par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par le formulaire de réservation ci-dessous.

Réservez votre activité scolaire