Pedagogesche Koffer « Schoul »

De Musée « A Possen » invitéiert Iech, an den Alldag vun enger Léierin an enger Schoul aus de 1920er Joren anzedauchen – an dat mat Hëllef vun engem innovativen, pedagogesche Koffer, deen op all Generatioun zougeschnidden ass.

 

Ideal fir e Familljebesuch oder eng flott Aktivitéit mat Frënn: Op Ärem Tour duerch de Musée entdeckt Dir d’Liewensgeschicht vun der Léierin Marguerite Schmit. A verschiddene Raim waarden spannend Froen, Rätselen an interaktiv Entdeckungen op Iech, déi Iech d’Geschicht op eng spilleresch Aart a Weis méi no bréngen. Dir gitt méi gewuer iwwert d’Entwécklung vum Enseignement a wéi d’Schoul am Laf vun de 1920er Jore funktionéiert huet. Dës nei Form vu Visitt, déi fir jiddereen op ass, verbënnt Spaass mat Wëssen a fënnt hiren Ofschloss mat der Ouverture vun enger Schatzkëscht – an där eng kleng Belounung op all Participant waart!

 

De Koffer ass gratis a steet a franséischer an däitscher Sprooch zur Verfügung (limitéiert Disponibilitéit). Kommt laanscht a loosst Iech vun dëser interaktiver Erliefneswelt begeeschteren – e spannende Wee, fir de Musée op eng nei Aart z’entdecken!

Präis : Gratis (am regulären Entréespräis vum Musée abegraff)
 
Wärend den Ëffnungszäiten vum Musée ausléibar
 
Dauer: +/- 1 Stonn
 
Ouni Reservatioun (limitéiert Disponibilitéit)
 

Sproochen: disponibel op DE an FR