Schoul Offer

De Musée « A Possen » bitt Visitt-Atelieren un, déi speziell fir Grondschoulklasse konzipéiert sinn.

 

Ronn eng Stonn laang entdecken d’Schüler:innen, begleet vun hirem Enseignant oder hirer Enseignante an engem Muséeguide, en historescht Thema duerch eng spilleresch an altersgerecht guidéiert Visitt. Dës Decouverte gëtt duerch e prakteschen Atelier vun ongeféier enger Stonn ergänzt, deen et de Kanner erméiglecht, selwer aktiv ze ginn, ze experimentéieren an an déi traditionell Techniken a Liewensweisen aus vergaangenen Zäiten anzedauchen.

 

Et ginn zwou verschidde Formullen:

  • D’Kanner entdecken d’Alldagsliewen an der lëtzebuergescher Muselregioun am 19. an am Ufank vum 20. Joerhonnert duerch eng thematesch guidéiert Visitt, déi duerch en Atelier zum selwechten Thema ergänzt gëtt.
  • D’Kanner entdecken de Musée duerch eng guidéiert Visitt vu senge Sammlungen a kombinéieren dës mat engem Kreativ-Atelier, an deem si an d’Geometrie, d’Broderie, d’Bitzen oder d’Strécken agefouert ginn. Zum Schluss huelen si hir eege Kreatioun mat heem.

 

Dem Léierpersonal steet e preparatiivt Heft als pedagogesch Ressource zur Verfügung, fir d’Thema vun der guidéierter Visitt am Virfeld mat der Klass ze verdéiwen. En thematescht Spillheft fir d’Schüler:innen ergänzt d’Ressource.

 

De Musée « A Possen » erméiglecht et de Kanner, spilleresch ze léieren, hire Virwëtz, hire Beobachtungssënn an hir Kreativitéit z’entwéckelen an dobäi gläichzäiteg d’Geschicht an d’Kënnen aus vergaangenen Zäite kennenzeléieren.

B Musee enfants R

Zwou Formullen

1 D’Alldagsliewen am 19. an am Ufank vum 20. Joerhonnert

Eng thematesch guidéiert Visitt zur Entdeckung vum Alldagsliewen an der lëtzebuergescher Muselregioun am 19. an am Ufank vum 20. Joerhonnert. Dës Visitt gëtt duerch e passenden Atelier ergänzt, deen dat gewielten Thema verdéift.

 

2 Geschicht a Kreativitéit

Eng allgemeng guidéiert Visitt duerch de Musée, ergänzt duerch e kreativen Atelier.

Formule 1

D’Alldagsliewen am 19. an am Ufank vum 20. Joerhonnert

 

Am Kader vun dësen thematesche Visitt-Atelieren entdecken d’Kanner, begleet vun hirem/hirer Enseignant(e), d’Geschicht vun der Muselregioun am 19. an am Ufank vum 20. Joerhonnert. Wärend enger guidéierter Visitt dauchen d’Kanner an d’Geschicht vun der Ernärung, der Kleedung, dem  handwierklechem Kënnen oder der Schoul an.

 

Am zweeten Deel erméiglecht en Atelier, dee vun enger Mediatrice geleet gëtt, de Kanner, déi wärend der guidéierter Visitt kennegeléiert traditionell Kenntnisser praktesch unzewenden.

4 Thematiken

An dësem Visitt-Atelier entdecken d‘Schüler:innen, wat d’Familljen am ländleche Lëtzebuerger Muselraum am 19. a fréien 20. Joerhonnert giess hunn a wéi si hir Liewensmëttel preparéiert a gekacht hunn. E besonnesche Schwéierpunkt läit dobäi op der Mëllechproduktioun an der Botterhierstellung. Um Beispill vu Botter entdecken si en Deel vun der ländlecher Geschicht vun der Muselregioun.

 

Begleet vun engem Guide entdecken d’Schüler:innen als éischt d’Sammlunge vum Musée op eng altersgerecht Aart a Weis. De Fokus läit op de Liewensmëttel, déi deemools konsuméiert goufen, besonnesch op der Veraarbechtung vun der Mëllech an hirer Entwécklung. D’Geheimnisser vum Botteren, vun der Kéishierstellung oder vum deemolege Konsum vu Mëllechprodukter wäerte fir eis jonk Visiteur:innen kee Geheimnis méi sinn!

 

No der Visitt huelen d’Schüler:innen un engem spillereschen Atelier deel, dee vun enger Mediatrice animéiert gëtt. Si léieren déi traditionell Hierstellung vu Botter mat Hëllef vun engem Botterfaass kënnen. Eng Form steet hinnen och zur Verfügung, fir dem Botter eng originell Form ze ginn. Dëse selwer geformte Botter dierfen si dono mat heem huelen (et ass obligatoresch, eng kleng Killbox matzebréngen, fir de Botter ze konservéieren).

Dës praktesch a flott Aktivitéit erméiglecht et, al Techniken auszeprobéieren, d’Veraarbechtung vu Matièren ze verstoen an den Alldag vu fréier besser nozevollzéien.

 

Den Atelier ass vu Juni bis September net disponibel.

 

* Aus hygieenesche Grënn a wéinst der Sécherheet vun de Liewensmëttel, kënnen d’Produiten déi wärend em Atelier hiergestallt ginn, duerch gläichwäerteg Produiten aus dem Handel ersat ginn.

An dësem Visitt-Atelier entdecken d’Schüler:innen, wéi aus Planze mëttels verschiddenen handwierklechen Technike verschidde Géigestänn hiergestallt ginn. Zwee Beispiller stinn dobäi am Mëttelpunkt: d’Wiewerei, mat der Veraarbechtung vu Fluess an Hanf, an d’Kuerfflechterei, besonnesch mëttels Kar oder Weiderutten.

 

Begleet vun engem Guide entdecken d’Schüler:innen als éischt d’Sammlunge vum Musée op eng altersgerecht Aart a Weis. Eng Brechel, eng Haaspel, e Weidenbeil… Begrëffer, déi een haut bal net méi héiert, Geschier, deem seng Notzung deels vergiess ginn ass. De Schwéierpunkt läit dorop, wéi dës Planze mat Hëllef vun dësem Geschier zu Géigestänn verschafft goufen, ewéi och op dem handwierkleche Wëssen, dat domat verbonnen an an de ländleche Liewensofleef vun der Lëtzebuerger Muselregioun am 19. Joerhonnert agebett war.

 

Am zweeten Deel vun dësem Visitt-Atelier kënnen d’Schüler:innen ronn eng Stonn laang selwer an d’historesch Handwierk vum Wiewen andauchen. Equipéiert mat engem klenger Wiefrumm an ënnert der Leedung vun enger Mediatrice, däerfen si hirer Kreativitéit fräie Laf loossen.

Am éischten Deel vun dësem Visitt-Atelier entdecken d’Schüler:innen, begleet vun engem Guide, de Musée an seng Sammlungen, mat engem spezielle Fokus op der Geschicht a Entwécklung vu Stoffer a Kleeder am 19. Joerhonnert an Ufank vum 20. Joerhonnert. Alldagskleeder, natierlech Stoffer an d’Geschicht vum Handwierk stinn do um Programm.

 

An den Ateliere vum Schneider a vum Schouster hunn d’Schüler:innen d’Geleeënheet, d’Aarbechtsweisen a -Geschier vun dëse Beruffer ënnert d’Lupp ze huelen a esou méi doriwwer ze léieren.

 

Fir voll an d’Welt vun de Kleeder vun där Zäit anzedauchen, hunn déi jonk Visiteuren:innen d’Méiglechkeet, historesch Kleeder unzedoen an sech an de historesche Raim vum Musée fotograféieren ze loossen. Am zweeten Deel vun dësem Visitt-Atelier gestalten d’Schüler:innen duerno eng Rumm aus Holz a Woll, deen dës Fotoen ophëlt. Wärend dësem Atelier ginn si vun enger Mediatrice begleet, sammele vill wäertvoll Erënnerungen a huele vill nei historesch Kenntnisser mat Heem!

Mat engem pädagogesche Koffer ginn d’Schüler:innen agelueden, eng Rees an d’Vergaangenheet ze maachen an den Alldag vun enger Léierin ronderëm d’Joer 1925 z’entdecken. De Parcours, a Form vun engem Spill mat Rätselen, erzielt d’Geschicht vun der Marguerite Schmit, enger fiktiver Figur, déi op historesche Recherchë baséiert. Si hëlleft dobäi, d’Realitéit vun der Schoul an der Gesellschaft vun där Zäit besser ze verstoen.

 

Dës spilleresch a gläichzäiteg léierräich Rees verfollegt verschidden Ziler:

  • en Abléck an d’Beruffsliewe vun enger Léierin um Ufank vum 20. Joerhonnert ginn;
  • weisen, wéi sech d’Schoul an d’Roll vun de Fraen am Laf vun der Zäit entwéckelt hunn;
  • zu enger kritescher Reflexioun iwwer d’Plaz an d’Bild vun der Fra an der Gesellschaft ureegen.

 

D’Schüler:innen begleeden d’Marguerite an hirem Beruff, andeems si verschidden Erausfuerderunge meeschteren. All Fach vum Koffer behandelt e bestëmmt Thema an enthält Rätselen, déi mat Objeten aus dem Musée verbonne sinn. Dës Objeten invitéieren dozou, ze observéieren, ze diskutéieren an nozedenken.

 

All richteg Äntwert erméiglecht et, am Spill virunzekommen: D’Schüler:innen sammelen Zuelen, déi um Enn zu engem geheime Code zesummegesat ginn. Mat dësem Code kann eng Schatzkëscht opgemaach ginn – eng kleng Belounung fir déi gemeinsam Ustrengungen.

 

D’Visitt gëtt duerch e prakteschen Atelier ergänzt, an deem d’Schreiwen a Sütterlin, enger aler däitscher Handschrëft, am Mëttelpunkt steet. Mat Fieder an Tënt léieren d’Schüler:innen dës usprochsvoll Schrëft kennen, déi d’Feinmotorik, d’Gedold an de Sënn fir Detailer fërdert.

 

Als Souvenir vun dësem Atelier gestalt all Schüler:in eng personaliséiert Kaart a Sütterlin – en eenzegaartegen Objet fir ze behalen oder ze verschenken.

 

Dank dësem originellen Usaz entdecken d’Schüler:innen d’Schoul vu fréier a stelle gläichzäiteg Verbindungen zu hirem eegenen Alldag hier. De pädagogesche Koffer an den Atelier bilden eng besonnesch Léiererfarung, déi Geschicht, Spill, Reflexioun a Kreativitéit matenee verbënnt.

Formule 2

Geschicht a Kreativitéit

 

Am Kader vun dësem Visitt-Atelier entdecken d’Schüler:innen d’Geschicht vum ländleche Liewen an der lëtzebuergescher Muselregioun am 19. Joerhonnert an um Ufank vum 20. Joerhonnert. Begleet vun engem Guide entdecken si als éischt d’Sammlunge vum Musée.

 

Duerno gëtt dës Visitt duerch e kreativen Atelier ergänzt, dee vun enger Mediatrice geleet gëtt. Kreativitéit, kleng historesch Geheimnisser, flott Geschichten a vill Entdeckunge stinn am Mëttelpunkt vun dësem Erliefnis!

4 Atelieren

No enger Visitt vu ronn enger Stonn am Musée stellen d’Schüler:innen en traditionellt Spill hier: den Tic-Tac-Toe. Wärend dësem Atelier, dee vun enger Mediatrice geleet gëtt, gëtt gebitzt, gemoolt a gespillt. Dobäi experimentéieren an entdecken d’Schüler:innen verschidde Materialien ewéi Stoffer, Steng a Faarwen, a loossen hirer Kreativitéit fräie Laf!

 

Nodeems si hiert eegent Spill komplett gebitzt, dekoréiert a bemoolt hunn, kréien d’Schüler:innen e puer Tipps, fir richteg Tic-Tac-Toe-Championen ze ginn. Mä opgepasst: och wann een net gewënnt, geet keen als Verléierer aus dësem Atelier eraus, well jidderee geet mat senger perséinlecher Kreatioun heem!

 

En ënnerhalsamen Atelier, fir d’Geometrie op eng spilleresch Aart a Weis unzegoen an der Kreativitéit fräie Laf ze loossen!

No enger Visitt vu ronn enger Stonn am Musée entdecken d’Schüler:innen am Kader vum zweeten Deel vun dëser Visitt-Atelier dat traditionellt Handwierk vum Strécken.

 

Mat Hëllef vun enger Stréckliesel a Woll stellen d’Schüler:innen, ënnert der Leedung vun enger Mediatrice, e klenge Souvenir a Form vun engem Bracelet hier. Dësen ënnerhalsamen Atelier ass eng flott Aféierung an dat traditionellt Handwierk vum Strécken!

No enger Visitt vu ronn enger Stonn am Musée entdecken d’Schüler:innen am Kader vun dësem Visitt-Atelier en traditionellt Handwierk: d’Bitzen.

 

Dëse Bitzatelier erméiglecht de Schüler:innen, e Schnëttmuster virzebereeden, verschidden Texturen z’entdecken a mat Formen ze schaffen, wärend si gläichzäiteg hir Feinmotorik entwéckelen. Ënnert der Leedung vun enger Mediatrice maachen si eng kleng Posch oder en Teddybier (jee no Uweisung vum Enseignant/vun der Enseignante) a huelen dës/dësen dono als Erënnerung un dës kreativ Erfarung mat heem.

No enger Visitt vu ronn enger Stonn am Musée entdecken d’Schüler:innen am zweeten Deel vun dësem Visitt-Atelier dat traditionellt Handwierk vun der Broderie.

 

Wärend dësem Broderie-Atelier léieren d’Schüler:innen mam Fuedem an der Nol ze schaffen, entdecken d’Faarwen an entwéckelen hir Präzisioun a Feinmotorik. Ënnert der Leedung vun enger Mediatrice maachen si e personaliséierte Bandana, op deen si hir Initialen oder en dekoratiivt Motiv brodéiere kënnen, a huelen dësen dono mat heem.

Praktesch Informatiounen

Guidéiert Visitt: ronn 1 Stonn

 

Atelier: ronn 1 Stonn

 

Public: Kanner vu 6 bis 12 Joer

 

Sproochen:

  • Guidéiert Visitt: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch
  • Atelier: Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch

Accessibilitéit: nëmmen deelweis zougänglech fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit (merci eis virdrun ze kontaktéieren).

 

D’Gruppe fir d’guidéiert Visitt sinn op 15 Persoune pro Guide limitéiert. Bei méi grousse Gruppe mussen d’Gruppe gedeelt, a verschidde guidéiert Visitte reservéiert ginn.

Fir méi Informatiounen iwwer d’Schouloffere vum Musée « A Possen », fir en Devis unzefroen, eng Reservatioun ze maachen oder fir all aner Froen, kontaktéiert eis w.e.g. per E-Mail iwwert [email protected], per Telefon iwwert +352 23 69 73 53, oder fëllt de Reservatiounsformular op eiser Websäit www.musee-possen.lu aus.

 

De Musée « A Possen » a seng Ekipp freeën sech op Äre Besuch!

D’Wäistuff Possenhaus

Firwat d’Visitt net mat engem leckere Miseler Kascht ofschléissen? De Musée « A Possen » bitt Iech e komplett Erliefnis zesumme mat sengem Restaurant,deen sech direkt niewent dem Musée befënnt, der « Wäistuff Possenhaus ». No dem Entdecke  vun den Ausstellungen a der Participatioun un den Ateliere kënnen d’Kanner d’Visitt mat engem gemittlechen, op hire Goût ugepassten Iesse verlängeren.

 

Wann Dir méi Informatiounen iwwer d’Menue a Tariffer wëllt kréien, oder en Iesse virun, wärend oder no der Muséesvisitt, organiséieren wëllt, da gitt dëst w.e.g. an Ärer Ufro un.

 

Eng Lëscht vun den Allergene gëtt dem Devis bäigefüügt, fir d’alimentaire Sécherheet vu jidderengem ze garantéieren.

Reservéiert är Schoul Aktivitéit