Évènements
-
-
30. Oktober – Geeschter bréngen Chaos an de Musée!
ONLINE TICKET 30. Oktober - Geeschter bréngen Chaos an de Musée!Den 30. Oktober ab 17 Auer si Kleng a Grouss (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) invitéiert, eng immersiv a geheimnisvoll Aventure am Musée z‘erliewen! Geeschter hunn d’Possenhaus op d'Kopp geheit an elo läit et bei Iech, erëm fir Uerdnung ze suergen. Beim Erfuersche vun all Raum stousst Dir op kniwweleg RätselenContinue reading "30. Oktober – Geeschter bréngen Chaos an de Musée!"
-
31. Oktober – Mir feieren d‘Trauliicht am Musée « A Possen »
ONLINE TICKET 31. Oktober - Mir feieren d'Trauliicht am Musée "A Possen"Et ass Traditioun! Och dëst Joer brennen nees d‘Trauliichter am Musée « A Possen ». An eisem intergenerationellen Atelier vum 31. Oktober kënne Kléng a Grouss (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) ënnert der Leedung vun eiser Mediatrice hiert eegent Trauliicht maachen.Continue reading "31. Oktober – Mir feieren d‘Trauliicht am Musée « A Possen »"
-
-
14. November – Mir baken e Boxemännchen!
ONLINE TICKET 14. November - Mir baken e Boxemännchen!Samschdes, de 14. November, hunn d’Kanner tëscht 6 a 12 Joer d‘Geleeënheet, e kreativen a kulinareschen Nomëtten am Musée « A Possen » z‘erliewen, andeems si hiren eegene Boxemännchen hierstellen! Mat Hëllef vun eiser Mediatrice preparéieren si e cremegen Dech op Basis vu wäissem Kéis, rullen dësenContinue reading "14. November – Mir baken e Boxemännchen!"
-
15. November – D’Musel wärend der belscher Revolutioun – Eng Konferenz vum Sébastien Vecchiato
15. November - D’Musel wärend der belscher Revolutioun – Eng Konferenz vum Sébastien VecchiatoAm Joer 1830 brécht déi belsch Revolutioun aus, an en Deel vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung schléisst sech hire Fuerderungen un. Tëscht 1830 an 1839 gëtt Lëtzebuerg bis zur Ënnerschrëft vum Londoner Traité am Joer 1839 vun der Belsch verwalt. Dëse Vertrag garantéiertContinue reading "15. November – D’Musel wärend der belscher Revolutioun – Eng Konferenz vum Sébastien Vecchiato"
-
21. November – Mir baken e Boxemännchen!
ONLINE TICKET 21. November - Mir baken e Boxemännchen!Well eise Boxemännerchersatelier esou gefrot ass, hunn d‘Kanner tëscht 6 a 12 Joer den 21. November direkt nach emol d‘Geleeënheet, e kreativen a kulinareschen Nomëtten am Musée « A Possen » ze verbréngen an hiren eegene Boxemännchen hierstellen! Mat Hëllef vun eiser Mediatrice preparéieren si e cremegen DechContinue reading "21. November – Mir baken e Boxemännchen!"
-
28. November – Mir bannen en Adventskranz!
ONLINE TICKET 28. November - Mir bannen en Adventskranz!D’Adventszäit steet virun der Dier a do ass en Adventskranz Traditioun! Den 28. November kënne Kléng a Grouss (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) am Kader vun engem intergenerationellen Atelier an ënnert der Leedung vun eiser Mediatrice hiren eegenen Adventskranz bannen. Dobäi wäerten der eegener Kreativitéit keng Grenze gesatContinue reading "28. November – Mir bannen en Adventskranz!"
-
-
11. Dezember – Mysteriéisen Zwëschefall am Possenhaus: Dat verschwonnent Holz
ONLINE TICKET 11. Dezember - Mysteriéisen Zwëschefall am Possenhaus: Dat verschwonnent Holz Den 11. Dezember, ab 17 Auer, si Kleng a Grouss (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) invitéiert, eng immersiv Aventure am Häerz vum 19. Joerhonnert z‘erliewen! Am Duerf vu Bech-Maacher si d’Awunner:innen vum Possenhaus zréck doheem ukomm… ma wéi si d’DierContinue reading "11. Dezember – Mysteriéisen Zwëschefall am Possenhaus: Dat verschwonnent Holz"
-
12. Dezember – D’Bakstuff mécht hir Dieren op!
ONLINE TICKET 12. Dezember - D'Bakstuff mécht hir Dieren op!An eisem Kanneratelier (fir Kanner vu 6 bis 12 Joer) vum 12. Dezember, preparéiert jiddereen seng eege Kichelcher! Zesumme mat eiser Mediatrice stellen d’Kanner am éischten Deel vum Atelier hiren eegenen Dech hier. Ass dëse bis ausgerullt, ginn d’Kichelcher ausgestach, gebak an no Loscht a Laun dekoréiert.Continue reading "12. Dezember – D’Bakstuff mécht hir Dieren op!"
-
19. Dezember – D’Bakstuff mécht hir Dieren op!
ONLINE TICKET 19. Dezember - D'Bakstuff mécht hir Dieren op!An eisem Kanneratelier (fir Kanner vu 6 bis 12 Joer) vum 19. Dezember, preparéiert jiddereen seng eege Kichelcher! Zesumme mat eiser Mediatrice stellen d’Kanner am éischten Deel vum Atelier hiren eegenen Dech hier. Ass dëse bis ausgerullt, ginn d’Kichelcher ausgestach, gebak an no Loscht a LaunContinue reading "19. Dezember – D’Bakstuff mécht hir Dieren op!"
