Évènements
-
-
Valise pédagogique « Schoul »
Valise pédagogique "Schoul"De Musée « A Possen » invitéiert Iech, an den Alldag vun enger Léierin an enger Schoul aus de 1920er Joren anzedauchen – an dat mat Hëllef vun engem innovativen, pedagogesche Koffer, deen op all Generatioun zougeschnidden ass.Ideal fir e Familljebesuch oder eng flott Aktivitéit mat Frënn: Op Ärem Tour duerch de MuséeContinue reading "Valise pédagogique « Schoul »"
-
Valise pédagogique « Emigratioun »
Valise pédagogique "Emigratioun"De Musée « A Possen » invitéiert Iech, den Alldag vun engem Miseler Wënzer a senger Famill an der Mëtt vum 19. Joerhonnert z‘entdecken – an dat mat Hëllef vun engem innovativen, pedagogesche Koffer, deen der Emigratioun an d’Vereenegt Staate gewidmet ass. Ideal fir e Familljebesuch oder eng flott Aktivitéit mat Frënn: Op Ärem TourContinue reading "Valise pédagogique « Emigratioun »"
-
1. Juli – 31. Dezember – Laterna Magica: Eng Rees an d’Häerz vun de Geschichten
1. Juli - 31. Dezember -Laterna Magica: Eng Rees an d’Häerz vun de GeschichtenVirum Kino an de moderne Bildschiermer gouf et eng ganz Welt vu beweegte Biller an optesche Spektakelen. D’Laterna Magica, déi hiren Ursprong an de Schattespiller huet, huet et erméiglecht, Biller, déi op Glasplacke reproduzéiert waren, op d’Maueren ze projezéieren. Am 19. JoerhonnertContinue reading "1. Juli – 31. Dezember – Laterna Magica: Eng Rees an d’Häerz vun de Geschichten"
-
12. September – Aus Äppel gëtt Viz!
ONLINE TICKET 12. September - Aus Äppel gëtt Viz!Samschdes 12. September, kënne Kleng a Grouss (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) un der Säit vun eiser Mediatrice den Hierstellungsprozess vu Viz entdecken. Iwwert d‘suergfälteg Auswiel, d‘Zerklengeren a Muele bis hin zum Presse vun de Friichten – et gëtt kee Schratt ausgelooss mëttels enger spezifescherContinue reading "12. September – Aus Äppel gëtt Viz!"
-
19. September – Mir maachen Äppelkompott!
ONLINE TICKET 19. September - Mir maachen Äppelkompott!De September ass Äppelsaison! Dofir invitéiere mir Kanner vu 6 bis 12 Joer op e saisonalen a kulinareschen Atelier, wou si léieren, Äppelkompott ze kachen. Un der Säit vun eiser Mediatrice wäerten d’Kanner d’Friichte schielen, zerklengeren a mat där eng oder anerer Geheimzutat akachen. Wärenddeems d’Äppel lues aContinue reading "19. September – Mir maachen Äppelkompott!"
-
-
10. Oktober – Mir halen dem Hierscht seng Faarwe fest!
ONLINE TICKET 10. Oktober - Mir halen dem Hierscht seng Faarwe fest!Am Oktober verfierwen sech d’Blieder un de Beem a liichten an deene schéinste Faarwen – vu Giel, iwwert Orange bis hin zu engem donkele Rout, et ass alles dobäi. An eisem Kanneratelier (fir Kanner vu 6 bis 12 Joer) vum 10. Oktober wäerten déiContinue reading "10. Oktober – Mir halen dem Hierscht seng Faarwe fest!"
-
11. Oktober – Duerch d’Archive: Fluess an Hanf an der ländlecher lëtzebuergescher Muselregioun – Eng Konferenz vum Adeline Karcher
11. Oktober - Duerch d’Archive: Fluess an Hanf an der ländlecher lëtzebuergescher Muselregioun - Eng Konferenz vum Adeline KarcherAm ländleche Lëtzebuerger Deel vun der Muselregioun war den Alldag am 18. an 19. Joerhonnert staark vu Selbstversuergung gepräägt. D’Awunner:innen hunn hir Liewensmëttel souwéi déi meescht Alldagsgéigestänn selwer produzéiert an dobäi iwwerliwwert Wësse mat bewäertem handwierklechem Kënnen aContinue reading "11. Oktober – Duerch d’Archive: Fluess an Hanf an der ländlecher lëtzebuergescher Muselregioun – Eng Konferenz vum Adeline Karcher"
-
16. & 17. Oktober: Journées Européennes du Patrimoine Luxembourg
16. & 17. Oktober: Journées Européennes du Patrimoine LuxembourgAm Kader vun de Journées Européennes du Patrimoine Luxembourg kennt Dir de Patrimoine an de Musée « A Possen » op eng ganz besonnesch Aart a Weis erliewen! Wärend enger immersiver Féierung gitt Dir mat verbonnenen Aen duerch de Musée a loosst Är aner Sënner d’Féierung iwwerhuelen. Begleet vun eise Mediateuren/Mediatricen, entdeckt Dir d’Geschicht vunContinue reading "16. & 17. Oktober: Journées Européennes du Patrimoine Luxembourg"
-
24. Oktober – Erlieft d’Magie vun beweegte Biller am Musée « A Possen »!
ONLINE TICKET 24. Oktober - Erlieft d’Magie vun beweegte Biller am Musée « A Possen »!De 24. Oktober si Kleng a Grouss (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) invitéiert, an d’zauberhaft Welt vun de Laterna Magica anzedauchen.Ënnert der Leedung vun eiser Mediatrice stellt Dir Är eege Laterna Magica hier – en historeschen Apparat,Continue reading "24. Oktober – Erlieft d’Magie vun beweegte Biller am Musée « A Possen »!"
-
30. Oktober – Geeschter bréngen Chaos an de Musée!
ONLINE TICKET 30. Oktober - Geeschter bréngen Chaos an de Musée!Den 30. Oktober ab 17 Auer si Kleng a Grouss (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) invitéiert, eng immersiv a geheimnisvoll Aventure am Musée z‘erliewen! Geeschter hunn d’Possenhaus op d'Kopp geheit an elo läit et bei Iech, erëm fir Uerdnung ze suergen. Beim Erfuersche vun all Raum stousst Dir op kniwweleg RätselenContinue reading "30. Oktober – Geeschter bréngen Chaos an de Musée!"
-
31. Oktober – Mir feieren d‘Trauliicht am Musée « A Possen »
ONLINE TICKET 31. Oktober - Mir feieren d'Trauliicht am Musée "A Possen"Et ass Traditioun! Och dëst Joer brennen nees d‘Trauliichter am Musée « A Possen ». An eisem intergenerationellen Atelier vum 31. Oktober kënne Kléng a Grouss (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) ënnert der Leedung vun eiser Mediatrice hiert eegent Trauliicht maachen.Continue reading "31. Oktober – Mir feieren d‘Trauliicht am Musée « A Possen »"
-
-
4. November – Bau dir deng eege Laterna Magica!
ONLINE TICKET 4. November - Bau dir deng eege Laterna Magica!Mëttwochs, de 4. November, hunn d’Kanner tëscht 6 a 12 Joer d’Geleeënheet, e kreativen Nomëtteg am Musée « A Possen » ze erliewen, andeems si hir eege Laterna Magica bauen. Ënnert der Leedung vun enger Mediatrice bauen si als éischt hir Këscht, ier eng LënsContinue reading "4. November – Bau dir deng eege Laterna Magica!"
-
14. November – Mir baken e Boxemännchen!
ONLINE TICKET 14. November - Mir baken e Boxemännchen!Samschdes, de 14. November, hunn d’Kanner tëscht 6 a 12 Joer d‘Geleeënheet, e kreativen a kulinareschen Nomëtten am Musée « A Possen » z‘erliewen, andeems si hiren eegene Boxemännchen hierstellen! Mat Hëllef vun eiser Mediatrice preparéieren si e cremegen Dech op Basis vu wäissem Kéis, rullen dësenContinue reading "14. November – Mir baken e Boxemännchen!"
-
15. November – D’Musel wärend der belscher Revolutioun – Eng Konferenz vum Sébastien Vecchiato
15. November - D’Musel wärend der belscher Revolutioun – Eng Konferenz vum Sébastien VecchiatoAm Joer 1830 brécht déi belsch Revolutioun aus, an en Deel vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung schléisst sech hire Fuerderungen un. Tëscht 1830 an 1839 gëtt Lëtzebuerg bis zur Ënnerschrëft vum Londoner Traité am Joer 1839 vun der Belsch verwalt. Dëse Vertrag garantéiertContinue reading "15. November – D’Musel wärend der belscher Revolutioun – Eng Konferenz vum Sébastien Vecchiato"
-
21. November – Mir baken e Boxemännchen!
ONLINE TICKET 21. November - Mir baken e Boxemännchen!Well eise Boxemännerchersatelier esou gefrot ass, hunn d‘Kanner tëscht 6 a 12 Joer den 21. November direkt nach emol d‘Geleeënheet, e kreativen a kulinareschen Nomëtten am Musée « A Possen » ze verbréngen an hiren eegene Boxemännchen hierstellen! Mat Hëllef vun eiser Mediatrice preparéieren si e cremegen DechContinue reading "21. November – Mir baken e Boxemännchen!"
-
28. November – Mir bannen en Adventskranz!
ONLINE TICKET 28. November - Mir bannen en Adventskranz!D’Adventszäit steet virun der Dier a do ass en Adventskranz Traditioun! Den 28. November kënne Kléng a Grouss (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) am Kader vun engem intergenerationellen Atelier an ënnert der Leedung vun eiser Mediatrice hiren eegenen Adventskranz bannen. Dobäi wäerten der eegener Kreativitéit keng Grenze gesatContinue reading "28. November – Mir bannen en Adventskranz!"
-
-
11. Dezember – Mysteriéisen Zwëschefall am Possenhaus: Dat verschwonnent Holz
ONLINE TICKET 11. Dezember - Mysteriéisen Zwëschefall am Possenhaus: Dat verschwonnent Holz Den 11. Dezember, ab 17 Auer, si Kleng a Grouss (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) invitéiert, eng immersiv Aventure am Häerz vum 19. Joerhonnert z‘erliewen! Am Duerf vu Bech-Maacher si d’Awunner:innen vum Possenhaus zréck doheem ukomm… ma wéi si d’DierContinue reading "11. Dezember – Mysteriéisen Zwëschefall am Possenhaus: Dat verschwonnent Holz"
-
12. Dezember – D’Bakstuff mécht hir Dieren op!
ONLINE TICKET 12. Dezember - D'Bakstuff mécht hir Dieren op!An eisem Kanneratelier (fir Kanner vu 6 bis 12 Joer) vum 12. Dezember, preparéiert jiddereen seng eege Kichelcher! Zesumme mat eiser Mediatrice stellen d’Kanner am éischten Deel vum Atelier hiren eegenen Dech hier. Ass dëse bis ausgerullt, ginn d’Kichelcher ausgestach, gebak an no Loscht a Laun dekoréiert.Continue reading "12. Dezember – D’Bakstuff mécht hir Dieren op!"
-
19. Dezember – D’Bakstuff mécht hir Dieren op!
ONLINE TICKET 19. Dezember - D'Bakstuff mécht hir Dieren op!An eisem Kanneratelier (fir Kanner vu 6 bis 12 Joer) vum 19. Dezember, preparéiert jiddereen seng eege Kichelcher! Zesumme mat eiser Mediatrice stellen d’Kanner am éischten Deel vum Atelier hiren eegenen Dech hier. Ass dëse bis ausgerullt, ginn d’Kichelcher ausgestach, gebak an no Loscht a LaunContinue reading "19. Dezember – D’Bakstuff mécht hir Dieren op!"
