Chargement Évènements
3. August – Wine Culture Enjoy 2024

Konscht op GLAS

Am Kader vun der Manifestatioun „Wine Culture Enjoy“ an Zesummenaarbecht mat der ORT de la Moselle luxembourgeoise, invitéiere mir Iech häerzlech op eisen intergenerationelle Workshop „Konscht op GLAS“. Am Kader vun dësem Workshop an ënnert der Hëllef vun eiser Mediatrice kennt Dir e Glas verschéineren, andeems Dir Mol- a Technik vun der Gravure kenneléiert. Begleet eis op engem Nomëtteg voller Kreativitéit an Austosch tëscht de Generatiounen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn), fir zesummen d’Konscht vun der Gravure an der Glasmolerei kenneléieren. Egal ob Dir scho geüübt sidd, oder des Technike fir déi éischte Kéier entdeckt, dëse Workshop ass déi perfekt Geleeënheet, an enger gemittlecher a frëndlecher Ambiance eng bleiwend Erënnerung ze schafen. Als Ergänzung dozou, kënnt Dir och nach e puer flott Etikette gestalten. Um Enn vum Workshop kennt Dir Iech gären an d’Wäistuff beginn, wou Dir e Glas Miseler Wäi kënnt genéissen (Jee no Verfügbarkeet vum Restaurateur. Dëst Glas ass net am Präis vum Workshop enthal).

Art sur VERRE 

Dans le cadre de la manifestation « Wine Culture Enjoy » en partenariat avec l’ORT de la Moselle luxembourgeoise, nous avons le plaisir de vous inviter à notre atelier intergénérationnel « Art sur VERRE ». Au cours de cet atelier, et aidé par notre médiatrice, vous pourrez embellir un verre en découvrant des techniques de peinture et de gravure. Rejoignez-nous pour une après-midi de créativité et d’échange où les générations se réunissent (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte) pour explorer l’art de la gravure et peinture sur verre. Que vous soyez déjà amateur ou que vous découvriez ces techniques pour la première fois, cet atelier est l’occasion parfaite de créer un souvenir durable dans une ambiance chaleureuse et conviviale. En complément, vous fabriquerez de jolies étiquettes décorées. A la fin de cet atelier, n’hésitez pas à vous rendre à la Wäistuff pour profiter d’un verre de vin de Moselle (Dans la limite des disponibilités du restaurateur. Verre non compris dans le prix de l’atelier).

Samschdes, den 3 August.

 

Vu 14:00 bis 17:00 

 

All Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn).

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].

 

Präis: 1 Persoun: 25 €; 2 Persounen: 30 €; 3 Persounen: 35€; 4 Persounen: 40 €; 4+ Persounen: Präis op Ufro.

Samedi 3 août.

 

De 14h à 17h.

 

Tout public. Les enfants doivent être accompagnés d’un adulte.

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected].

 

Prix : 1 personne : 25 € ; 2 personnes : 30 € ; 3 personnes : 35 € ; 4 personnes : 40 € ; 4+ personnes : Prix sur demande