Immersion sensorielle au Musée « A Possen »
Entdeckt de Musée «A Possen »a säi Patrimoine op eng originell an ongewéinlech Aart a Weis.
Bei enger immersiver Féierung an enger gemittlecher Atmosphär entdeckt Dir, mat zouenen Aen, verschidde Raim vum Musée a loosst Är aner Sënner d’Rudder iwwerhuelen. De Parcours ass esou gestalt, datt Dir d’Eegenschafte vum Raum méi bewosst wouerhuelt: d’Materialien, d’Dimensiounen, d’Geräischer, d’Atmosphär, d’Rhythmen, d’Temperaturen an d’Notzung vun der Plaz.
Mat Hëllef vun enger Rei Rätsele sidd Dir och invitéiert, Är Sënner ze benotzen, andeems Dir verschidden Objeten upaakt, dru richt a liicht drop klappt. Fannt eraus, ëm wéi eng Objeten et sech handelt a wéi eng Beruffer sech hannert dësem Handwierksgeschier verstoppen!
Zesumme mat eise Mediateuren entdeckt Dir d’Geschicht vun der Architektur, de Miwwelen an den alldeeglechen Objeten aus dem Enn vum 19. Joerhonnert an dem Ufank vum 20. Joerhonnert, andeems Dir op Äert Gehéier, Ären Taaschtsënn an Äre Gerochssënn zeréckgräift.
Loosst Iech vun Äre Sënner leeden a erlieft eng eenzegaarteg Erfarung vum Patrimoine!
Découvrez le Musée « A Possen » et son patrimoine à travers une approche originale et décalée.
Au cours d’une visite guidée immersive, dans une ambiance conviviale, vous explorerez certaines salles du musée les yeux bandés, laissant vos autres sens prendre le relais. Le parcours est pensé pour favoriser l’attention aux qualités de l’espace : matériaux, volumes, sons, ambiances, rythmes, températures et usages du lieu.
À travers une série de devinettes, vous serez aussi invités à faire appel à vos sens en touchant, sentant et tapotant différents objets. À vous de deviner de quels objets il s’agit et quels métiers se cachent derrière ces outils !
Guidés par nos médiateurs, vous découvrirez l’histoire de l’architecture, du mobilier et des objets du quotidien de la fin du 19e siècle et du début du 20e siècle en faisant appel à l’ouïe, au toucher et à l’odorat. Laissez vos sens vous guider et vivez une expérience patrimoniale unique !
Sproochen: LU, FR, DE, EN
Deelweis zougänglech fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit, kontaktéiert eis.
Tarif : Visite guidée 80 €/Guide/1h + Entrée du Musée 5 €/pers. (entrée gratuite pour les enfants)
Langues : LU, FR, DE, EN
Accessible partiellement aux personnes à mobilité réduite, nous contacter.