L’histoire du musée

Geschicht vum Musée

Op Initiativ vun der Generaldirektioun fir Tourismus, gouf 2018, an engem participative Prozess an enker Zesummenaarbecht mat den touristeschen, kulturellen, lokal a regionalen Acteuren en neit Muséeskonzept fir de Musée A Possen ausgeschafft a wat elo ëmgesat gëtt.

De Musée A Possen gouf vum Prosper a Gaby Kayser-Gales gegrënnt. D’Koppel hat eng grouss Leidenschaft fir lokal Geschicht a Konscht a ware passionéiert Sammler vun historeschen Alldagsgéigestänn. 1965 hu si d’Haus A Possen vu Bech-Maacher, aus dem Joer 1617 kaaft. De Musée huet 2 Joer duerno 1967 fir déi éischte Kéier seng Dieren der Ëffentlechkeet opgemaach. No an no huet d’Famill Kayser-Gales weider Haiser opkaaft an dem Bestand vum Musée bäigefüügt. 1972 gouf d’Associatioun „Les Amis du Possenhaus et du Folklore Mosellan A.s.b.l.“ mat der Missioun regional Geschicht a Kultur ze promovéieren, gegrënnt.1977 huet de Restaurant „Wäistuff A Possen“ seng éischt Gäscht mat regionaler Kichen a geselleger Atmosphär empfaangen. Ob der Basis vun enger Konventioun mat der Generaldirektioun fir Tourismus an der Gemeng Schengen, gëtt de Musée A Possen zanter 1993 vun der Fondatioun Possenhaus gefouert. D’Aufgab vun der Fondatioun ass et de Musée a seng Sammlung ze geréieren an ze erhalten, esou wéi de lokale Patrimoine ze valoriséieren.

Histoire du Musée

A l’initiative de la Direction générale du tourisme  un nouveau concept muséal a été développé en 2018 dans une démarche participative et en étroite collaboration avec des acteurs touristiques, culturels et associatifs de la région.

 

Le musée « A Possen » naît de la volonté d’un couple de collectionneurs, passionné par l’histoire de la Moselle luxembourgeoise, Gaby et Prosper Kayser-Gales. En 1965, ils achètent la maison appelée « Possenhaus » à Bech-Kleinmacher. La maison, dont les origines remontent à 1617, ouvre ses portes une première fois au public en 1967. Plusieurs maisons viendront par la suite compléter l’achat de la maison initiale pour former le Musée « A Possen ». En 1972, l’association des « Amis du Possenhaus et du Folklore Mosellan A.s.b.l. » est fondée avec comme objectif la mise en valeur de la culture et de l’histoire de la Moselle luxembourgeoise. Dans une démarche d’ouverture et de convivialité, le restaurant « Wäistuff A Possen » ouvre ses portes en 1977. Depuis 1993, le Musée est géré par une fondation, conformément à la convention conclue avec la Direction générale du Tourisme et la commune de Schengen, ayant pour mission d’assurer la conservation du Musée et la valorisation de sa collection et du patrimoine local.