Les amis du Possenhaus
D’Associatioun
D’Associatioun „Amis du Possenhaus et du folklore mosellan » ass en Veräin deen 1972 vu sechs passionéierte Leit gegrënnt ginn ass : Martin Gerges, Joseph Gloden, Robert Goldschmit, Joseph Hess, Prosper Kayser a George Muller. Mat hirer Leidenschaft fir d’Geschicht a Kultur vun der Lëtzebuerger Musel, hunn si sech der Passioun vum Prosper a Gaby Kayser ugeschloss nodeems si dat eicht Haus vum Musée 1965 kaf hunn.
D’Aarbechte vum Veräin ass dem Wonsch vun den Grënnermemberen trei bliwwen. Des sinn:
- D’Erhale vun der historescher, kënschtlerescher a folkloristescher Ierfschaft vun der Lëtzebuerger Musel
- D’Bedeelegung un der Beräicherung vun der Sammlung vum Musée duerch Acquisitioun vun Objeten iwwer d’Geschicht, Konscht a Folklor vun der Musel souwéi iwwer d’Geschicht vum Wäibau a Wäin
- D’Entwécklung vum kulturelle Liewen an den Afloss vum Musée fërderen duerch d’Organisatioun vun Ausstellungen oder Evenementer.
Wéinst dem Engagement vum Veräin gouf 1993 d’Fondatioun « Fondation Possenhaus » gegrënnt. Dës karitativ Stëftung huet deselwecht Ziler wéi d’Associatioun. E Member vun den « Amis du Possenhaus » ass och e permanente Member vum Verwaltungsrot vun der Fondatioun.
Zënter senger Grënnung organiséiert de Veräin « Amis du Possenhaus et du folklore mosellan » eng Onmass Ausstellungen, Visite guidées an Themenowenter an der Wäistuff vum Musée, déi 1977 opgemaach huet. D’Associatioun engagéiert sech passionéiert fir d’Kultur an d’Geschicht vun der Lëtzebuerger Musel ze vermëttelen an hir fréier Beruffer sinn eng wesentlech Ënnerstëtzung a grouss Hëllef am Liewe vum Musée an der Aarbecht vun der Fondatioun. Si huelen op eng privilegiéiert Manéier um Liewe vum Musée deel.
L’association
L’association a.s.b.l. des « Amis du Possenhaus et du folklore mosellan » est une association créée en 1972 sous la dynamique de ses six membres fondateurs : Martin Gerges, Joseph Gloden, Robert Goldschmit, Joseph Hess, Prosper Kayser et George Muller. Passionnés par l’histoire de la Moselle luxembourgeoise et par sa culture, ils se sont inscrits dans la dynamique de Prosper et Gaby Kayser suite à l’achat de la première maison du Musée en 1965.
Le but de l’association est resté fidèle à la volonté de ses membres fondateurs. Il s’agit notamment :
- De préserver le patrimoine historique, artistique et folklorique de la Moselle luxembourgeoise
- De participer à l’enrichissement de la collection du Musée par l’acquisition d’objets liés à l’histoire, l’art et au folklore mosellan ainsi qu’à l’histoire de la viticulture et du vin
- De favoriser le développement de la vie culturelle et le rayonnement du Musée par l’organisation d’expositions ou d’animations.
Grâce à l’engagement de l’association est née en 1993 la « Fondation Possenhaus ». Cette société sans but lucratif poursuit les mêmes buts que l’association de concert avec cette dernière. Un représentant de l’association est un membre permanent du Conseil d’Administration de la Fondation.
Depuis sa création, l’association des « Amis du Possenhaus et du Folklore mosellan » a organisé d’innombrables expositions, visites guidées et soirées à thème attachées à la « Wäistuff » du Musée, ouverte pour la première fois en 1977. Les bénévoles de l’association, engagés avec passion dans la mise en valeur de la culture et de l’histoire de la Moselle luxembourgeoise et de ses métiers anciens, sont un soutien et un moteur essentiels à la vie du Musée et au travail de la Fondation. Ils participent de manière privilégiée au fonctionnement du Musée.
Fir dës Aktivitéit oder dem Musée ze hëllefen, oder einfach fir d’Aarbecht vum Veräin z’ënnerstëtzen a matzemaachen, kënnt Dir eis kontaktéieren.
Pour s’inscrire dans cette dynamique, participer à la vie muséale ou tout simplement soutenir le travail de l’association et y adhérer, n’hésitez pas à nous contacter.
Wäistuff A Possen

Musée folklorique et viticole
Musée de jouets
