Am Possenhaus

Am Possenhaus, dem Häerzstéck vum Musée, taucht de Visiteur komplett an den Alldag vun de Bewunner vun der Musel am 19. an uganks 20. Jh. an. An der Schwaarzer Kichen, der Stuff an a weideren Zëmmeren liewen d’Familljen an méi Generatiounen zesummen. Charakteristesch Ausstellungsstécker a Miwwel vu Fréier kënnen hei am Possenhaus entdeckt ginn.

 

D’Schwaarzkiche mat sengem Héil huet eng zentral Plaz am Liewen vum Haus.