Brechel
D’Brechel
Virun dem Opkomme vun dem Kotteng an de Konschtfaseren hunn am 19ten Joerhonnert zu Lëtzebuerg un der Musel Fluess an Hanf eng wichteg Roll an der Textilproduktioun gespillt. Nodeems des Planze gepléckt a gedréchent goufen, sinn se gebrach ginn, fir se esou spéider besser spannen ze kënnen. Fir dëst ze maachen, gouf eng Brechel benotzt, en hëlzent Gerät, dat aus zwee oder véier Klenge bestan huet, di wei e Kifer openee geschloe goufen. Dobäi war et deen ieweschten Deel dee rop a rof beweegt gouf, fir de queesch opleeënden Fluess ze briechen. No dësem ware vill weider Aarbechtsschrëtt néideg, fir aus de Planzen endgülteg Gar kënnen ze maachen.