De geflechtene Beiebitt

De geflechtene Beiebitt

D’Techniken an d’Forme vun der Beienhaltung hunn sech iwwer d’Joerhonnerte weiderentwéckelt a gläichzäiteg dat d’Verhältnes vum Mënsch zu de Beie markéiert. Ënner de verschiddene Modeller fënnt een och geflechte Beiekierf, déi fréier och an der lëtzebuergescher Muselregioun benotzt goufen. Dës Kierf stoungen op engem Gestell, fir de Beien d’Entrée an de Stack z’erméiglechen. Oft si bei dëse Stäck nach Reschter vu Buedem, Mëscht oder aner Materialien ze fannen, déi deemools fir d’Ofdichtung vum Stack gebraucht goufen.

Dës Method hat awer e puer Nodeeler, vun deenen ee besonnesch gravéierend war: Fir Hunneg a Wuess ze recoltéieren, huet den Imker d’Beie leider dacks mat Schwiefelgas ëmbruecht – wat d’Zerstéierung vum ganze Vollek bedeit huet. Schonn an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert gouf dës Praxis ëmmer méi kritiséiert. Mat der Zäit goufen dës traditionell Stäck no an no duerch modern Beiestäck mat beweegleche Kaderen ersat. Dëst huet et erlaabt, den Hunneg ze recoltéieren ouni d’Beie mussen dout ze maachen – e wichtege Schratt an d’Richtung vun enger méi nohalteger an ëmweltfrëndlecher Beienzuucht.

Am follgenden Extrait aus engem Dokument an den Lëtzebuerger Nationalarchiven goufen am Kader vun enger Erhiewung aus dem Joer 1812 insgesamt 76 Beiestäck an de Miseler Dierfer Schengen, Rëmerschen a Wëntreng erfaasst.

 

Quell: ANLux, B-0003, Extrait aus enger Erhiewung zur Erstellung vun enger statistescher Denkschrëft vum Département des Forêts, 4. Juli 1812.