D’Grënner
Gaby a Prosper Kayser,
eng passionéiert Koppel
De Musée „A Possen“ verdankt seng Existenz enger passionéierter Koppel, Gaby (1936-2007) a Prosper (1933-2020) Kayser-Gales. Sammler a Liibhaber vun historeschen Objeten hunn si et fäerdeg bruet hiert Privatliewe – si haten 3 Kanner an de Prosper war Anesthésiste-Réanimateur vu Beruff- mat hirer Leidenschaft ze verbannen: mat aneren esou vill wie méiglech d’Emotiounen a Staunen ze deelen, déi des alldeeglech Objeten an hir Geschicht ze erzielen hunn.
Op hirer laanger Rees, huet d’Koppel alles duerchwullt, ausgegruewen a fonnt. Den Drang a Leidenschaft ze sammele koum scho ganz fréi – de jonke Prosper Kayser war faszinéiert vun engem Schoulbesuch am Musée d’art rustique vum Edouard Wolff zu Veianen – an déi huet am Laf vun de Joren ni ofgeholl.
Si wollten hir Sammlung mat aneren deelen an hinne gläichzäiteg den Alldag vun der Lëtzebuerger Musel an hire Bewunner aus dem 18. a 19. Joerhonnert méi no bréngen. Alle béid stamen aus Famille vu der Musel an hunn 1965 no laangem hin a hier d’Haus vun der Famill Post zu Bech-Maacher kaf, un deem se wéinst senger flotter „Hierzeldier“ interesséiert waren. An dësem Haus hunn se hir Sammlung ausgestallt an 1967 fir de Public opgemaach. De Prosper huet sech wärenddeem mat genealogeschen Etudë beschäftegt an huet Biicheer iwwert d’Familljegeschicht op der Lëtzebuerger Musel mat verëffentlecht.
Passionéiert fir d’Geschicht vun de Persounen an hiren Objeten, hunn si d’Possenhaus, an déi aner Haiser déi no a no bäikoumen, an eng flott an interessant Platz verwandelt wou ee Geschicht nei entdecke kann.
Familljegeschicht, Duerfgeschicht oder eenzel Erzielungen iwwert d’Objeten… hir Aarbecht ass e Synonym fir Poesie souwuel an der Etude wéi och an der Ëmsetzung a charakteriséiert hir Ierfschaft.
Wäistuff Possenhaus
Musée folklorique et viticole
Musée de jouets