Faassketten
D’Faassketten
D’Holzfaass war Laangzäit de wichtegste Behälter, an deem ënner anerem och de Wäi stockéiert gouf. Wann d’Faass bis eidel war, sinn oft Veronrengegungen un de Bannewänn vum Faass hänke bliwwen. Fir d’Faass ze botzen, gouf eng Kette benotzt. Fir dëst ze maachen, huet ee fir d’éischt e puer Liter Waasser an d’Faass geschott an duerno d’Ketten duerch e Lach vum Faass erageluecht. Dann gouf d’Ketten a Beweegung versat an huet banne widdert d’Faass geklappt, wouduerch d’Veronrengegunge lassgeléist goufen. D’Waasser gouf dann zesumme mat de lassgeléiste Reschter aus dem Faass erausgelooss.