Fasszéier

De Fasszéier

Bei enger Visitt am Musée „A Possen“ kënnen d’Visiteure verschidden Handwierker an hir Geschicht ronderëm d’ Musel entdecken. Ënnert dësen Handwierker befënnt sech och de Kéifer.

De Beruff vum Kéifer ass technesch zimmlech usprochsvoll a erfuerdert vill Fachwëssen. Dozou gehéieren divers Etappen, wéi d’Bestëmmung vun de verschiddene Moossen, d’Hierstellung vun den Dauben (d’Brieder, déi als Wand vum Faass fungéieren), d’Zesummebaue vum Faass, d’Zesummenzéie vun de Brieder an d‘Fixéiere vum Faass mat Holz- oder Eisebänner.

Fir dës Aarbecht ze maachen, benotzt de Kéifer verschidden Handwierksgeschier, wéi beispillsweis de Faasszéier. Fir e Faass ze maache muss de Kéifer d’Holz ufiichten an erhëtzen. Dës Etapp ass essentiel, fir d’Dauben bäizedrécken a bäizezéien. Dofir gëtt e Faasszéier an e Kabel benotzt. De Kabel gëtt lues a lues ronderëm d’Faass zougezunn a vum Kéifer mat vill Kraaft a mat Hëllef vun enger Schrauf befestegt. Des wichteg Etapp fir d’Holz ze béien an de Faasszéier ginn dem Faass seng eenzegaarteg Form.