Fluesskamp
De Fluesskamp
Am 19. Joerhonnert war d’Spanne vu Fluess a Hanf e wichtegen Deel vum Handwierk laanscht d’Musel. Éier d’Fasere gesponne konnte ginn, hunn si verschidde Veraarbechtungsschrëtt duerchlaf. No der Recolte goufen d’Planze gedréchent, gebrach a vu Verschmotzunge befreit. Dobäi ass de Fluesskamp zum Asaz komm.
Dëst Handwierksgeschier huet net nëmmen der Rengegung vu Fluess a Hanf gedéngt, mee och gehollef, d’Faserrichtung ze uerdnen. D’Planze goufen no an no duerch Kämm, déi ëmmer méi fein Zänn haten, gezunn, fir se optimal op d’Spanne virzebereeden – de leschte Schrëtt um Wee zur Garhierstellung.