Gebuertsdeeg

E Gebuertsdag am Musée « A Possen » ze feiere bedeit, een Nomëtten als Entdecker, Designer oder Detektiv z’erliewen! No enger spannender Aktivitéit vun ongeféier 1,5 Stonnen am Häerz vum Musée kënnen déi kleng Visiteure Kuch a Gedrénks an engem speziell virgesinnene Raum genéissen – fir ganz roueg ze feieren an onvergiesslech Erënnerungen ze schafen.

Haaptbild

Zwou Formulle stinn zur Auswiel

  • Maximal Unzuel u Participante: 12
  • Dauer: Ongeféier 2,5 Stonnen (Animatioun + Kuch)

Simpel Formule – 130 €

  • E guidéierten Atelier fir Kanner vu 6 bis 12 Joer, wielbar aus 4 spannenden Atelieren.
  • Kuch a Gedrénks bréngen d’Eltere selwer mat an de Musée.

All-inclusive Formule – 195 €

  • E guidéierten Atelier fir Kanner vu 6 bis 12 Joer, wielbar aus 4 spannenden Atelieren.
  • Kuch a Gedrénks gi vum Musée virbereet. Dir kënnt aus véier lokal hiergestallte Kuch-Variante wielen (jee no Disponibilitéit):
    • Jughurtskuch
    • Marmerkuch
    • Wuerzelskuch
    • Uebst-Clafoutis

Véier verschidden Aktivitéiten stinn zur Auswiel

Entdeckung, Kreativitéit a vill Spaass: Zwëschent historesche Geheimnisser, grousse Geschichten a spilleresche wéi och kreativen Aktivitéite bitt all Atelier e Nomëtte voller Léieren, Fantasie a Freed! Wielt ee vun de véier Atelieren:

Guidéiert Visitt vum Musée + Bitzatelier

 

No enger Visitt vum Musée kënnen d’Kanner hiren eegenen Teddy bitzen a personaliséieren. All Plüschdéier ass en eenzegaartegt Stéck – perfekt fir ze Kuschelen a mat heem ze huelen!

Guidéiert Visitt vum Musée + Zeechenatelier

 

E kreativen Atelier, deen déi ausgestallten Objeten zum Liewe bréngt! No der Visitt vum Musée entwerfen d’Kanner e Bild vun engem Objet aus der Sammlung a verbannen et mat engem Fantasiewiesen oder Déier. Duerno bauen si eng passend Billerrumm aus Äscht – e flott Konschtwierk fir mat heem ze huelen!

Guidéiert Visitt vum Musée + Design-Atelier

 

No der Musée-Visitt entwerfen d’Kanner hiert eegent Wakenspill. D’Wake ginn aus Fimo geformt a no dem eegene Goût bemoolt. Duerno gëtt e passende Säckelche gebitzt – sou dass alles mat heem geholl ka ginn!

Schatzsich am Musée

 

Gëff zum Muséesdetektiv! Mat Hëllef vun Hiweiser, Rätselen a e bëssi Spiersënn entdecken d’Kanner déi spannendst Ecker vum Musée, ënnerstëtzt vum Guide. Wien léisst d’Rätsel als éischt a fënnt de Schatz?

Praktesch Bedingungen

Dauer: 2h30 (Aktivitéit 1h30 an 1h am privaten Raum fir Kuch a Gedrénks)

Aktivitéit: au choix aus de 4 Aktivitéiten uewen opgelëscht

Sprooch: LU, DE, FR, EN op Ufro

Alter: 6-12 Joer

Unzuel Kanner: 12 Kanner maximal, inklusiv Gebuertsdagskand

D’Reservatioun ass obligatoresch:

entweder per Telefon (+352 23 69 73 53), per E-Mail ([email protected]) oder iwwert den Reservatiounsformulaire op ënnen op dëser Websäit.

 

Délai minimum fir d’Reservatioun : 2 Wochen virum Datum vum Evenement. Cf. d’Conditions générales

 

Annulatioun : Dir musst mindestens 72 Stonnen virum Evenement annuléieren. Cf. d’Conditions générale 

Reservéiert ären Gebuertsdag am Musée « A Possen »