Generell Visitt vum Musée « A Possen »
Begleet vun eise Guiden daucht Dir an d’Liewe vun enger Miseler Wënzerfamill aus dem 19. an dem fréien 20. Joerhonnert an. Op enger immersiver Visitt entdeckt Dir déi verschidde Gebaier vum Musée – dorënner dat eelst, dat bis op d’Joer 1617 zréckgeet – a loosst Iech vu spannenden, historeschen Erzielungen an Anekdoten inspiréieren, déi d’Regioun bis haut präge.
Op engem fir jidderee zougängleche Parcours verschmëlzen Traditioun, handwierklecht Kënnen an den Alldag zu enger faszinéierender Zäitrees. Dir kritt net nëmmen en Abléck an d’Liewe vun den Awunner:innen, mee entdeckt och hir Beruffer an déi sozial Geschicht vun de ländleche Gemeinschaften an der Muselregioun.
An enger gemittlecher a geselleger Ambiance erlieft Dir eppes Besonnesches: Grouss a kleng Geschichte verflechten sech, fir de Räichtum vum Miseler Ierwen erëm opliewen ze loossen. Eng perfekt Geleeënheet, d’Geschicht vun der Musel op eng nei a faszinéierend Manéier z’entdecken!
Sproochen: LU, FR, DE, EN
Deelweis zougänglech fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit, kontaktéiert eis.