Generell Visitt vum Musée
Wëllt Dir de Musée « A Possen » op eng nei Manéier entdecken oder erëm entdecken? Da kommt mat op eng spannend guidéiert Visitt! Eis erfuere Guiden huelen Iech mat op eng Zäitrees duerch d’Joerhonnerten a verroden Iech déi faszinéierend Geheimnisser an Anekdoten iwwer déi verschidde Gebaier vum Musée – dorënner dat eelst, dat bis op d’Joer 1617 zeréckgeet. Taucht an d’Liewe vun enger Miseler Wënzerfamill aus dem 19. an dem fréien 20. Joerhonnert an a entdeckt déi räich sozial an handwierklech Geschicht vun de ländleche Gemeinschaften un der Musel.
Dës Visitt, déi fir all Altersgruppe gëeegent ass, verbënnt Traditiounen, Alldag a Fachwëssen zu enger beräicherender Erfarung voller klenger a grousser Geschichte – an enger gemittlecher a geselleger Atmosphär. Eng perfekt Geleeënheet, fir an d’kulturellt Ierwen an d’Geschicht vun der Musel anzedauchen an hir ganz Villfalt ze entdecken!
Samschdes a Sonndes,
Januar: 10.01, 17.01, 31.01
Februar: 07.02
Mäerz: 07.03, 14.03, 21.03, 28.03
Abrëll: 11.04, 18.04, 25.04
Mee: 02.05, 23.05, 30.05
Juni: 13.06, 27.06
Juli: 04.07, 11.07, 18.07
September: 05.09, 12.09, 19.09, 26.09
Oktober: 03.10, 10.10, 17.10, 24.10
November: 07.11, 14.11, 21.11, 28.11
Dezember: 05.12, 12.12, 19.12
Ufank vun der Visitt: 15:00 Auer
Dauer: +/- 1 Stonn
Ouni Reservatioun (jee nodeem, wéi vill Plaze fräi sinn; fir Är Plazen ze sécheren, gëtt recommandéiert eng Reservatioun ze maachen)
Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn)
Präis: 1 Persoun: 10 € (Entrée fir de Musée abegraff). Kanner ab 13 Joer: 5 €. Kanner ënner 13 Joer: Gratis
Sproochen: LU, FR, DE, EN, ES (d’Sprooch vun der guidéierter Visitt hänkt vun der Sprooch vun der Majoritéit vun de Visiteuren of)
Deelweis zougänglech fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit, kontaktéiert eis.
Wäistuff Possenhaus
Musée folklorique et viticole
Musée de jouets