Geschicht a Wäibau

An der Wëttelsscheier kann de Visiteur d’Aarbecht vum Wënzer a vum Wäibau an der ekonomescher Situatioun zu Lëtzebuerg am 19. an uganks dem 20. Jh. entdecken. Vum Wäibau iwwert d’Wäinhierstellung bis hin zum Beruff vum Kéifer gëtt een hei villes iwwert déi fréier Aarbechtsmethoden an déi verschidde Beruffer gewuer. Des Weideren wärten déi zum Deel schwéier Liewensbedingungen an déi domat verbonne Migratioun vun de Bewunner vun der Musel am 19. Jh. thematiséiert ginn.

 

D’Halette, eng Kappbedeckung géint d’Sonn, verweist op d’Roll vun der Fra an hirer Aarbecht an de Wäibierger an um Feld.