Guidéiert Visitt « Wäsch wäschen wéi freier an der Lëtzebuerger Muselregioun »

Daucht an d’Liewenswelt vun eise Virfueren an a entdeckt d’Geheimnisser vun traditionelle Wäsch- a Streckmethoden am Kader vun enger immersiver Féierung. Laang ier Wäschmaschinnen an elektresch Streckeisen den Alldag erliichtert hunn, war d’Wäsch eng usprochsvoll a ustrengend Aarbecht – gepräägt vu raffinéierten Handgrëffer an iwwer Generatioune weidervermëtteltem Wëssen.

 

Op dëser Rees an d’Vergaangenheet erlieft Dir Schrëtt fir Schrëtt, wéi d’Wäsch deemools gemaach gouf: vum ustrengende  Waasserhuelen, iwwer d’Benotze vun natierleche Rengegungsmëttel wéi Äschen, bis bei d’Technike vum Klappen, Schruppen an Ausdrécken. Dir leiert och déi typesch Utensiler aus där Zäit kennen – wéi de Blëll, de Wäschkessel, d’ Essoreuse oder dat schwéiert gossent Streckeisen.

 

Mat enger lieweger Geschichtserzielung an authenteschen Demonstratioune kritt Dir en Abléck an déi deemoleg Alldagsrealitéit vu fréiere Generatiounen a gesitt, wéi sech d’Hausaarbecht am Laf vun der Zäit gewandelt huet. Et ass zu enger klenger Revolutioun komm, déi net nëmmen d’Familljeliewen, mee besonnesch der Fra hir Roll am Stot grëndlech verännere sollt.

 

Egal ob Dir Iech fir Geschicht, vergiessen Handwierkstechniken oder e faszinéierende Bléck an eise kulturelle Patrimoine interesséiert – dës guidéiert Visitt hëlt Iech mat op eng Rees an eng Zäit, wou all Beweegung Bedeitung hat.

Präis : Guidéiert Visitt 80 €/Guide/1 Stonn + Entrée vum Musée: 5 €/Persoun (gratis fir Kanner)
 
D’Gruppen si limitéiert op max. 12 Persounen pro Guide.
All Visiteur gëtt en Patt offréiert.
 

Sproochen: LU, FR, DE, EN 

Deelweis zougänglech fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit, kontaktéiert eis.

Reservéiert är guidéiert Visitt