Handwierk a Konscht

An dësem Beräich wou fréier verschidden handwierklech Beruffer ausgefouert gi sinn, gëtt d’Geschicht vun den eenzelen Handwierker an hir wichteg Roll déi dës an de ländleche Géigenden am 19. an 20. Jh gespillt hunn, virgestallt. Dës historesch Approche gëtt duerch déi geleeëntlëch Presenz vu (Konscht)Handwierker ënnerstëtzt. D‘Virféiere vun hirer Aarbecht bréngt dem Visiteur déi traditionell Aarbechtsmethoden méi no an erlaabt et dem Visiteur enger moderner Applikatioun vun engem traditionellen Handwierk ze begéinen.

 

A ländleche Géigende ware verschidden Handwierker ugesidelt, wéi z. B. e Schneider, e Wiewer oder e Schouster.