D’Himmelbett
De Musée « A Possen » huet eng flott Kollektioun mat verschiddene Miwwelen aus dem 18. an 19. Joerhonnert. Dës Miwwele sinn e Temoignage aus dem Liewen vun dem Awunner am Miselerland.
Dëst Bett ass en Himmelbett aus dem 18. Joerhonnert, dat ee mat d’Riddoen zoumaache kann, fir d’Wäermt ze halen an d’Fiichtegkeet eraus ze halen. D’Himmelbett war e gängegt Bett um Land.
Dëst Himmelbett aus Eech huet vill schéi Blummendekoratiounen.