Insektentriichter
Den Insektentriichter
De Riefstack ass ufälleg fir Krankheeten, Schädlingen a klimatesch Aflëss an erfuerdert dowéinst eng stänneg Opmierksamkeet. Fir sech géint Insekten ze schützen, déi dem Wäibau schueden – wéi de sougenannten Zigarewéckler – hunn d’Wënzer e raffinéiert Hëllefsmëttel agesat: den Insektentriichter, och nach Klappschuel genannt. Den Zigarewéckler befält haaptsächlech d’Blieder vun der Planz, wou en seng Eeër ofleet. Dobäi rullt en d’Blieder zesummen, esou datt se wéi kleng Zigar ausgesinn.
Fir d’Ausbreedung vun dësem Schädling ze verhënneren, gouf dëse mat Hëllef vum Insektentriichter gefaangen. Den Triichter gouf moies oder owes um Fouss vum Riefstack ugesat, duerno huet een de Stack grëndlech gerëselt. Nieft dësem Mëttel goufen och déi zesummegerullte Blieder agesammelt – eng Aarbecht, bei där dacks och d’Kanner ëm Hëllef gefrot goufen.