Laterna Magica

D’Laterna Magica

Virun der Erfindung vum Cinematograph duerch d’Bridder Lumière am Joer 1895 gouf et schonn e Projekter, dee Geschichten erzielt huet: d’Laterna Magica, déi am 17. Joerhonnert opgetaucht ass. Si huet mat enger Käerz funktionéiert an huet Biller, déi op Glasplacke gemoolt waren, op eng Mauer projezéiert, begleet vun enger mëndlecher Erzielung. Bis am 19. Joerhonnert hunn ambulant Projektionisten domat Spektakelen organiséiert, wärend Bourgeoise Familljen se doheem benotzt hunn. Mam Opkomme vum Kino ass d’Laterna Magica no an no a Vergiessenheet geroden.

 

Dës Luucht, déi hei vun der Firma Lapierre Frères an de 1870er Jore gebaut gouf, huet mat engem Kenki funktionéiert, deem säin Damp duerch d’Ofzuchspäif uewendriwwer entkomm ass. D’Glasplack gouf an d’vertikal Ëffnung vum Objektiv agesat, fir d’Biller ze projezéieren.