Schnëttmesser fir Lieder
D’Schnëttmesser fir Lieder
Bevir et grouss Supermarchéë gouf, hunn d’Leit hir Schong beim lokale Schouster kaf. Lieder war dat wichtegst Material, dat de Schouster fir d’Hierstellung vum Schong gebraucht huet. Nodeems de Schouster d’Lieder erausgesicht hat, huet hien et fir déi verschidden Deeler vum Schong mat engem sougenannte Schnëttmesser, mat flaacher, spatz zoulafender a geschäerfter Stolkléng, zougeschnidden. No dem Schneide goufen déi eenzel Deeler vum Schouster weider verschafft, éier de Schong seng fäerdeg Form krut.