Takeschaf
Den Takeschaf
Zu Lëtzebuerg an an de Nopeschregiounen (Wallonie, Lorraine a Rheinland-Pfalz) huet een an Haiser dacks sougenannten Takeschief fonnt, déi benotzt goufe fir ze hëtzen. Eng Tak ass eng Plack aus Goss, déi d’Leit an hire Kamäin agesat hunn – hei an de Kamäi vun der Kichen – fir d’Hëtzt vum Feier duerch d’Ëffnung an der Trennmauer kënnen an den Nieweraum, hei d’Stuff, weiderzeleeden. Duerch d‘Diere vum Takeschaf konnt d’Hëtzt an der Stuff dann och kontrolléiert ginn.
D’Take waren oft mat dekorativen Duerstellunge verziert, wéi bibleschen oder mytheschen Zeenen, hellege Figuren, Wopen, awer och historesche Momenter oder Motiver aus dem Alldag. Op der Tak an der Possenstuff gesäit een d’Wope vun der “Fleur de Lys”, dem Emblème vum franséische Kinnekräich. No an no sollten d’Taken an d’Takeschief ëmmer méi duerch Iewen ersat ginn, mëttels därer sech am Laf vum 19. Joerhonnert gewiermt gouf.