Weidenbeil

D’Weidenbeil

Am 19. an am fréien 20. Joerhonnert hunn d’Kuerfmécher vill gewiefte Géigestänn hiergestallt. Dës Handwierker hunn e Beruff ausgeüübt, dee fir de glaten Oflaf vum alldeegleche Liewe wesentlech war. Si hunn eng ganz Rei nëtzlech an essenziell Géigestänn aus Weidengeflecht oder aneren natierleche Materialien hiergestallt, dorënner Kierf, Këschten, Hauwen, Beiekierf a Fläschestänner. Ee vun den Instrumenter, déi de Kuerfmécher benotzt huet, fir dës Objeten hierzestellen, war d’Weidenbeil – e klengt hëlzent Geschier mat dräi Rillen. Mat dësem Geschier konnten d’Weiderutten an dräi Strécker ënnerdeelt ginn. Als éischt huet de Kuerfmécher mat engem Messer Schlitzer an d’Rutt geschnidden. Duerno huet hien d’Rutt mat enger Hand festgehalen an d’Weidenbeil mat där anerer Hand laanscht d’Schlitzer gefouert, fir d’Rutt an dräi Strécker ze deelen.