Wousst Dir schonn?

De Bakuewen

Am 19. Joerhonnert hate vill Familljen an den Dierfer hiren eegene Bakuewen an hunn hiert Brout selwer hiergestallt. Den Dag virum eigentleche Knieden, ass d’Miel an engem Broutkuerf oder an enger Mielkëscht versuergt ginn an duerno mat Waasser, Salz an engem Deessem (Sauerdeeg) aus dem viregte Bakvirgang gemëscht ginn. Dës Mëschung huet an der Mull, enger Verdéiwung am Kichendësch, bis den nächsten Dag gerout. War dëse Schratt fäerdeg, gouf den Deeg gekniet an a verschidde Leiwer gedeelt.

 

Duerno huet een e Feier am Bakuewe gemaach, d’Glouse mat engem Feierkrop verdeelt an d’Äschen erausgeholl, fir den Uewe virum eigentleche Bake propper ze hunn. D’Äsche goufen an der Äschekummer, engem huele Raum ënnert dem Uewen, versuergt, fir méi spéit nees kënne benotzt ze ginn, dat zum Beispill als Wäschmëttel oder als Dünger. Mat der Broutschéiss gouf den Deeg schliisslech an den Uewe gemaach. No dem Bake konnt d’Brout e puer Deeg laang konservéiert ginn.