Skip to content
Musée A Possen

Musée A Possen

20 évènements found.

Recherche et navigation de vues Évènements

Navigation de vues Évènement

  • Liste
  • Mois
  • Jour
Aujourd’hui
  • octobre 2024
  • sam 26
    26 octobre 2024 à 14 h 00 min - 17 h 00 min

    26. Oktober – De Brauch em d’Trauliicht

    26. Oktober- De Brauch em d'TrauliichtEt ass Traditioun! Och dëst Joer brennen nees Trauliichter am Musée « A Possen ». Bis allerdéngs aus de Rommelen Trauliichter ginn, sinn e puer Aarbechtsschrëtt néideg. Sou mussen d'Rommelen als éischt emol ausgehielegt ginn, ier se schliisslech mat enger grujeleger Fratz versi kënne ginn. Zesumme mat eiser Mediatrice kënnenContinue reading "26. Oktober – De Brauch em d’Trauliicht"

  • dim 27
    27 octobre 2024 à 14 h 00 min - 17 h 00 min

    27. Oktober – De Brauch em d’Trauliicht

    27. Oktober-De Brauch em d'TrauliichtDe Brauch em d‘« Trauliichter » ass net nëmmen de Kanner virbehal! De Sonndeg, de 27. Oktober, bitt de Musée « A Possen » en Atelier fir Kleng a Grouss un (d'Kanner musse vun engem Erwuessene begleet ginn), an deem d'Participante mat vill Spaass a Freed Rommelen aushielegen, hinne grujeleg FratzeContinue reading "27. Oktober – De Brauch em d’Trauliicht"

  • novembre 2024
  • sam 23
    23 novembre 2024 à 14 h 00 min - 17 h 00 min

    23. November – Metall, Drot a Pärele fir d’Adventszäit

    23. November- Metall, Drot a Pärele fir d'AdventszäitChrëschtdag kënnt ëmmer méi no an do däerf e Chrëschtbeemchen an d’Rëschte vun dësem net feelen. Ma wei wier et dann, säi Chrëschtbeemechersschmuck emol eng Kéier selwer, ganz nom eegene Goût hierzestellen? Genau des Méiglechkeet gëtt Iech den 23. November am Kader vun eisem intergenerationelle Atelier „Metall, DrotContinue reading "23. November – Metall, Drot a Pärele fir d’Adventszäit"

  • décembre 2024
  • dim 1
    1 décembre 2024 à 14 h 00 min - 17 h 00 min

    1. Dezember – Eisekuch a Schockela

    1. Dezember-Eisekuch a SchockelaAn eisem intergenerationelle Atelier vum 1. Dezember (Kanner musse vun engem Erwuessene begleet ginn) dréint sech - ganz nom Motto vun der Joreszäit - alles em Schneekegkeeten. An enger gemittlecher Ambiance gëtt matt der Hëllef vun eiser Mediatrice als éischt emol en Eisekuchsdeeg virbereet, deen doropshin iwwert dem oppene Feier vun derContinue reading "1. Dezember – Eisekuch a Schockela"

  • dim 8
    8 décembre 2024 à 15 h 30 min - 17 h 00 min

    8. Dezember – Muselblo – Bleu Moselle

    8. Dezember - Muselblo - Bleu Moselle De Musée « A Possen » zu Bech-Maacher an d’Wäinhaus zu Éinen invitéieren Iech häerzlech op d’Konferenz mat Dédicace vum Hubert Wurth, Auteur vum Buch Muselblo – Bleu Moselle – Wäinhaus Ehnen. Dës Konferenz fënnt am Musée « A Possen » statt. Dëst Buch erzielt d’Geschicht vum ale Wënzer-Haff aContinue reading "8. Dezember – Muselblo – Bleu Moselle"

  • sam 14
    14 décembre 2024 à 14 h 00 min - 17 h 00 min

    14. Dezember – D’Bakstuff ass op!

    14. Dezember - D'Backstuff ass opChrëschtdag steet virun der Dier a wat dierf do net feelen? Genau, Kichelcher! Dofir mécht de Musée « A Possen » de 14. Dezember seng Diere fir d’Kanner vu 6 bis 12 Joer op! Zesumme matt eiser Mediatrice gi Kichelcher an all de Formen a Faarwe gebak. Fir dass d'KichelcherContinue reading "14. Dezember – D’Bakstuff ass op!"

  • sam 21
    21 décembre 2024 à 14 h 00 min - 17 h 00 min

    21. Dezember – D’Bakstuff geet an déi 2. Ronn!

    21. Dezember - D'Bakstuff geet an déi 2. Ronn!Chrëschtdag steet virun der Dier a wat dierf do net feelen? Genau, Kichelcher! Dofir mécht de Musée « A Possen » de 21. Dezember seng Diere fir d’Kanner vu 6 bis 12 Joer op! Zesumme matt eiser Mediatrice gi Kichelcher an all de Formen a Faarwe gebak.Continue reading "21. Dezember – D’Bakstuff geet an déi 2. Ronn!"

  • janvier 2025
  • sam 18
    janvier 18 à 14 h 00 min - 17 h 00 min

    18. Januar – E Liicht fir d’Wanterzäit

    18. Januar- E Liicht fir d'Wanterzäit Samschdes, de 18. Januar, invitéiert de Musée « A Possen » Kléng a Grouss (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) op en intergenerationellen Atelier an deem sech alles em d’Liicht dréint. Un der Säit vun eiser Mediatrice gett nierft engem Wandliicht aus Holz och eng Naturkäerz hiergestallt. Kommt eleng,Continue reading "18. Januar – E Liicht fir d’Wanterzäit"

  • sam 25
    janvier 25 à 14 h 00 min - 17 h 00 min

    25. Januar – Léiwer Härgottsblieschen…

    25. Januar- Léiwer Härgottsblieschen...Scho geschwënn héiert een nees op de Stroossen kleng Stëmmen sangen: „Léiwer Härgottsblieschen, gëff ons Speck an Ierbessen…“, well d’Liichtmëssdag steet virun der Dier. Wärend dëst traditionellt Lidd bis haut bal onverännert bliwwen ass, huet sech de Liichtebengelchen mat der Zäit geännert: Haut gëtt en oft duerch e faarwege Lampion ergänzt.Genee esouContinue reading "25. Januar – Léiwer Härgottsblieschen…"

  • février 2025
  • sam 15
    février 15 à 14 h 00 min - 17 h 00 min

    15. Februar – Eng Bokenmask fir d’Fuesent!

    15. Februar - Eng Bokenmask fir d'Fuesent! Zu Lëtzebuerg fänkt d'Fuesent mat Liichtmëssdag un. Si erreecht hiren Héichpunkt op Fetten Donneschdeg, Fuessonndeg an deenen zwee Deeg duerno, also Fuesméindeg a Fuesdënschdeg. Streng geholl dauert d'Fuesent bis Äschermëttwoch, mee allgemeng gëtt se oft bis Halleffaaschtesonndeg gefeiert. A wat ass natierlech e feste Bestanddeel vun der Fuesent?Continue reading "15. Februar – Eng Bokenmask fir d’Fuesent!"

  • sam 22
    février 22 à 14 h 00 min - 17 h 00 min

    22. Februar – D’Fuesboken si lass!

    22. Februar - D'Fuesboken si lass!D’Traditioun vun der Fuesent markéiert déi festlech Zäit virun der Faaschtenzäit, an där Verkleeden a Kreativitéit un der Dagesuerdnung stinn. Samschdes, den 22. Februar, kënne Kleng a Grouss e gemittleche Moment vun Zesummesinn a Kreativitéit genéissen, wou zesummen eng « Bokenmask » an Déiereform hiergestallt gëtt. Geleet duerch eis Mediatrice,Continue reading "22. Februar – D’Fuesboken si lass!"

  • mars 2025
  • sam 15
    mars 15 à 14 h 00 min - 17 h 00 min

    15. Mäerz – Kreéier dir däi Fréijoer am Musée « A Possen »

    15. Mäerz - Kreéier dir däi Fréijoer am Musée "A Possen"De 15. Mäerz dréit sech am Musée  « A Possen » alles em Kraider. Un der Säit vun eiser Mediatrice kënne Kanner vu 6 bis 12 Joer hiren eegene Miniaturkraidergaart an engem Blummendëppen uplanzen, hiert eegent Kraidersalz ewéi och hier eege Kraiderseef hierstellen. Heifir gëtt souwuel mattContinue reading "15. Mäerz – Kreéier dir däi Fréijoer am Musée « A Possen »"

  • sam 29
    mars 29 à 14 h 00 min - 17 h 00 min

    29. Mäerz – Kléng Kniet, erginn e schéine Makramee

    29. Mäerz - Kleng Kniet, erginn e schéine MakrameeDen 29. Mäerz léiere Kléng a Grouss (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) d’Handaarbechtstechnik vum Knëppe kënnen. Knëppe gehéiert, nieft dem Wiewen a Strécken, zu den eelsten Handaarbechtstechniken. Mat der Zäit goufen d'Kniet ëmmer méi optiméiert an opwänneg an et goufen nei Muster erfonnt. EsouContinue reading "29. Mäerz – Kléng Kniet, erginn e schéine Makramee"

  • avril 2025
  • sam 5
    avril 5 à 10 h 30 min - 18 h 00 min

    5. Abrëll – Via Mosel; Visite guidée

    5. Abrëll - Via Mosel; Visite guidéeEntdeckt d’Séil vun der Musel duerch hir historesch Gebaier! Reest am Kader vun de Portes Ouvertes Via Mosel an d’Vergaangenheet an entdeckt d’traditionell Architektur vum ländleche Liewen an der Muselregioun. De Musée « A Possen » invitéiert Iech op eng gemittlech Féierung, wou Dir déi eenzel Haiser, hir BautechnikenContinue reading "5. Abrëll – Via Mosel; Visite guidée"

  • dim 6
    avril 6 à 10 h 00 min - 18 h 00 min

    6 Abrëll – Via Mosel; Schatzsuche

    6. Abrëll - Via Mosel; SchatzsucheArchitektonesch Schatzjuegd am Musée « A Possen »Maacht Iech am Kader vun de Portes Ouvertes Via Mosel op eng spannend Entdeckungsrees a lëft d’Geheimnisser vun den historeschen Haiser am Musée « A Possen »! Ob eleng, mat der Famill oder mat Frënn – entdeckt dëst eenzegaartegt kulturellt Ierwen am HäerzContinue reading "6 Abrëll – Via Mosel; Schatzsuche"

  • sam 12
    avril 12 à 14 h 00 min - 17 h 00 min

    12. Abrëll – Dik-Dik-Dak, gläich ass Ouschterdag!

    12. Abrëll - Dik-Dik-Dak, gläich ass Ouschterdag!D‘Ouschterfest réckt ëmmer méi no an do dierf déi eng oder aner Dekoratioun net feelen. Den 12. Abrëll invitéiert de Musée  « A Possen » Kléng a Grouss op säin traditionellen Ouschteratelier, wou mat der Hëllef vun eiser Mediatrice Ouschterschmuck hiergestallt gëtt. Heifir ginn ausgeblosen Eeër mat Wuess dekoréiert a schliisslechContinue reading "12. Abrëll – Dik-Dik-Dak, gläich ass Ouschterdag!"

  • mar 15
    avril 15 à 14 h 00 min - avril 16 à 17 h 00 min

    15. & 16. Abrëll – Gläich kënnt den Ouschterhues nach emol!

    15. & 16. Abrëll - Gläich kënnt den Ouschterhues nach emol!Eise Kanneratelier fir Ouschtere fënnt dëst Joer iwwert zwee Deeg statt (et besteet keng Obligatioun un deenen zwee Deeg deelzehuelen). De 15. Abrëll bake Kanner vu 6 bis 12 Joer mat der Hëllef vun eiser Mediatrice en Ouschterhues aus engem Wäisse Kéis-Dech. Dono ginn EeërContinue reading "15. & 16. Abrëll – Gläich kënnt den Ouschterhues nach emol!"

  • jeu 17
    avril 17 à 14 h 00 min - avril 18 à 17 h 00 min

    17. & 18. Abrëll – Gläich kënnt den Ouschterhues!

    17. & 18. Abrëll - Gläich kënnt den Ouschterhues!Eise Kanneratelier fir Ouschtere fënnt dëst Joer iwwert zwee Deeg statt (et besteet keng Obligatioun un deenen zwee Deeg deelzehuelen). De 17. Abrëll bake Kanner vu 6 bis 12 Joer mat der Hëllef vun eiser Mediatrice en Ouschterhues aus engem Wäisse Kéis-Dech. Dono ginn Eeër ënnert derContinue reading "17. & 18. Abrëll – Gläich kënnt den Ouschterhues!"

  • mai 2025
  • sam 10
    mai 10 à 14 h 00 min - 17 h 00 min

    10. Mee – Check-in: Loosst eis en Insektenhotel bauen!

    10. Mee - Check-in: Loosst eis en Insektenhotel bauen!Den 10. Mee widmet de Musée « A Possen » seng Opmierksamkeet klengen, onverzichtbare Mataarbechter: den Insekten! An engem intergenerationellen Atelier hu Kleng a Grouss (Kanner musse vun engem Erwuessene begleet ginn) d’Geleeënheet, zesumme mat eiser Mediatrice en Insektenhotel ze bauen. Mir benotzen Alldagsgéigestänn, Holz an ënnerschiddlechContinue reading "10. Mee – Check-in: Loosst eis en Insektenhotel bauen!"

  • sam 17
    mai 17 à 10 h 00 min - 18 h 00 min

    17. Mee – Lumudays 2025

    17. Mee - Lumudays 2025Nohaltegkeet verbënnt Generatiounen - Intergenerationellen Atelier a guidéiert Visitt vum Musée "A Possen"Am Kader vun de Luxembourg Museum Days lued de Musée « A Possen » an Zesummenaarbecht mat ICOM Lëtzebuerg de Samschdeg, den 17. Mee, zu enger eenzegaarteger Erfarung an, déi Kulturierwen, Kreativitéit a Wëssensvermëttlung verbënnt.Kleng a Grouss kënne beiContinue reading "17. Mee – Lumudays 2025"

  • Évènements précédents
  • Aujourd’hui
  • Évènements suivants
  • Google Agenda
  • iCalendar
  • Outlook 365
  • Outlook Live
  • Exporter le fichier .ics
  • Exporter le fichier Outlook .ics

Pagination des publications

1 2 3 … 10 Older posts
Musée A Possen, Proudly powered by WordPress.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy