Skip to content
Musée A Possen

Musée A Possen

20 évènements found.

Recherche et navigation de vues Évènements

Navigation de vues Évènement

  • Liste
  • Mois
  • Jour
Aujourd’hui
  • février 2023

  • sam 25
    25 février 2023 à 14 h 00 min - 17 h 00 min

    „Kuerfmécherei“ am Musée: Mir maachen eise Kuerf selwer

    "Kuerfmécherei" am Musée: Mir maachen eise Kuerf selwer Bei eisem Atelier, de 25. Februar um 14 Auer, steet d’Kuerfmécherei des Kéier am Mëttelpunkt am Musée A Possen! D’Verschaffe vu Weed an anere Planze gouf doheem oder vu Wanderhandwierker ausgeüübt. Et huet eng wichteg Roll an der Miseler Landgesellschaft vum 19. Joerhundert gespillt: Objeten aus Weed koumen a verschiddene Beräicher zumContinue reading "„Kuerfmécherei“ am Musée: Mir maachen eise Kuerf selwer"

  • mars 2023

  • sam 18
    18 mars 2023 à 14 h 00 min - 17 h 00 min

    „Wiewerei“ am Musée: Mir entdecken d’Konschtwierk vum Wiewen

    „Wiewerei“ am Musée: Mir entdecken d’Konschtwierk vum WiewenSamschdes, de 18. Mäerz organiséiert de Musée « A Possen » e speziell Nomëtteg iwwert d’Wiewerei. Hutt dir schonn är eege Wiefrumm kreéiert? Hutt dir op engem Wak gewieft? D’Kanner (a Begleedung vun engem Erwuessenen), d’Teenager an d’Erwuessener kënne bäi verschiddenen Atelieren d’Handwierk vun d’Wiewerei op verschidden Aart a Weisen entdecken.Continue reading "„Wiewerei“ am Musée: Mir entdecken d’Konschtwierk vum Wiewen"

  • avril 2023

  • jeu 6
    6 avril 2023 à 14 h 00 min - 7 avril 2023 à 17 h 00 min

    Ouschteratelier am Musée « A Possen »

    Ouschteratelier am Musée « A Possen »D’Ouschterefest kënnegt sech am Musée „A Possen“ un!  Fir dës Fest ze féieren, organiséiert de Musée zwee Nomëtteger (14-17 Auer) mat vill Kreativitéit. D'Kanner (6-12 Joer) wäerte gemittlech Momenter erliewen. Baken, Dekoratiounen, Collage-Kreatiounen, Molerei a Bitzaarbecht stinn am Mëttelpunkt vun dësen zwee flotten Deeg! Donneschdes, de 6. Abrëll wäerten d’Kanner klengContinue reading "Ouschteratelier am Musée « A Possen »"

  • mai 2023

  • sam 20
    20 mai 2023 à 10 h 00 min - 21 mai 2023 à 18 h 00 min

    20. & 21. Mee – Luxembourg Museum Days 2023

    Luxembourg Museum Days 2023Kréativiteit an natierlech Materialien (intergenerationellen Atelier)Am Kader vun de LuMuDays organiséiert de Musée „A Possen » en intergenerationellen Atelier ronderëm d’Kreativitéit an natierlech Materialien. Mat e bësse Pabeier, Filz, Woll…  a villen Iddie kënne mir verschiddene Schätz kreéieren. Hutt dir schonn e Blummendëppen aus Kartrong a Woll gemaach? Wëllt dir eng schéiContinue reading "20. & 21. Mee – Luxembourg Museum Days 2023"

  • sam 27
    27 mai 2023 à 14 h 00 min - 17 h 00 min

    27. Mee – Geschenker a Generositéit am Possenhaus

    Geschenker a Generositéit am Possenhaus D’Sonn a gutt Wieder maache Loscht schéi Momenter ze erliewen. De Musée A Possen” organiséiert um Samschdeg, de 27. Mee en Atelier, den op Generositéit konzentréiert ass. Wärend dësem Nomëtteg vu 14.00 bis 17.00 Auer kreéieren d’Kanner (6-12 Joer) kléng Geschenker an eng Këscht, fir dës Schätz mat heem ze huelen.Continue reading "27. Mee – Geschenker a Generositéit am Possenhaus"

  • juin 2023

  • sam 17
    17 juin 2023 à 14 h 00 min - 17 h 00 min

    17. Juni – Gaardeschätz fir de Summer ze feieren!

    Gaardeschätz fir de Summer ze feieren!Gaardenzäit am Musée „A Possen“ Samschdes, de. 17. Juni!Vu 14.00 bis 17.00 Auer wäerten d’Kanner (6-12 Joer) verschidden Tipps an Tricks vun eiser Médiatrice léieren, fir d’Gaardenaarbecht z’entdecken. Am éischten Deel kreéieren déi jonk Designer e schéint Blummendëppen aus recycléierte Saachen. Dono stinn Dekoratioun, mat Collagen, Molen a Kreativitéit amContinue reading "17. Juni – Gaardeschätz fir de Summer ze feieren!"

  • juillet 2023

  • sam 8
    8 juillet 2023 à 14 h 00 min - 17 h 00 min

    8. Juli – Fantasie a Geschicht am Musée!

    Fantasie a Geschicht am Musée !Fir d‘kommend Summervakanz ze feieren, kënnen déi kléng Kënschtler vu 6 bis 12 Joer hirer Kreativitéit am Musée „A Possen“ fräie Laf loossen! D‘Fantasie an d’Geschichte wäerten am Mëttelpunkt bei dësem 3-Stonnen-laangen Atelier stoen. Wärend dem éischten Deel maachen d’Kanner eng kléng Promenade mat eiser Mediatrice duerch d‘Muséesammlung, fir eng PlazContinue reading "8. Juli – Fantasie a Geschicht am Musée!"

  • août 2023

  • mar 1
    1 août 2023 à 14 h 00 min - 4 août 2023 à 17 h 00 min

    1. – 4. August – Summerakademie

    Summerakademie! An der Woch vum 1. bis 4. August steet am Musée „A Possen“ déi traditionell Summerakademie um Plang!Wärend 4 Deeg, vu 14:00-17:00 Auer, kënnen d’Kanner vu 6-12 Joer bäi verschiddene kreativen Aktivitéite ronderëm flott Themaen an an enger geselleger Atmosphär matmaachen. Den Atelier kënnt dir pro 2-Deeg oder fir déi komplett Woch reservéieren. Dëst Joer sti Schneekereien a Liicht am Mëttelpunkt. Um Programm : Dënschdes,Continue reading "1. – 4. August – Summerakademie"

  • septembre 2023

  • dim 24
    24 septembre 2023 à 16 h 00 min - 18 h 00 min

    24. September – Musek op der Musel

    Musek op der MuselDëst Joer ginn d'Deeg vum europäesche Patrimoine mat Musek am Musée "A Possen" gefeiert!Loosst Iech e Sonndeg de 24. September um 16.00 Auer vun engem flotte Concert vun der Chorale "Musel Frënn" an der Waistuff "A Possen" verzauberen. Dësen Nomëtteg dréint sech alles ronderëm d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Musel, em traditionell MelodienContinue reading "24. September – Musek op der Musel"

  • sam 30
    30 septembre 2023 à 10 h 00 min - 1 octobre 2023 à 17 h 00 min

    30. September – 1. Oktober – Au fil des siècles, à travers l’Europe – La broderie luxembourgeoise au coeur des Carpates

    Au fil des siècles, à travers l'Europe - La broderie luxembourgeoise au coeur des CarpatesViru ronn 800 Joer hu sech eng Réi Awunner aus der lëtzebuergescher Groussregioun a Regioune vu Transsylvanien niddergelooss. Si hunn hir Liewensaart mat an hiert neit Doheem geholl an ugepasst. D‘Associatioun RoKultur ASBL huet sech zum Zil gesat, dës Kultur an hiren immaterielle PatrimoineContinue reading "30. September – 1. Oktober – Au fil des siècles, à travers l’Europe – La broderie luxembourgeoise au coeur des Carpates"

  • octobre 2023

  • sam 28
    28 octobre 2023 à 14 h 00 min - 29 octobre 2023 à 17 h 00 min

    28. / 29. Oktober – Trauliicht am Musée « A Possen »!

    28. / 29. Oktober - Trauliicht am Musée "A Possen"!Erëm dëst Joer steet dat traditionellt Trauliicht am Mëttelpunkt am Musée „A Possen“. Mir brennen d‘Trauliicht Samschdes, den 28. ODER Sonndes, den 29. Oktober. Dräi Stonne laang kënnen d’Kanner vum 6 bis 12 Joer e gemittlechen a kreative Moment erliewen. Mat eiser Médiatrice schnëtzen d’Kanner Rommelen,Continue reading "28. / 29. Oktober – Trauliicht am Musée « A Possen »!"

  • novembre 2023

  • dim 12
    12 novembre 2023 à 14 h 00 min - 17 h 00 min

    12. November – Mir feieren den Hierscht am Musée « A Possen »!

    Mir feieren den Hierscht am Musée "A Possen"! Den Hierscht weist sech am Musée „A Possen“ vu senger schéinster Säit! Bei eisem intergenerationellen Atelier, de 12. November vu 14 - 17 Auer, deele mir gären eis flott Hierscht-Impressioun mat Iech. Nodeems jiddereen säin eegene Kranz aus Weiderutt zesummegestallt huet, ass vill Fantasie gefrot fir dësen ze dekoréieren. Verschidden Techniken a Materialie firContinue reading "12. November – Mir feieren den Hierscht am Musée « A Possen »!"

  • sam 25
    25 novembre 2023 à 14 h 00 min - 17 h 00 min

    25. November – Adventszäit am Musée « A Possen »

    Adventsäit am Musée "A Possen"Samschdes, de 25. November start déi traditionell Adventszäit am Musée „A Possen“! Am Kader vun dësem intergenerationellen Atelier, wäerten all Gruppen e schéinen Adventskalenner kreéieren. E bësse bitzen, e bësse schneiden, a vill natierlech Materialie stinn am Mëttelpunkt vun dësem Atelier. Eis Visiteure wäerten och mat eiser Mediatrice eng klengen Tour duerch deContinue reading "25. November – Adventszäit am Musée « A Possen »"

  • décembre 2023

  • sam 16
    16 décembre 2023 à 14 h 00 min - 17 h 00 min

    16. Dezember – Chrëschtdag am Musée « A Possen »

    Chrëschtdag am Musée "A Possen"Fir d’Waardezäit op Chrëschtdag ze verkierzen, invitéiert de Musée « A Possen » d’Kanner vu 6 bis 12 Joer op e flotten Atelier. Gourmandisen a Kreatioune stinn am Mëttelpunkt vun dësem schéinen a gemittleche Moment. Mat eiser Mediatrice wäerten d’Kanner Chrëschtkichelcher baken a mat natierleche Materialien dekoréieren. Wat eng gutt Iddi fir opContinue reading "16. Dezember – Chrëschtdag am Musée « A Possen »"

  • janvier 2024

  • sam 20
    20 janvier 2024 à 14 h 00 min - 17 h 00 min

    20. Januar – « Liichtmëssdag » am Musée « A Possen »

    20. Januar - "Liichtmëssdag" am Musée "A Possen" Samschdes, den 20. Januar, kënne Kanner vu 6 bis 12 Joer un engem kreativen Atelier fir den traditionellen „Liichtmëssdag“ deelhuelen. Schneiden, Molen a Faarwe sti bei dëser Aktivitéit am Mëttelpunkt. Mat Hëllef vun eiser Mediatrice kann all Kand mat sengem eegene Lampion Heem goen. Esou hunn siContinue reading "20. Januar – « Liichtmëssdag » am Musée « A Possen »"

  • sam 27
    27 janvier 2024 à 14 h 00 min - 17 h 00 min

    27. Januar – Alles ronderëm d’Liicht fir « Liichtmëssdag »

    27. Januar - Alles ronderëm d'Liicht fir "Liichtmëssdag" Wat gëtt et méi Schéines wéi "Liichtmëssdag" zesummen ze feieren? Samschdes, de 27. Januar, si Grouss a Kléng (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) am Kader vun engem intergenerationellen Atelier (ongeféier 3 Stonnen) invitéiert en häerzlechen a kreative Moment zum Thema Liicht matzemaachen. Ob eleng,Continue reading "27. Januar – Alles ronderëm d’Liicht fir « Liichtmëssdag »"

  • février 2024

  • dim 25
    25 février 2024 à 14 h 00 min - 17 h 00 min

    25. Februar – E gemittlechen Nomëtteg mat selwer gemaachtem Eisekuch

    25. Februar - E gemittlechen Nomëtteg mat selwer gemaachtem Eisekuch Loscht op en Dessert de 25. Februar? Bei engem intergenerationellen Atelier, gi mat eiser Mediatrice lecker Desserte gekacht. Um Programm stinn traditionell lëtzebuergesch Eisekuchen a gebake Bieren. Nodeems den Deeg eegestänneg zesumme gestallt gouf, ginn d’Eisekuchen mat enger traditioneller Eisekucheform, op oppenem Feier an eiserContinue reading "25. Februar – E gemittlechen Nomëtteg mat selwer gemaachtem Eisekuch"

  • mars 2024

  • sam 16
    16 mars 2024 à 14 h 00 min - 17 h 00 min

    16. Mäerz – Kreativitéit a Stéckerei

    16. Mäerz - Kreativitéit a Stéckerei Samschdes, de 16. Mäerz, kann een an dësem intergenerationellen Atelier (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn), d’Konscht vum Stécken entdecken. Op eleng, mat Frënn a Famill, jidderee ka mat eiser Mediatrice senger eegener Kreativitéit fräie Laf loossen, a Karten oder Lieszeechen hierstellen. Ob Amateur oder Expert, beiContinue reading "16. Mäerz – Kreativitéit a Stéckerei"

  • sam 30
    30 mars 2024 à 14 h 00 min - 17 h 00 min

    30. Mäerz – Ouschteratelier am Musée « A Possen »

    30. Mäerz - Ouschteratelier am Musée "A Possen" Dëst Joer gi fir Ouschteren am Musée „A Possen“ Handwierk a Schneekerei matenee verbonnen. Samschdes, den 30. Mäerz, kënne Kanner vu 6 bis 12 Joer, vu 14.00 bis 17.00 Auer, d’Handwierk vum Kuerfflechten entdecken, andeems si hiren eegenen Ouschterkuerf flechten. Dobäi kënnen si Spaass hunn a gläichzäitegContinue reading "30. Mäerz – Ouschteratelier am Musée « A Possen »"

  • avril 2024

  • mer 3
    3 avril 2024 à 14 h 00 min - 17 h 00 min

    3. Abrëll – Ouschteratelier am Musée « A Possen »

    3. Abrëll - Ouschteratelier am Musée "A Possen" Dëst Joer gi fir Ouschteren am Musée „A Possen“ Handwierk a Schneekerei matenee verbonnen. Mëttwochs, den 3. Abrëll, kënne Kanner vu 6 bis 12 Joer, vu 14.00 bis 17.00 Auer, d’Handwierk vum Kuerfflechten entdecken, andeems si hiren eegenen Ouschterkuerf flechten. Dobäi kënnen si Spaass hunn a gläichzäitegContinue reading "3. Abrëll – Ouschteratelier am Musée « A Possen »"

  • Évènements précédents
  • Aujourd’hui
  • Évènements suivants
  • Google Agenda
  • iCalendar
  • Outlook 365
  • Outlook Live
  • Exporter le fichier .ics
  • Exporter le fichier Outlook .ics

Pagination des publications

1 2 3 … 13 Older posts
Musée A Possen, Proudly powered by WordPress.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy