6. & 7. Abrëll – Via Mosel

6. & 7. Abrëll - Via MoselRätsel vun der Architektur am Musée "A Possen"Am Kader vun der Portes ouvertes "Via Mosel" proposéieren mir iech, eleng oder mat Famill a Frënn, déi kléng architektonesch Geheimnisser vun den alen Haiser vum Musée z’entdecken, dat am Häerz vun der Lëtzebuerger Musel läit. Eng individuell Visite mat engem SpillbuchContinue reading "6. & 7. Abrëll – Via Mosel"

20. Abrëll – Kreativitéit ronderëm d’Material Woll

20. Abrëll - Kreativitéit ronderëm d'Material Woll Samschdes, den 20. Abrëll bitt de Musée „A Possen », Grouss a Kléng d’Méiglechkeet un engem faarwegen intergenerationellen Atelier deelzehuelen (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn). Wärend ongeféier 3 Stonne loossen si hirer Kreativitéit mam natierleche Material Woll fräie Laf. Kléng Pompoms, Fransen an aner Dekoratioune giContinue reading "20. Abrëll – Kreativitéit ronderëm d’Material Woll"

4. Mee – Wiewen a Kreativitéit am Musée « A Possen »

4. Mee - Wiewen a Kreativitéit am Musée "A Possen" Samschdes de 4. Mee, leiere Kanner vu 6 bis 12 Joer am Musée „A Possen“ d’Grondkenntnisser vum Wiewe kennen. Mat Hëllef vun eiser Mediatrice, loossen si hirer Kreativitéit fräie Laf, andeem si verschidden Ënnersetzer aus Woll wiewen. Faarwen auswielen, Materialien upaken, Techniken entdecken – anContinue reading "4. Mee – Wiewen a Kreativitéit am Musée « A Possen »"

18. & 19. Mee – Luxembourg Museum Days 2024

18. & 19. Mee - Luxembourg Museum Days 2024Tënt a Wonner: KalligrafieHudd Dir ëmmer schonn emol dovu gedreemt, Iech an der Kalligrafie ze versichen? Dann verpasst net eisen intergenerationelle Workshop wärend de LuMuDays 2024 (Luxembourg Museum Days 2024) an Zesummenaarbecht mat ICOM Lëtzebuerg! Taucht an d’Konscht vun der Kalligrafie an a loosst Iech vun derContinue reading "18. & 19. Mee – Luxembourg Museum Days 2024"

15. Juni – Traditionellt Spillen am Musée « A Possen »

15. Juni - Traditionellt Spillen am Musée "A Possen"Samschdes, de 15. Juni, invitéiert de Musée « A Possen », Grouss a Kléng op en originellen a spillereschen Atelier. An engem Workshop vun 3 Stonnen, wäert dir mat Hëllef vun eiser Mediatrice är eegent traditionell Spiller kreéieren. Um Programm sti Waken a Millchen. Mat Bitzen, molen, strécken aContinue reading "15. Juni – Traditionellt Spillen am Musée « A Possen »"

13. Juli – Blummefest am Musée « A Possen »

13. Juli- Blummefest am Musée "A Possen"Samschdes, den 13 Juli, si Kanner vu 6 bis 12 Joer invitéiert, e faarwegen Nomëtteg am Musée „A Possen“ ze verbréngen. Zesumme mat eiser Mediatrice ginn een (oder méi) kléng Këssen a Form vun enger Blumm hiergestallt, fir déi schéin Deeg ze feieren. E wéineg bitzen, flott Materialien aContinue reading "13. Juli – Blummefest am Musée « A Possen »"

16. Juli – 29. September – Exposition miMO

16. Juli - 29. September - Exposition miMOEntdeckt miMO, eng Ausstellung vun der zäitgenëssescher Miniaturkonscht aus Lëtzebuerg! De Musée « A Possen » ass frou d'Associatioun Musel Link a.s.b.l. mat sengem Miniaturkonschtprojet wëllkommen ze heeschen. Dës Ausstellung invitéiert Iech eng Welt z'entdecken an där 8 Lëtzebuerger Kënschtler a Kënschtlerinnen d'Limite vun der Kreativitéit op enger klenger Skala exploréieren.Continue reading "16. Juli – 29. September – Exposition miMO"

3. August – Wine Culture Enjoy 2024

3. August - Wine Culture Enjoy 2024 Konscht op GLAS Am Kader vun der Manifestatioun „Wine Culture Enjoy“ an Zesummenaarbecht mat der ORT de la Moselle luxembourgeoise, invitéiere mir Iech häerzlech op eisen intergenerationelle Workshop „Konscht op GLAS“. Am Kader vun dësem Workshop an ënnert der Hëllef vun eiser Mediatrice kennt Dir e Glas verschéineren,Continue reading "3. August – Wine Culture Enjoy 2024"

4. August – Wine Culture Enjoy 2024

4. August - Wine Culture Enjoy 2024En Abléck an d’Liewe vun enger Miseler Wënzerfamill am 19. JoerhonnertAm Kontext vun der Manifestatioun „Wine Culture Enjoy“ a Partnerschaft mat dem ORT de la Moselle luxembourgeoise bitt de Musée „A Possen“ senge Visiteuren, en Abléck an d’Liewe vun enger Miseler Wënzerfamill am 19. Joerhonnert. Wärend dëser Visite GuidéeContinue reading "4. August – Wine Culture Enjoy 2024"

4. August – WCE: Eng Renconter mat der Kënschtlerin Marie-Pierre Speltz

Am Kader vun der Manifestatioun « Wine Culture Enjoy » an der Expositioun « miMO – Exposition d’art contemporain miniature du Luxembourg » invitéiert de Musée « A Possen » Iech, déi faszinéierend Welt vun der Gravure z‘entdecken. Trefft d‘Kënschtlerin Marie-Pierre Speltz, eng lëtzebuergesch Graveuse, déi Iech hir Techniken, faszinéierend Kreatiounen an Inspiratiounsquelle virstellt. EngContinue reading "4. August – WCE: Eng Renconter mat der Kënschtlerin Marie-Pierre Speltz"

6. – 9. August – Summerakademie am Musée « A Possen »

6. - 9. August - Summerakademie am Musée "A Possen"Vum 6. Bis 9. August organiséiert de Musée „A Possen » nees seng traditionell Summerakademie. Kanner vu 6 bis 12 Joer sinn invitéiert, mat eiser Mediatrice op spilleresch Aart a Weis ze leieren a kreativ ze ginn.De 6. a 7. August leieren d’Kanner déi traditionell Technik vumContinue reading "6. – 9. August – Summerakademie am Musée « A Possen »"

20. – 23. August – Summerakademie II am Musée « A Possen »

20. - 23. August - Summerakademie II am Musée "A Possen"Vum 20. Bis 23. August organiséiert de Musée „A Possen » nees seng traditionell Summerakademie. Kanner vu 6 bis 12 Joer sinn invitéiert, mat eiser Mediatrice op spilleresch Aart a Weis ze leieren a kreativ ze ginn.De 20. a 21. August leieren d’Kanner déi traditionellContinue reading "20. – 23. August – Summerakademie II am Musée « A Possen »"

22. September – Eng Renconter mat der Konschtfotografin Neckel Scholtus

Am Kader vun der Ausstellung « miMO – Exposition d’art contemporain miniature du Luxembourg » bitt de Musée « A Possen » Iech un, déi spannend Welt vun der Konschtfotografin Neckel Scholtus kennenzeléieren. An hire fotografeschen Aarbechten ënnersicht d’Neckel Scholtus d’Theme vum alldeegleche Liewen, souwéi d’Dualitéit vun hire Kandheetserënnerungen, déi hiren Ursprong um Familljenhaff hunn.Continue reading "22. September – Eng Renconter mat der Konschtfotografin Neckel Scholtus"

28. September – JEP 2024: «Op De Spuere Vun Der Miseler Wäiriewen A Transsylvanien »

Journées européennes du patrimoine 2024: « Routes, réseaux et connexions – Op de Spuere vun der Miseler Wäiriewen a Transsylvanien », en intergenerationelle Workshop presentéiert vu RoKultur a.s.b.l.Kommt an entdeckt dat kulturellt Ierwe wärend de Journées européennes du patrimoine 2024 unhand vun eisem intergenerationelle Workshop « Routes, réseaux et connexions – Op de Spuere vunContinue reading "28. September – JEP 2024: «Op De Spuere Vun Der Miseler Wäiriewen A Transsylvanien »"

6. Oktober – JEP 2024: « Routes, réseaux et connexions – 1847-1858: D‘Emigratiounswell vun de Miseler »

Journées européennes du patrimoine 2024: « Routes, réseaux et connexions – 1847-1858: D‘Emigratiounswell vun de Miseler », eng Konferenz presentéiert vun der Historikerin Caroline Resch am Musée « A Possen »  De 6. Oktober 2024, wärend de Journées européennes du patrimoine 2024, déi ënnert dem Thema « Routes, réseaux et connexions » stinn, fënnt am Musée « A Possen » eng KonferenzContinue reading "6. Oktober – JEP 2024: « Routes, réseaux et connexions – 1847-1858: D‘Emigratiounswell vun de Miseler »"

26. Oktober – De Brauch em d’Trauliicht

26. Oktober- De Brauch em d'TrauliichtEt ass Traditioun! Och dëst Joer brennen nees Trauliichter am Musée « A Possen ». Bis allerdéngs aus de Rommelen Trauliichter ginn, sinn e puer Aarbechtsschrëtt néideg. Sou mussen d'Rommelen als éischt emol ausgehielegt ginn, ier se schliisslech mat enger grujeleger Fratz versi kënne ginn. Zesumme mat eiser Mediatrice kënnenContinue reading "26. Oktober – De Brauch em d’Trauliicht"

23. November – Metall, Drot a Pärele fir d’Adventszäit

23. November- Metall, Drot a Pärele fir d'AdventszäitChrëschtdag kënnt ëmmer méi no an do däerf e Chrëschtbeemchen an d’Rëschte vun dësem net feelen. Ma wei wier et dann, säi Chrëschtbeemechersschmuck emol eng Kéier selwer, ganz nom eegene Goût hierzestellen? Genau des Méiglechkeet gëtt Iech den 23. November am Kader vun eisem intergenerationelle Atelier „Metall, DrotContinue reading "23. November – Metall, Drot a Pärele fir d’Adventszäit"

1. Dezember – Eisekuch a Schockela

1. Dezember-Eisekuch a SchockelaAn eisem intergenerationelle Atelier vum 1. Dezember (Kanner musse vun engem Erwuessene begleet ginn) dréint sech - ganz nom Motto vun der Joreszäit - alles em Schneekegkeeten. An enger gemittlecher Ambiance gëtt matt der Hëllef vun eiser Mediatrice als éischt emol en Eisekuchsdeeg virbereet, deen doropshin iwwert dem oppene Feier vun derContinue reading "1. Dezember – Eisekuch a Schockela"