20. Januar – « Liichtmëssdag » am Musée « A Possen »

20. Januar - "Liichtmëssdag" am Musée "A Possen" Samschdes, den 20. Januar, kënne Kanner vu 6 bis 12 Joer un engem kreativen Atelier fir den traditionellen „Liichtmëssdag“ deelhuelen. Schneiden, Molen a Faarwe sti bei dëser Aktivitéit am Mëttelpunkt. Mat Hëllef vun eiser Mediatrice kann all Kand mat sengem eegene Lampion Heem goen. Esou hunn siContinue reading "20. Januar – « Liichtmëssdag » am Musée « A Possen »"

27. Januar – Alles ronderëm d’Liicht fir « Liichtmëssdag »

27. Januar - Alles ronderëm d'Liicht fir "Liichtmëssdag" Wat gëtt et méi Schéines wéi "Liichtmëssdag" zesummen ze feieren? Samschdes, de 27. Januar, si Grouss a Kléng (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) am Kader vun engem intergenerationellen Atelier (ongeféier 3 Stonnen) invitéiert en häerzlechen a kreative Moment zum Thema Liicht matzemaachen. Ob eleng,Continue reading "27. Januar – Alles ronderëm d’Liicht fir « Liichtmëssdag »"

25. Februar – E gemittlechen Nomëtteg mat selwer gemaachtem Eisekuch

25. Februar - E gemittlechen Nomëtteg mat selwer gemaachtem Eisekuch Loscht op en Dessert de 25. Februar? Bei engem intergenerationellen Atelier, gi mat eiser Mediatrice lecker Desserte gekacht. Um Programm stinn traditionell lëtzebuergesch Eisekuchen a gebake Bieren. Nodeems den Deeg eegestänneg zesumme gestallt gouf, ginn d’Eisekuchen mat enger traditioneller Eisekucheform, op oppenem Feier an eiserContinue reading "25. Februar – E gemittlechen Nomëtteg mat selwer gemaachtem Eisekuch"

16. Mäerz – Kreativitéit a Stéckerei

16. Mäerz - Kreativitéit a Stéckerei Samschdes, de 16. Mäerz, kann een an dësem intergenerationellen Atelier (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn), d’Konscht vum Stécken entdecken. Op eleng, mat Frënn a Famill, jidderee ka mat eiser Mediatrice senger eegener Kreativitéit fräie Laf loossen, a Karten oder Lieszeechen hierstellen. Ob Amateur oder Expert, beiContinue reading "16. Mäerz – Kreativitéit a Stéckerei"

30. Mäerz – Ouschteratelier am Musée « A Possen »

30. Mäerz - Ouschteratelier am Musée "A Possen" Dëst Joer gi fir Ouschteren am Musée „A Possen“ Handwierk a Schneekerei matenee verbonnen. Samschdes, den 30. Mäerz, kënne Kanner vu 6 bis 12 Joer, vu 14.00 bis 17.00 Auer, d’Handwierk vum Kuerfflechten entdecken, andeems si hiren eegenen Ouschterkuerf flechten. Dobäi kënnen si Spaass hunn a gläichzäitegContinue reading "30. Mäerz – Ouschteratelier am Musée « A Possen »"

3. Abrëll – Ouschteratelier am Musée « A Possen »

3. Abrëll - Ouschteratelier am Musée "A Possen" Dëst Joer gi fir Ouschteren am Musée „A Possen“ Handwierk a Schneekerei matenee verbonnen. Mëttwochs, den 3. Abrëll, kënne Kanner vu 6 bis 12 Joer, vu 14.00 bis 17.00 Auer, d’Handwierk vum Kuerfflechten entdecken, andeems si hiren eegenen Ouschterkuerf flechten. Dobäi kënnen si Spaass hunn a gläichzäitegContinue reading "3. Abrëll – Ouschteratelier am Musée « A Possen »"

6. & 7. Abrëll – Via Mosel

6. & 7. Abrëll - Via MoselRätsel vun der Architektur am Musée "A Possen"Am Kader vun der Portes ouvertes "Via Mosel" proposéieren mir iech, eleng oder mat Famill a Frënn, déi kléng architektonesch Geheimnisser vun den alen Haiser vum Musée z’entdecken, dat am Häerz vun der Lëtzebuerger Musel läit. Eng individuell Visite mat engem SpillbuchContinue reading "6. & 7. Abrëll – Via Mosel"

20. Abrëll – Kreativitéit ronderëm d’Material Woll

20. Abrëll - Kreativitéit ronderëm d'Material Woll Samschdes, den 20. Abrëll bitt de Musée „A Possen », Grouss a Kléng d’Méiglechkeet un engem faarwegen intergenerationellen Atelier deelzehuelen (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn). Wärend ongeféier 3 Stonne loossen si hirer Kreativitéit mam natierleche Material Woll fräie Laf. Kléng Pompoms, Fransen an aner Dekoratioune giContinue reading "20. Abrëll – Kreativitéit ronderëm d’Material Woll"

4. Mee – Wiewen a Kreativitéit am Musée « A Possen »

4. Mee - Wiewen a Kreativitéit am Musée "A Possen" Samschdes de 4. Mee, leiere Kanner vu 6 bis 12 Joer am Musée „A Possen“ d’Grondkenntnisser vum Wiewe kennen. Mat Hëllef vun eiser Mediatrice, loossen si hirer Kreativitéit fräie Laf, andeem si verschidden Ënnersetzer aus Woll wiewen. Faarwen auswielen, Materialien upaken, Techniken entdecken – anContinue reading "4. Mee – Wiewen a Kreativitéit am Musée « A Possen »"

18. & 19. Mee – Luxembourg Museum Days 2024

18. & 19. Mee - Luxembourg Museum Days 2024Tënt a Wonner: KalligrafieHudd Dir ëmmer schonn emol dovu gedreemt, Iech an der Kalligrafie ze versichen? Dann verpasst net eisen intergenerationelle Workshop wärend de LuMuDays 2024 (Luxembourg Museum Days 2024) an Zesummenaarbecht mat ICOM Lëtzebuerg! Taucht an d’Konscht vun der Kalligrafie an a loosst Iech vun derContinue reading "18. & 19. Mee – Luxembourg Museum Days 2024"

15. Juni – Traditionellt Spillen am Musée « A Possen »

15. Juni - Traditionellt Spillen am Musée "A Possen"Samschdes, de 15. Juni, invitéiert de Musée « A Possen », Grouss a Kléng op en originellen a spillereschen Atelier. An engem Workshop vun 3 Stonnen, wäert dir mat Hëllef vun eiser Mediatrice är eegent traditionell Spiller kreéieren. Um Programm sti Waken a Millchen. Mat Bitzen, molen, strécken aContinue reading "15. Juni – Traditionellt Spillen am Musée « A Possen »"

13. Juli – Blummefest am Musée « A Possen »

13. Juli- Blummefest am Musée "A Possen"Samschdes, den 13 Juli, si Kanner vu 6 bis 12 Joer invitéiert, e faarwegen Nomëtteg am Musée „A Possen“ ze verbréngen. Zesumme mat eiser Mediatrice ginn een (oder méi) kléng Këssen a Form vun enger Blumm hiergestallt, fir déi schéin Deeg ze feieren. E wéineg bitzen, flott Materialien aContinue reading "13. Juli – Blummefest am Musée « A Possen »"

3. August – Wine Culture Enjoy 2024

3. August - Wine Culture Enjoy 2024 Konscht op GLAS Am Kader vun der Manifestatioun „Wine Culture Enjoy“ an Zesummenaarbecht mat der ORT de la Moselle luxembourgeoise, invitéiere mir Iech häerzlech op eisen intergenerationelle Workshop „Konscht op GLAS“. Am Kader vun dësem Workshop an ënnert der Hëllef vun eiser Mediatrice kennt Dir e Glas verschéineren,Continue reading "3. August – Wine Culture Enjoy 2024"

4. August – Wine Culture Enjoy 2024

4. August - Wine Culture Enjoy 2024En Abléck an d’Liewe vun enger Miseler Wënzerfamill am 19. JoerhonnertAm Kontext vun der Manifestatioun „Wine Culture Enjoy“ a Partnerschaft mat dem ORT de la Moselle luxembourgeoise bitt de Musée „A Possen“ senge Visiteuren, en Abléck an d’Liewe vun enger Miseler Wënzerfamill am 19. Joerhonnert. Wärend dëser Visite GuidéeContinue reading "4. August – Wine Culture Enjoy 2024"

4. August – WCE: Eng Renconter mat der Kënschtlerin Marie-Pierre Speltz

Am Kader vun der Manifestatioun « Wine Culture Enjoy » an der Expositioun « miMO – Exposition d’art contemporain miniature du Luxembourg » invitéiert de Musée « A Possen » Iech, déi faszinéierend Welt vun der Gravure z‘entdecken. Trefft d‘Kënschtlerin Marie-Pierre Speltz, eng lëtzebuergesch Graveuse, déi Iech hir Techniken, faszinéierend Kreatiounen an Inspiratiounsquelle virstellt. EngContinue reading "4. August – WCE: Eng Renconter mat der Kënschtlerin Marie-Pierre Speltz"

6. – 9. August – Summerakademie am Musée « A Possen »

6. - 9. August - Summerakademie am Musée "A Possen"Vum 6. Bis 9. August organiséiert de Musée „A Possen » nees seng traditionell Summerakademie. Kanner vu 6 bis 12 Joer sinn invitéiert, mat eiser Mediatrice op spilleresch Aart a Weis ze leieren a kreativ ze ginn.De 6. a 7. August leieren d’Kanner déi traditionell Technik vumContinue reading "6. – 9. August – Summerakademie am Musée « A Possen »"

20. – 23. August – Summerakademie II am Musée « A Possen »

20. - 23. August - Summerakademie II am Musée "A Possen"Vum 20. Bis 23. August organiséiert de Musée „A Possen » nees seng traditionell Summerakademie. Kanner vu 6 bis 12 Joer sinn invitéiert, mat eiser Mediatrice op spilleresch Aart a Weis ze leieren a kreativ ze ginn.De 20. a 21. August leieren d’Kanner déi traditionellContinue reading "20. – 23. August – Summerakademie II am Musée « A Possen »"

22. September – Eng Renconter mat der Konschtfotografin Neckel Scholtus

Am Kader vun der Ausstellung « miMO – Exposition d’art contemporain miniature du Luxembourg » bitt de Musée « A Possen » Iech un, déi spannend Welt vun der Konschtfotografin Neckel Scholtus kennenzeléieren. An hire fotografeschen Aarbechten ënnersicht d’Neckel Scholtus d’Theme vum alldeegleche Liewen, souwéi d’Dualitéit vun hire Kandheetserënnerungen, déi hiren Ursprong um Familljenhaff hunn.Continue reading "22. September – Eng Renconter mat der Konschtfotografin Neckel Scholtus"

28. September – JEP 2024: «Op De Spuere Vun Der Miseler Wäiriewen A Transsylvanien »

Journées européennes du patrimoine 2024: « Routes, réseaux et connexions – Op de Spuere vun der Miseler Wäiriewen a Transsylvanien », en intergenerationelle Workshop presentéiert vu RoKultur a.s.b.l.Kommt an entdeckt dat kulturellt Ierwe wärend de Journées européennes du patrimoine 2024 unhand vun eisem intergenerationelle Workshop « Routes, réseaux et connexions – Op de Spuere vunContinue reading "28. September – JEP 2024: «Op De Spuere Vun Der Miseler Wäiriewen A Transsylvanien »"