30. September – 1. Oktober – Au fil des siècles, à travers l’Europe – La broderie luxembourgeoise au coeur des Carpates
Au fil des siècles, à travers l'Europe - La broderie luxembourgeoise au coeur des CarpatesViru ronn 800 Joer hu sech eng Réi Awunner aus der lëtzebuergescher Groussregioun a Regioune vu Transsylvanien niddergelooss. Si hunn hir Liewensaart mat an hiert neit Doheem geholl an ugepasst. D‘Associatioun RoKultur ASBL huet sech zum Zil gesat, dës Kultur an hiren immaterielle PatrimoineContinue reading "30. September – 1. Oktober – Au fil des siècles, à travers l’Europe – La broderie luxembourgeoise au coeur des Carpates"
28. / 29. Oktober – Trauliicht am Musée « A Possen »!
28. / 29. Oktober - Trauliicht am Musée "A Possen"!Erëm dëst Joer steet dat traditionellt Trauliicht am Mëttelpunkt am Musée „A Possen“. Mir brennen d‘Trauliicht Samschdes, den 28. ODER Sonndes, den 29. Oktober. Dräi Stonne laang kënnen d’Kanner vum 6 bis 12 Joer e gemittlechen a kreative Moment erliewen. Mat eiser Médiatrice schnëtzen d’Kanner Rommelen,Continue reading "28. / 29. Oktober – Trauliicht am Musée « A Possen »!"
12. November – Mir feieren den Hierscht am Musée « A Possen »!
Mir feieren den Hierscht am Musée "A Possen"! Den Hierscht weist sech am Musée „A Possen“ vu senger schéinster Säit! Bei eisem intergenerationellen Atelier, de 12. November vu 14 - 17 Auer, deele mir gären eis flott Hierscht-Impressioun mat Iech. Nodeems jiddereen säin eegene Kranz aus Weiderutt zesummegestallt huet, ass vill Fantasie gefrot fir dësen ze dekoréieren. Verschidden Techniken a Materialie firContinue reading "12. November – Mir feieren den Hierscht am Musée « A Possen »!"
25. November – Adventszäit am Musée « A Possen »
Adventsäit am Musée "A Possen"Samschdes, de 25. November start déi traditionell Adventszäit am Musée „A Possen“! Am Kader vun dësem intergenerationellen Atelier, wäerten all Gruppen e schéinen Adventskalenner kreéieren. E bësse bitzen, e bësse schneiden, a vill natierlech Materialie stinn am Mëttelpunkt vun dësem Atelier. Eis Visiteure wäerten och mat eiser Mediatrice eng klengen Tour duerch deContinue reading "25. November – Adventszäit am Musée « A Possen »"
16. Dezember – Chrëschtdag am Musée « A Possen »
Chrëschtdag am Musée "A Possen"Fir d’Waardezäit op Chrëschtdag ze verkierzen, invitéiert de Musée « A Possen » d’Kanner vu 6 bis 12 Joer op e flotten Atelier. Gourmandisen a Kreatioune stinn am Mëttelpunkt vun dësem schéinen a gemittleche Moment. Mat eiser Mediatrice wäerten d’Kanner Chrëschtkichelcher baken a mat natierleche Materialien dekoréieren. Wat eng gutt Iddi fir opContinue reading "16. Dezember – Chrëschtdag am Musée « A Possen »"
20. Januar – « Liichtmëssdag » am Musée « A Possen »
20. Januar - "Liichtmëssdag" am Musée "A Possen" Samschdes, den 20. Januar, kënne Kanner vu 6 bis 12 Joer un engem kreativen Atelier fir den traditionellen „Liichtmëssdag“ deelhuelen. Schneiden, Molen a Faarwe sti bei dëser Aktivitéit am Mëttelpunkt. Mat Hëllef vun eiser Mediatrice kann all Kand mat sengem eegene Lampion Heem goen. Esou hunn siContinue reading "20. Januar – « Liichtmëssdag » am Musée « A Possen »"
27. Januar – Alles ronderëm d’Liicht fir « Liichtmëssdag »
27. Januar - Alles ronderëm d'Liicht fir "Liichtmëssdag" Wat gëtt et méi Schéines wéi "Liichtmëssdag" zesummen ze feieren? Samschdes, de 27. Januar, si Grouss a Kléng (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) am Kader vun engem intergenerationellen Atelier (ongeféier 3 Stonnen) invitéiert en häerzlechen a kreative Moment zum Thema Liicht matzemaachen. Ob eleng,Continue reading "27. Januar – Alles ronderëm d’Liicht fir « Liichtmëssdag »"
25. Februar – E gemittlechen Nomëtteg mat selwer gemaachtem Eisekuch
25. Februar - E gemittlechen Nomëtteg mat selwer gemaachtem Eisekuch Loscht op en Dessert de 25. Februar? Bei engem intergenerationellen Atelier, gi mat eiser Mediatrice lecker Desserte gekacht. Um Programm stinn traditionell lëtzebuergesch Eisekuchen a gebake Bieren. Nodeems den Deeg eegestänneg zesumme gestallt gouf, ginn d’Eisekuchen mat enger traditioneller Eisekucheform, op oppenem Feier an eiserContinue reading "25. Februar – E gemittlechen Nomëtteg mat selwer gemaachtem Eisekuch"
16. Mäerz – Kreativitéit a Stéckerei
16. Mäerz - Kreativitéit a Stéckerei Samschdes, de 16. Mäerz, kann een an dësem intergenerationellen Atelier (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn), d’Konscht vum Stécken entdecken. Op eleng, mat Frënn a Famill, jidderee ka mat eiser Mediatrice senger eegener Kreativitéit fräie Laf loossen, a Karten oder Lieszeechen hierstellen. Ob Amateur oder Expert, beiContinue reading "16. Mäerz – Kreativitéit a Stéckerei"
30. Mäerz – Ouschteratelier am Musée « A Possen »
30. Mäerz - Ouschteratelier am Musée "A Possen" Dëst Joer gi fir Ouschteren am Musée „A Possen“ Handwierk a Schneekerei matenee verbonnen. Samschdes, den 30. Mäerz, kënne Kanner vu 6 bis 12 Joer, vu 14.00 bis 17.00 Auer, d’Handwierk vum Kuerfflechten entdecken, andeems si hiren eegenen Ouschterkuerf flechten. Dobäi kënnen si Spaass hunn a gläichzäitegContinue reading "30. Mäerz – Ouschteratelier am Musée « A Possen »"
3. Abrëll – Ouschteratelier am Musée « A Possen »
3. Abrëll - Ouschteratelier am Musée "A Possen" Dëst Joer gi fir Ouschteren am Musée „A Possen“ Handwierk a Schneekerei matenee verbonnen. Mëttwochs, den 3. Abrëll, kënne Kanner vu 6 bis 12 Joer, vu 14.00 bis 17.00 Auer, d’Handwierk vum Kuerfflechten entdecken, andeems si hiren eegenen Ouschterkuerf flechten. Dobäi kënnen si Spaass hunn a gläichzäitegContinue reading "3. Abrëll – Ouschteratelier am Musée « A Possen »"
6. & 7. Abrëll – Via Mosel
6. & 7. Abrëll - Via MoselRätsel vun der Architektur am Musée "A Possen"Am Kader vun der Portes ouvertes "Via Mosel" proposéieren mir iech, eleng oder mat Famill a Frënn, déi kléng architektonesch Geheimnisser vun den alen Haiser vum Musée z’entdecken, dat am Häerz vun der Lëtzebuerger Musel läit. Eng individuell Visite mat engem SpillbuchContinue reading "6. & 7. Abrëll – Via Mosel"
20. Abrëll – Kreativitéit ronderëm d’Material Woll
20. Abrëll - Kreativitéit ronderëm d'Material Woll Samschdes, den 20. Abrëll bitt de Musée „A Possen », Grouss a Kléng d’Méiglechkeet un engem faarwegen intergenerationellen Atelier deelzehuelen (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn). Wärend ongeféier 3 Stonne loossen si hirer Kreativitéit mam natierleche Material Woll fräie Laf. Kléng Pompoms, Fransen an aner Dekoratioune giContinue reading "20. Abrëll – Kreativitéit ronderëm d’Material Woll"
4. Mee – Wiewen a Kreativitéit am Musée « A Possen »
4. Mee - Wiewen a Kreativitéit am Musée "A Possen" Samschdes de 4. Mee, leiere Kanner vu 6 bis 12 Joer am Musée „A Possen“ d’Grondkenntnisser vum Wiewe kennen. Mat Hëllef vun eiser Mediatrice, loossen si hirer Kreativitéit fräie Laf, andeem si verschidden Ënnersetzer aus Woll wiewen. Faarwen auswielen, Materialien upaken, Techniken entdecken – anContinue reading "4. Mee – Wiewen a Kreativitéit am Musée « A Possen »"
18. & 19. Mee – Luxembourg Museum Days 2024
18. & 19. Mee - Luxembourg Museum Days 2024Tënt a Wonner: KalligrafieHudd Dir ëmmer schonn emol dovu gedreemt, Iech an der Kalligrafie ze versichen? Dann verpasst net eisen intergenerationelle Workshop wärend de LuMuDays 2024 (Luxembourg Museum Days 2024) an Zesummenaarbecht mat ICOM Lëtzebuerg! Taucht an d’Konscht vun der Kalligrafie an a loosst Iech vun derContinue reading "18. & 19. Mee – Luxembourg Museum Days 2024"
15. Juni – Traditionellt Spillen am Musée « A Possen »
15. Juni - Traditionellt Spillen am Musée "A Possen"Samschdes, de 15. Juni, invitéiert de Musée « A Possen », Grouss a Kléng op en originellen a spillereschen Atelier. An engem Workshop vun 3 Stonnen, wäert dir mat Hëllef vun eiser Mediatrice är eegent traditionell Spiller kreéieren. Um Programm sti Waken a Millchen. Mat Bitzen, molen, strécken aContinue reading "15. Juni – Traditionellt Spillen am Musée « A Possen »"
13. Juli – Blummefest am Musée « A Possen »
13. Juli- Blummefest am Musée "A Possen"Samschdes, den 13 Juli, si Kanner vu 6 bis 12 Joer invitéiert, e faarwegen Nomëtteg am Musée „A Possen“ ze verbréngen. Zesumme mat eiser Mediatrice ginn een (oder méi) kléng Këssen a Form vun enger Blumm hiergestallt, fir déi schéin Deeg ze feieren. E wéineg bitzen, flott Materialien aContinue reading "13. Juli – Blummefest am Musée « A Possen »"
3. August – Wine Culture Enjoy 2024
3. August - Wine Culture Enjoy 2024 Konscht op GLAS Am Kader vun der Manifestatioun „Wine Culture Enjoy“ an Zesummenaarbecht mat der ORT de la Moselle luxembourgeoise, invitéiere mir Iech häerzlech op eisen intergenerationelle Workshop „Konscht op GLAS“. Am Kader vun dësem Workshop an ënnert der Hëllef vun eiser Mediatrice kennt Dir e Glas verschéineren,Continue reading "3. August – Wine Culture Enjoy 2024"
4. August – Wine Culture Enjoy 2024
4. August - Wine Culture Enjoy 2024En Abléck an d’Liewe vun enger Miseler Wënzerfamill am 19. JoerhonnertAm Kontext vun der Manifestatioun „Wine Culture Enjoy“ a Partnerschaft mat dem ORT de la Moselle luxembourgeoise bitt de Musée „A Possen“ senge Visiteuren, en Abléck an d’Liewe vun enger Miseler Wënzerfamill am 19. Joerhonnert. Wärend dëser Visite GuidéeContinue reading "4. August – Wine Culture Enjoy 2024"
4. August – WCE: Eng Renconter mat der Kënschtlerin Marie-Pierre Speltz
Am Kader vun der Manifestatioun « Wine Culture Enjoy » an der Expositioun « miMO – Exposition d’art contemporain miniature du Luxembourg » invitéiert de Musée « A Possen » Iech, déi faszinéierend Welt vun der Gravure z‘entdecken. Trefft d‘Kënschtlerin Marie-Pierre Speltz, eng lëtzebuergesch Graveuse, déi Iech hir Techniken, faszinéierend Kreatiounen an Inspiratiounsquelle virstellt. EngContinue reading "4. August – WCE: Eng Renconter mat der Kënschtlerin Marie-Pierre Speltz"