6. Oktober – JEP 2024: « Routes, réseaux et connexions – 1847-1858: D‘Emigratiounswell vun de Miseler »

De 6. Oktober 2024, wärend de Journées européennes du patrimoine 2024, déi ënnert dem Thema « Routes, réseaux et connexions » stinn, fënnt am Musée « A Possen » eng Konferenz vun der Historikerin Caroline Resch statt, déi sech em d‘Emigratiounswellen am 19. Joerhonnert zu Lëtzebuerg dréint. Vill Lëtzebuerger:innen, virun allem aus der Miseler Regioun, hunn sech zu dëser Zäit dozou verleet gespuert, sech am Ausland op d’Sich no engem bessere Liewen ze maachen.

 

Opgrond vu Schwieregkeeten, wéi beispillsweis schlechten Recolten, Hongersnout, héich Steieren an Aarmut, hunn ab 1830 vill Lëtzebuerger:innen hiert Heemechtsland verlooss a sinn a Südamerika an an d’USA emigréiert. An hirer Fuerschungsaarbecht konzentréiert sech d‘Caroline Resch op d’Emigratioun aus dem Museldall, wou besonnesch d’Uewermuselregioun, mat hire Gemenge Wuermer, Stadbriedemes, Bous, Réimech a Schengen, vun enger reegelrechter Emigratiounsepidemie charakteriséiert war.

 

Unhand vun enger minutiéiser Analyse vun Archiven an enger mikrohistorescher Approche wäert d’Historikerin an hirer Konferenz d’Reesen an d’Liewe vu verschiddenen Migrantefamillje beliichten. Vill vun dëse Famille goufen zu Pionéier an hiren neien amerikanesche Communautéiten. Dobäi sollt déi staark Verbindung mat hire Lëtzebuerger Wuerzele bestoe bleiwen, wat sech an de Bestietnesser tëscht Nokomme vu Migranten:innen, wéi beispillsweis dem Nicolas Kieffer Jr. vu Klengmaacher an dem Catharina Steinmetz vun Elweng illustréiere léisst.

 

Fir jiddereen, deen u Familljegeschicht a Biographien interesséiert ass, bitt dës Konferenz eng eemoleg Geleeënheet fir sech an déi faszinéierend Liewensgeschichte vun de Lëtzebuerger Emigranten:innen am 19. Joerhonnert ze verdéiwen. Gitt Deel vun dësem Event a léiert, wéi dës Famillen déi ënnerschiddlech Erausfuerderunge gemeeschtert, hir Spueren an de jeeweilegen amerikanesche Gemeinschaften hannerlooss a gläichzäiteg ëmmer hir Verbindunge mat Lëtzebuerg behalen hunn.

 

E Frëndschaftspatt wäert d’Konferenz ofschléissen.

 

D’Caroline Resch krut 2022 en « Bachelor in European Cultures – History » vun der Universitéit Lëtzebuerg ausgestallt a preparéiert momentan hire Master an der « Contemporary European History ». Hire besonneschen Interessi un der amerikanescher Immigratioun spigelt sech am Thema vun hirer Bacheloraarbecht an an engem Artikel iwwer d’Welle vun der Muselemigratioun am 19. Joerhonnert erëm. A hirer Masteraarbecht ënnersicht d’Autorin d’Veräinsliewe vun de Lëtzebuerger Immigranten:innen an den USA. D’Caroline Resch schafft och als Historikerin un der Entwécklung vum Videospill „The Migrants’ Chronicles“ mat an ass Member vun der Lëtzebuerger Associatioun „Roots and Leaves“.

Le 6 octobre 2024, lors des Journées européennes du patrimoine 2024 placées sous le thème « Routes, réseaux et connexions », le Musée « A Possen » accueille une conférence présentée par Caroline Resch, historienne, qui explorera les vagues d’émigration du XIXe siècle qui ont conduit de nombreux Luxembourgeois et Luxembourgeoises, notamment de la région de la Moselle, à chercher une vie meilleure à l’étranger.

 

Face à des difficultés telles que les mauvaises récoltes, les famines, les impôts élevés et la pauvreté, de nombreux habitants ont quitté le Luxembourg pour l’Amérique du Sud et les États-Unis dès 1830. Caroline Resch se concentrera sur l’émigration de la vallée de la Moselle, particulièrement la région de la Moselle haute, notamment les communes de Wormeldange, Stadtbredimus, Bous, Remich et Schengen, marquées par une véritable épidémie d’émigration.

 

À travers une analyse minutieuse des archives et une approche micro-historique, l’historienne mettra en lumière les parcours et les vies de plusieurs familles émigrantes. Beaucoup de ces familles sont devenues des pionniers dans leurs nouvelles communautés américaines. Les liens forts avec leurs racines luxembourgeoises perdurent, illustrés par les mariages entre descendants de migrants, comme entre Nicolas Kieffer Jr. de Kleinmacher et Catharina Steinmetz d’Elvingen.

 

Pour tous ceux qui s’intéressent à l’histoire et aux biographies familiales, cette conférence représente une occasion unique de plonger dans les histoires de vie captivantes des émigrants luxembourgeois du XIXe siècle. Rejoignez-nous lors de cet événement et découvrez comment ces familles ont surmonté les défis et ont laissé leur empreinte dans les communautés américaines, tout en conservant leurs liens avec le Luxembourg.

 

Un verre de l’amitié clôturera les échanges.

 

Caroline Resch a obtenu un « Bachelor en Cultures Européennes – Histoire » à l’Université du Luxembourg en 2022 et prépare actuellement un Master en « European Contemporary History ». L’auteur souligne son intérêt particulier pour le sujet de l’immigration américaine dans son mémoire de Bachelor et son article qui portent sur la vague d’émigration des Mosellans au XIXe siècle. Dans le cadre de sa thèse de Master, l’auteur fait des recherches sur la vie associative des immigrants Luxembourgeois aux États-Unis. Parallèlement, Caroline Resch travaille sur le développement du jeu vidéo « The Migrants’ Chronicles » en tant que chercheuse historique et est membre de l’association Luxembourgeoise « Roots and Leaves ».

Sonndes, den 6. Oktober.

 

Um 15 Auer.

 

Op Lëtzebuergesch 

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn).

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].

 

Präis: Gratis Entrée

Dimanche le 6 octobre.

 

A 15h

 

En luxembourgeois

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte).

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected].

 

Prix : entrée gratuite