28. September – JEP 2024: «Op de Spuere vun der Miseler Wäiriewen a Transsylvanien »

Kommt an entdeckt dat kulturellt Ierwe wärend de Journées européennes du patrimoine 2024 unhand vun eisem intergenerationelle Workshop « Routes, réseaux et connexions – Op de Spuere vun der Miseler Wäiriewen a Transsylvanien »!

 

D’Associatioun RoKultur an de Musée « A Possen », bidden Iech a Zesummenaarbecht mat dem Musée Astra vu Sibiu d’Méiglechkeet mëttels der traditioneller Konscht vun der Steckerei an di faszinéierend Geschicht vun der Miseler Regioun a Rumänien anzedauchen. Dir kënnt d’Zäit zeréckdréinen an erfueren, wei d’Miseler Migranten:innen viru bal 800 Joer hier Wuerzelen an Transsylvanie geschloen hunn an dobäi net nëmmen hier Liewensweis, ma och hier wäertvoll Wäiriewe matgeholl hunn…

 

Begleet eis op dëser eenzegaarteger kultureller Aventure, op där rumänesch Steckerinnen, déi hei zu Lëtzebuerg liewen, hiert Kënnen mat Iech deelen. Aus enger Unzuel vu Motiven, bei deenen d’Wäiriewen an Drauwen am Vierdergrond stinn, wielt Dir Äert Motiv eraus a kreéiert sou Äert eegent Meeschterwierk! No dem Workshop kënnt Dir Äre Projet mat Heem huelen, fir en do fäerdeg ze stellen a soumat eng wäertvoll Erënnerung un dëst onvergiesslecht Erliefnis ze behalen.

 

Feiert mat eis d’Konscht, d’Kreativitéit an di kulturell Relatioune, déi eis iwwert Joerhonnerten ewech verbannen, an engem Workshop fir Grouss a Kleng (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) a gemittlecher an entspaanter Atmosphäre.

Venez explorer l’héritage culturel lors des Journées Européennes du Patrimoine 2024 avec notre atelier intergénérationnel « Routes, réseaux et connexions – Sur les traces des vignes mosellanes en Transsylvanie » !

 

L’association RoKultur et le Musée « A Possen », en partenariat avec le musée Astra de Sibiu, vous proposent de plonger dans l’histoire fascinante de la Moselle et de la Roumanie à travers l’art traditionnel de la broderie. Vous pourrez remonter le temps en découvrant comment, il y a près de 800 ans, les migrants de la Moselle ont implanté leurs racines en Transylvanie, emportant avec eux non seulement leur mode de vie mais aussi leurs précieuses vignes…

 

Rejoignez-nous dans cette aventure culturelle unique durant laquelle des brodeuses roumaines résidant au Luxembourg partageront leur savoir-faire avec vous. Vous choisirez votre propre motif de broderie parmi une sélection de motifs mettant en valeur la vigne et le raisin, et créez votre propre chef-d’œuvre ! Une fois l’atelier terminé, vous repartirez avec votre projet pour le continuer chez vous, gardant ainsi un précieux souvenir de cette expérience inoubliable.

 

Célébrez avec nous l’art, la créativité et les liens culturels qui nous unissent à travers les siècles, dans le cadre d’un atelier pour petits et grands (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte) et dans une ambiance chaleureuse et décontractée.

Samschdes, den 28. September.

 

Vu 10 bis 12.30 oder vu 14.30 bis 17.00

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn).

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].

 

Präis: Gratis. D’Plazen si limitéiert.

Samedi 28 septembre.

 

De 10h à 12h30 ou de 14h30 à 17h

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte).

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected].

 

Prix : Gratuit. Dans la limite des places disponibles.