12. Abrëll – Dik-Dik-Dak, gläich ass Ouschterdag!
D‘Ouschterfest réckt ëmmer méi no an do dierf déi eng oder aner Dekoratioun net feelen. Den 12. Abrëll invitéiert de Musée « A Possen » Kléng a Grouss op säin traditionellen Ouschteratelier, wou mat der Hëllef vun eiser Mediatrice Ouschterschmuck hiergestallt gëtt. Heifir ginn ausgeblosen Eeër mat Wuess dekoréiert a schliisslech mat Naturmaterialie gefierft, sou dass schéin Ornamenter entstinn, déi un den Ouschterstrauch gehaang oder awer an en Ouschternascht, wat am zweeten Deel vum Atelier aus Holz a Woll hiergestallt gëtt, geluecht kënne ginn. E gemittlechen Atelier an deem natierlech och e klengen Nomëttessnack um Orde du jour steet.
La fête de Pâques approche à grands pas, et certaines décorations ne doivent pas manquer. Le 12 avril, le Musée « A Possen » invite petits et grands à son atelier traditionnel de Pâques, où, avec l’aide de notre médiatrice, des décorations pour Pâques seront créées. À cette occasion, des œufs seront décorés à la cire, puis teints avec des matériaux naturels, de manière à créer de jolis ornements qui pourront être suspendus à l’arbre de Pâques ou placés dans un nid de Pâques, fabriqué dans la deuxième partie de l’atelier à partir de bois et de laine. Un atelier agréable où, bien entendu, une petite collation pour le goûter est également au programme.
Samschdes, den 12. Abrëll
Vu 14.00 bis 17.00 Auer
Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn)
Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected]
Präis: 1 Persoun: 25€; 2 Persounen: 30€; 3 Persounen: 35€; 4 Persounen: 40€; 4+ Persounen: Präis op Ufro.
Samedi 12 avril
De 14.00 à 17.00h
Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)
Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]
Prix : 1 personne: 25 euros; 2 personnes: 30 euros; 3 personnes: 35 euros; 4 personnes: 40 euros. Au-delà, veuillez nous contacter.