22. November – Schneiden, Falen, Pechen – Kreéier deng Pop-up-Kaart fir d’Adventszäit!

Den 22. November bitt de Musée « A Possen » en Atelier fir all Generatiounen un, wou jidderee seng eege Pop-up-Kaart ka gestalten. Rechtzäiteg fir d’Adventszäit gi mat Hëllef vu faarwegem Pabeier, Schéieren, Pech an enger Prise Fantasie wonnerschéin 3D-Kreatiounen zum Liewen erwächt. Eng fonkelnd Chrëschtszeen, e festleche Stär oder e schéine Chrëschtbeemchen? D’Participantë wielen hiert Liblingsmotiv a setzen et Schrëtt fir Schrëtt ëm. Beim Schneiden, Falen a Pechen entdecken si spilleresch verschidde Gestaltungstechniken a kënnen hir Kaart ganz nom eegene Goût personaliséieren. Dësen Atelier ass eng wonnerbar Geleeënheet, fir seng eege Kreativitéit auszedrécken an eng eenzegaarteg Kaart ze gestalten – entweder fir ze verschenken oder als Erënnerungsstéck selwer ze halen. Den Nomëtteg gëtt mat enger klenger Kaffispaus ofgeronnt.

Le 22 novembre, le musée « A Possen » propose un atelier intergénérationnel où chacun pourra concevoir sa propre carte pop-up. Juste à temps pour l’Avent, de magnifiques créations en 3D prendront vie grâce à du papier coloré, des ciseaux, de la colle et une touche de fantaisie. Scène de Noël scintillante, étoile festive ou sapin joyeux ? Les participants choisiront leur motif préféré et le réaliseront étape par étape. En découpant, pliant et collant, ils découvriront de manière ludique diverses techniques de création et personnaliseront leur carte à leur goût. Cet atelier est une belle occasion d’exprimer sa créativité tout en confectionnant une carte unique, à offrir ou à conserver précieusement. L’près-midi sera agrémenté d’un petit goûter.

Samschdes, den 22. November

 

Vu 14.00 bis 17.00 Auer 

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn)

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op info@musee-possen.lu

 

Präis: 1 Persoun: 25€; 2 Persounen: 35€; 3 Persounen: 45€; 4 Persounen: 55€; 4+ Persounen: Präis op Ufro.

Samedi 22 novembre

 

De 14.00 à 17.00h

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email info@musee-possen.lu

 

Prix : 1 personne: 25 euros; 2 personnes: 35 euros; 3 personnes: 45 euros; 4 personnes: 55 euros. Au-delà, veuillez nous contacter.