Chargement Évènements
11. & 18. Oktober – Loosst eis zesummen eng traditionell « Halette » bitzen!

Den 11. an 18. Oktober si Kleng  (vun 12 Joer u; Kanner musse vun engem Erwuessene begleet ginn a selwer un hirer Kreatioun schaffe kënnen) a Grouss häerzlech invitéiert, un engem intergenerationellen Atelier deelzehuelen, deen Austausch, Entdeckung a Kreativitéit vereent.

Wärend zwee Nomëtteger (vu 14:00 bis 17:00 Auer) léiere mir zesummen, wéi een eng « Halette » bitzt – eng traditionell Kappbedeckung, déi fréier gedroe gouf, fir sech géint d’Sonn ze schützen.

D’« Halette » ass liicht a praktesch, huet Kapp a Schëllere bedeckt, an ee gudde Schutz bei der Aarbecht am Freie gebueden. Gläichzäiteg huet si dat handwierklecht a kulturellt Wëssen erëmgespigelt, dat vu Generatioun zu Generatioun weidergi gouf. Dës Kappbedeckung ass typesch fir d’Sitten a Bräich vun der Muselregioun a gehéiert zur traditioneller Fraebekleedung.

Dëse kreativen Atelier ass eng flott Geleeënheet, fir Brécken tëschent de Generatiounen ze schloen an engem alen Handwierk nei Dynamik ze ginn. Egal ob Dir just ufänkt oder scho méi Erfarung matbréngt – dësen Atelier ass fir jiddereen op! Eis Mediatrice begleet Iech Schrëtt fir Schrëtt, a jidderee geet mat senger eegener Kreatioun Heem.

E klénge Maufel wäert dës zwee gemittlech Nomëtteger ofschléissen.

Le 11 et 18 octobre, petits (à partir de 12 ans ; les enfants doivent être accompagnés d’un adulte et doivent être capables de travailler sur leur propre création) et grands sont chaleureusement invités à participer à un atelier intergénérationnel mêlant partage, découverte et création.
Durant deux après-midi (de 14h à 17h), nous prendrons le temps d’apprendre ensemble à coudre une hâlette, une coiffe traditionnelle utilisée autrefois pour se protéger du soleil.
Légère et pratique, la hâlette couvrait la tête et les épaules, offrant une protection efficace lors des travaux en extérieur tout en reflétant le savoir-faire textile de nos anciens. Cette coiffe est caractéristique des us et coutumes mosellans, et de l’habit féminin traditionnel.
Ce moment convivial sera l’occasion de tisser des liens entre les générations, tout en redonnant vie à un geste du passé. Que vous soyez amateur ou couturier plus aguerri, cet atelier original est fait pour vous, et vous serez guidé par notre médiatrice. Chacun repartira avec sa création à la fin de l’atelier. L’histoire est vivante, et au cours de cet atelier, vous y participerez !
Un petit goûter complètera ces deux après-midis chaleureux !

Samschdes, den 11. an 18. Oktober

 

Vu 14.00 bis 17.00 Auer 

 

Fir jiddereen (vun 12 Joer u; Kanner musse vun engem Erwuessene begleet ginn a selwer un hirer Kreatioun schaffe kënnen)

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op info@musee-possen.lu

 

Präis pro Persoun fir béid Deeg: 60€

Samedi 11 et 18 octobre

 

De 14.00 à 17.00h

 

Pour tous (à partir de 12 ans ; les enfants doivent être accompagnés d’un adulte et doivent être capables de travailler sur leur propre création)

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email info@musee-possen.lu

 

Prix par personne pour les deux jours : 60€